Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du drénks all Dag Kaffi, mee wéi gutt weess du iwwert e Bescheed?
Money Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-a-cold-hearted-person/

Um Büro geet näischt ouni Kaffi. Ob To Go, Instant,

dating a foreign exchange student
Money Neiegkeeten

Geschichterees am Biodiversum Rëmerschen

Wa Sätz danze léieren, da ginn héchstwahrscheinlech spannend Geschichte geschriwwen

Lëtzebuerg vun EU-Kommissär fir gutt Moossname géint d‘Radikalisatioun gelueft
Money Neiegkeeten

Lëtzebuerg vun EU-Kommissär fir gutt Moossname géint d‘Radikalisatioun gelueft

Um Freideg huet de Vizepremier Etienne Schneider den EU-Kommissär Dimitris

money

Cargolux besteet Sécherheets-Audit

Cargolux besteet Sécherheets-Audit

Um Fluchhafen hunn se bei der Cargolux nees all Grond mat sech zefridden ze sinn. Och de sechsten Audit zur Sécherheet IOSA (IATA Operational Safety Audit) ass mat engem exzeptionelle Resultat ofgeschloss ginn.

De Programm IOSA ass international unerkannt a gëtt als Evaluatiounssystem akzeptéiert. Hei stinn den operationelle Management an d‘Kontrollsystemer vun enger Fluchgesellschaft am Mëttelpunkt. Während de fënnef Deeg déi et brauch den Audit ze erneieren, ass d‘Cargolux op ronn 900 Standardprozeduren gepréift ginn.

Fir sech heirop virzebereeden, huet en Team vun 20 Leit, aus alle betraffene Secteuren, e ganzt Joer zesummegeschafft. Dat besonnesch gutt Resultat wier och hinnen ze verdanken. Als IATA-Member huet d‘Cargolux (wéi all aner IATA Airline) en éischten Audit missen duerchlafe fir Member ze ginn. Duerno gëtt den Audit all zwee Joer (eng Aart technesch Kontroll) nei ugesat.

En Mesure déi virun allem der Fluchsécherheet entgéint kënnt an sech och op d‘Primme fir d‘Assurance néierschléit. Zudeem gëtt den Audit vu ville Autoritéiten am Beräich vun der Fligerei, wéi beispillsweis der FAA unerkannt.

Dat fantastescht Resultat ass d‘Ergebnis vun den Ustrengungen an der stänneger Bereetschaft vun de Cargolux-Mataarbechter sech den Ufuerderunge vum IOSA-Audit ze stellen“, esou de Graham Hurst, Cargolux Vizepresident „Quality & Compliance Monitoring“.

Seng Equippe, d‘IOSA-Coordinateuren an d‘IOSA-Vertrieder, mee och all déi wou den Audit direkt betraff huet oder déi bei der Virbereedung matgehollef hunn, alleguerten hunn se alles ginn. Deene gehéiert et dann och Merci gesot ze kréien. Dat exzeptionellt Resultat ass hire Verdéngscht.

Ähnlech Sujeten Audit, Cargolux, Graham Hurstm, IATA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel