Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen
online dating free chatting Neiegkeeten

online matchmaking india

Déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon ass dat, wat een gemengerhand

speed dating grimsby
online dating free chatting Neiegkeeten

Käerjeng: Beweegung am Dossier afrikanesch Schwéngspescht & Zonk

Wéi d’Gemeng Käerjeng matdeelt, huet sech de 26. Juni 2019

Editorial: E richtege Referendum eng falsch Wahl
online dating free chatting Neiegkeeten

Editorial: E richtege Referendum eng falsch Wahl

Eeler Leit déi hir Tréinen net kënnen zréckhalen, bluttverschmierte Familljepappen,

Cargolux: Budapest gëtt elo duebel sou oft ugesteiert!

Cargolux: Budapest gëtt elo duebel sou oft ugesteiert!

Déi wëchentlech Flicht vu Cargolux an déi ungaresch Haaptstad Budapest ginn elo vun dräi op sechs Verbindungen erweidert. Dobäi gëtt zum engen déi bestoend Route vun Hongkong iwwert Budapest op Lëtzebuerg, déi bis ewell dräi Mol bedéngt ginn ass, ëm eng Frequenz erweidert. Zum anere kommen zwee nei Flicht op der Route Zhengzhou – Budapest – Lëtzebuerg dobäi. Esou gëtt d’Offer vu Cargolux fir dës Regioun erhieflech gestäerkt.

De Fluchhafe Budapest entwéckelt sech rasant an zielt zu de wichtegste Loftfruechtdréikräizer an Zentral- a Südosteuropa. Scho säit 2002 dréit Cargolux zu dëser Entwécklung bäi. Wou deemools déi éischt Cargoen Flich op Budapest geplangt hunn, huet Cargolux nei Moossstief fir d’Branche gesat. Esou ass d’Basis fir eng steeteg wuessend, vertrauensvoll Zesummenaarbecht tëscht Fluchhafen a Cargolux, den haut iwwregens de gréissten Ubidder dohannen ass, geschaf ginn.

Den Domenico Ceci, Executive Vice President Sales & Marketing bei Cargolux erkläert, datt déi zousätzlech Verbindunge wirtschaftlech Virdeeler, souwuel fir de Fluchhafen, wéi och fir Cargolux bidden. „Et gëtt eng wuessend Nofro fir Fruechtkapassitéiten vun an op Budapest, sou wéi dem erweiderten Anzuchsgebitt. Als féierenden Ubidder um Standuert an dank eise gudde laangjärege Bezéiungen zum Fluchhafen si mir an der Lag, déi sech biddend Chance ze notzen an eis Offer deementspriechend auszebauen. Mir freeën eis op d’Fortsetzung vun der enker a fir béid Säiten erfollegräich Zesummenaarbecht mam Fluchhafe Budapest.“

© Cargolux

Och de President an Chief Executive Officer vun der Cargolux, den Richard Forson, weist sech immens houfreg a begréisst déi zousätzlech Flich: „Budapest huet sech als wichtegst europäesch Fruecht-Dréischeif etabléiert an hëlt an eisem Netzwierk weider u Bedeitung zou. Déi zousätzlech Frequenze versetze souwuel eis, wéi och de Budapest Airport an d’Lag, nei Marchéen ze erschléissen an zugläich déi féierend Roll am europäesche Loftfruechtmarché ze festegen.“

De Fluchhafen an der ungarescher Haaptstad ass duerch déi wuessend Offer immens zefridden: „Als eng vun de gréisste Fruechtfluchgesellschaften vun der Welt ass Cargolux fir vill Fluchhäfen ee begierte Partner. Dofir ass d’Kapassitéitenerweiderung um Fluchhafe Budapest fir eis ee weidere grousse Meilesteen an der erfollegräicher Entwécklung vun eisem Fruechtdréikräiz als zentrale Gateway op der Seidestrooss fir Zentral- a Südosteuropa“ ënnersträicht de Jost Lammers, Chief Executive Officer vum Budapest Airport.

Dobäi ergänzt de René Droese, Director Business Unit Property and Cargo vum Fluchhafe Budapest d’Erklärung folgendermoossen: „Déi nei Ubindung un Zhengzhou an den Ausbau vun der Hongkong-Frequenz stelle wichteg Erweiderunge vun eisem Netzwierk duer. Eise laangjärege

Partner Cargolux dréit mat de steigende Kapassitéiten entscheedend zu eiser positiver Entwécklung bäi. Zousätzlech heesche mir Cargolux och als neie Locataire an eisem BUD Cargo City, dee sech nach am Chantier befënnt, häerzlech wëllkomm!“

Cargolux Airlines International bitt eng immens Offer u moossgeschneiderten Transportléisungen a setzt dobäi op héichqualifizéiert an erfuere Mataarbechter, fir déi héich Fuerderunge vun de Clienten ze erfëllen. Weltwäit ass Cargolux als éischt Airline GDP-zertifizéiert ginn, an donieft och als éischt zum Lean & Green Carrier ernannt ginn. Béid Auszeechnungen ënnersträichen de besonneschen Engagement vun der Fluchgesellschaft, souwuel wat Service, wéi och Qualitéit ugeet.

Ähnlech Sujeten Budapest, Cargolux, Fluchhafen, Fruechtkapassitéiten, Zhengzhou
Nächsten Artikel Virrechten Artikel