Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spuenien: International Haftbefeeler géint katalanesch Dissidenten zréckgezunn
how many mobile dating apps are there

Spuenien: International Haftbefeeler géint katalanesch Dissidenten zréckgezunn

De spuenesche Riichter, deen sech mat der Enquête zur versichter

speed dating hh
how many mobile dating apps are there

billy and chelsea dating in the dark

Et war nach roueg um Mëttwoch de Moien zu Réimech

D‘CGFP an den OGBL sinn sech eens: d‘Regierung muss hir Verspriechen halen
how many mobile dating apps are there

D‘CGFP an den OGBL sinn sech eens: d‘Regierung muss hir Verspriechen halen

Wéi sech am Hiecht 2014 d‘Gewerkschaften eestëmmeg géint eng Weiderféierung

Cargolux zelebréiert honnertsten C-Check

Cargolux zelebréiert honnertsten C-Check

Mam honnertsten C-Check am Lëtzebuerger Maintenance Zenter, huet d‘Cargolux e weidert d‘Kapitel an der Firmegeschicht geschriwwen. Mee och fir d‘Land ass et eng Leeschtung déi sech weise léisst, an dem Standuert „Lëtzebuerg“ weltwäit Renommée abréngt.

Fir den C-Check vun der 747-400F waren 10.600 Aarbechtsstonnen noutwenneg. Eng „Revisioun“ bei där de Fliger op Häerz a Nieren iwwerpréift gëtt. Dobäi gouf de Fliger mat der Bezeechnung LX-FCL bal komplett zerluecht an nees zesummegebaut. Eng komplett an detailléiert Inspektioun vun der Fligerstruktur, an e grëndlechen Test vun alle Systemer ass heifir erfuerderlech.

Cargolux

Eng Gedenkplack zum 100. C-Check ass an der Maintenance-Hal ubruecht ginn. Si ass an éischter Linn ee grousse Merci un déi vill Mataarbechter déi d‘Häerz an d‘Séil vun der Cargolux duerstellen. E wierklech verdéngten Hommage an eng Wäertschätzung. © Martine de Lagardère/moien.lu

Eng extrem opwenneg Aarbecht, déi d‘Cargolux an der eegener Hal duerchgefouert huet. Am Maintenance Zenter, wou een zwou 747 niewenteneen erakritt, gëtt och de klengen A-Check an Eegeregie duerchgefouert. An datt d‘Cargolux eppes dovunner versteet, ënnersträicht och de groussen Interessi, deen aner Fligerfirmen un dësem Service hunn.

De „Cargolux Aircraft Maintenance Center“ gëllt dann och als ee vun de wichtegsten Zentre fir Fliger-Maintenance an Europa. De Grond läit op der Hand: „Eis héich qualifizéiert an engagéiert Mataarbechter, stelle sécher, datt eis Flotte um héchste Sécherheets- a Leeschtungsniveau operativ ass“, esou de CEO vun der Cargolux, Richard Forson.

E grousse wirtschaftleche Bäitrag

Dës wäertgeschätzten Aarbecht dréit dann och wesentlech zum wirtschaftlechen Erfolleg vun der Cargolux bäi. „Den C-Check ass de Beleg fir d‘Leeschtungsfäegkeet vun der Entreprise an de Beweis fir déi héich Akzeptanz um Maart“, betount den „Exekutive Vice-President Maintenance & Engineering“ Onno Pietersma.

Cargolux

D‘Maintenance-Equippe vun der Cargolux: Spezialisten déi fir d‘Sécherheet vun de Fliger astinn, an vill zur Renommée vun der Fluchgesellschaft bäidroen. An och si sinn „Lëtzebuerg“, oder wéi et neierdéngs heescht: „Lëtz make it happen“. © Martine de Lagardère/moien.lu

„Mir sinn houfreg op eis ganz Equippe, déi dofir suergt, datt eis 27 Fliger zu all Ament sécher Asazbereet sinn, an zum aneren och Opträg vu villen internationale Clienten héich professionell kënnen ëmgesat ginn“.

An de Service ass net nei. Zanter 2009 huet d‘Maintenance-Team vun der Cargolux 68 eege Fliger, an net manner wéi 32 Fliger vun anere Fluchgesellschaften engem C-Check ënnerzunn. 2017 si ganzer 13 esou wichteg „Revisiounen“ duerchgefouert ginn. Déi sinn alles anescht wéi Bëlleg, wat schonn eleng den Zäitopwand verdäitlecht.

Cargolux

Den honnertsten C-Check ass mat engem „grousse“ Kuch zelebréiert ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Datt de Standuert Lëtzebuerg och an der Fligerei esou ee grousse Stellewäert huet, ass och vum Nohaltegkeetsminister François Bausch begréisst ginn. Hien huet a senger kuerzer Ried d‘Cargolux-Management fir déi groussaarteg Gestioun felicitéiert, a besonnesch de Mataarbechter e grousse Luef ausgeschwat. Si gehéieren dann zum beschte wat Lëtzebuerg ze bidden huet.

Foto: Eng 747-400F – den „F“ steet fir „Frachter“ – deen och am Volleksmond „Jumbo“ genannt gëtt. Dëse Groussraumverkéiersfliger brauch richteg vill Plaz: Spanwäit (Breet) vu 64,4 Meter, enger Längt vu 70,6 Meter an eng Héicht vun 19,41 Meter, e Ris, an dat net nëmmen um Himmel. Deen op eisem Bild gewisene „Jumbo“ huet net déi gewinnte Cargolux-Faarwen, wat dorunner läit, datt een vun deenen ass deen d‘Fluchgesellschaft „on the hour“ gelount huet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten C-Check, Cargolux, François Bausch, Onno Pietersma, Richard Forson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel