Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell
Neiegkeeten

Lëtzebuerg geet am Amazon-Dossier an Appell

Ausser mam Brexit, huet ee sech zu Bréissel um EU-Sommet

Brexit: Briteschen Humor!
Neiegkeeten

Brexit: Briteschen Humor!

Et ass dem Donald Trump säi Favorit an hien huet

CAPE: Kulturgeschicht Lëtzebuerg
Neiegkeeten

CAPE: Kulturgeschicht Lëtzebuerg

Nodeems de CAPE an der vergaangener Saison an Zesummenaarbecht mat

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China

Wéi d‘Direktioun vun der Cargolux gëschter matgedeelt huet, gi zur Zäit manner Flich tëscht der Volleksrepublik China Lëtzebuerg operéiert. En direkten Zesummenhang mam Coronavirus huet dat awer elo nëmme bedéngt.

Zum engen ass esou, datt generell zum chineseschen Neijoer, d‘Frequenz vun de Frachtflich eppes zréck geet, well d‘Produktioun an de Fabricken iwwert d‘Congésdeeg zum erleie kënnt. D‘Flich sinn also net „suspendéiert“ gi wéinst enger sanitärer Gefor, mee an éischter Linn, well Peking decidéiert huet, d‘Congésperiod zu Neijoerschdag ze verlängeren, wat dann awer nees am direkten Zesummenhang mam Coronavirus 2019-nCov steet.

D‘Insel Taiwan ass vun dëse Restriktiounen net betraff an och Flich mat medezineschem Gerät a Material ass weiderhi méiglech. Zum aktuelle Stand: den nächste Fluch a Richtung Volleksrepublik ass fir den 11. Februar programméiert.

Foto: © Cargolux Intel Airlines S.A.

Ähnlech Sujeten 2019-nCoV, Cargolux, China, Coronavirus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel