Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Kim seng Atombomm
Money Stories

Dem Kim seng Atombomm

Nëmme wéineg Stonnen nodeems d’Vereenten Natiounen den Ofschoss vun enger

Police, Smartphone a Privatsphär: e kontestéierte Cocktail an den USA
Money Stories

Police, Smartphone a Privatsphär: e kontestéierte Cocktail an den USA

Wouhinner geet een, wien gesäit een, wat mécht een? D‘Äntwerten

Chantier op der A6 – et geet weider mat den Deviatiounen!
Money Stories

Chantier op der A6 – et geet weider mat den Deviatiounen!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Freides, den 17. Mee géint

money

D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo

D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo

Haut huet d‘Cargolux seng nei Fluchverbindung Lëtzebuerg-Tokyo ageweit. Vun elo un gëtt et eng fest Fluchverbindung, déi emol d‘Woch bedéngt gëtt. Méiglech gemaach huet dat eng Zesummenaarbecht mat der „Nippon Cargo Airlines“ (NCA).

D‘Boeing 747-8F vun der Cargolux ass dann och mat allen Éieren um Narita International Airport zu Tokyo gelant. Hei ass net nëmmen de Fliger begréisst ginn, mee et huet och ee ganz waarmen Empfang ginn, fir déi Responsabel vun der Cargolux. Am Kader vun de Festivitéiten huet de CEO vun der Cargolux, Richard Forson, betount wéi wichteg et fir d‘Cargolux ass, Japan am Netzwierk ze fleegen.

Japan huet bei eiser Frachtfluchgesellschaft schonn eigentlech ëmmer eng grouss Roll gespillt, an et ass verständlech, datt sech d‘Cargolux beméit sech besser um Maart ze presentéieren. A mat enger esou erfuerener Fluchgesellschaft wéi der Cargolux, kritt den Handelswee Japan-Europa eng weider Dimensioun.

E Partenariat fir d‘Zukunft

Mat zwee Frachtfliger d‘Woch tëscht Japan an Europa, déi vu Lëtzebuerg via Novosibirsk op Tokyo (an zréck) hunn sech d‘Partner Cargolux an NCA gutt opgestallt. Zudeem maachen se sech hei keng Konkurrenz, wat och dem Client eng gewësse Präissécherheet gëtt.

Zu Narita ginn iwwert d‘Joer 2 Milliounen Tonne Fracht ëmgeschloen. Dat entsprécht ronn der Hallschent vum gesamte Loftfrachtvolumë vu Japan. Iwwert de Loftwee ginn am Import bevirzucht Luxusautoen, Kommunikatiounsmaterial, pharmazeutesch Produkter an elektronesch Komponenten transportéiert. Exportéiert gi vill Wuere fir d‘Automobilindustrie, Hallefleeder, wëssenschaftlecht optescht Equipement.

Tokyo

Mat „Moien Narita“ huet d‘Cargolux de richtegen Toun getraff. © Cargolux Airlines Intl.

Säit 1985 flitt d‘Cargolux schonn an d‘Land wou d‘Sonn opgeet, an konnt sech duerch Qualitéit an Zouverlässegkeet bei der Clientèle eng gutt Renommée opbauen. Iert et am Oktober 2017 tëscht der Cargolux an NCA zu Verhandlunge komm ass, hate béid Gesellschaften op eng Verdéiwung vun der Zesummenaarbecht gebaut.

Mam Inauguratiounsfluch vun dësem Mëttwoch, ass also och d‘Partenariat tëscht Cargolux an Nippon Cargo Airlines offizialiséiert. E Partenariat allerdéngs, vun deem och e sëllechen aneren Acteuren um Findel dierfte profitéieren. Mat Japan a China kann een behaapten, datt sech Lëtzebuerg iwwert de Wirtschaftsfaktor Cargolux, gutt am asiatesche Raum etabléiert huet.

Foto: Groussen Empfang um Narita International Airport (Tokyo) fir d‘Vertrieder vun eiser Frachtfluchgesellschaft. Et war ee groussen Dag fir Cargolux, mee och groussen Dag fir säi Partner NCA. Béid Entreprisen halen den Handelswee um lafen. © Cargolux Airlines Intl.

Ähnlech Sujeten Cargolux, Japan, Loftfracht, Nippon Cargo Airlines
Nächsten Artikel Virrechten Artikel