Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter
Money Neiegkeeten

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter

Säit 1988 gëtt all Joer um 1. Dezember den internationalen

Bréissel a London verstännegen sech op en Accord fir eng Transitiounsperiod nom Brexit
Money Neiegkeeten

Bréissel a London verstännegen sech op en Accord fir eng Transitiounsperiod nom Brexit

D‘EU a Groussbritannien hunn e Méindeg eng grouss Hürd iwwerwonnen.

money
Munneref: den Treff vun de Numismatiker a Philatelisten
Money Neiegkeeten

Munneref: den Treff vun de Numismatiker a Philatelisten

Am Casino 2000 zu Munneref war ee Sonndeg nees de

money

„You name it, we fly it“ – D‘Cargolux am grénge Beräich

„You name it, we fly it“ – D‘Cargolux am grénge Beräich

Dem CEO vun der Cargolux, de Richard Forson konnt ee d‘Zefriddenheet Mëtt der Woch reegelrecht am Gesiicht ofliesen. A punkto „Letz Make It Happen“ huet eis Cargolux 2017 alles richteg gemaach, an och fir 2018 dierf ee ganz optimistesch Previsioune maachen.

Dobäi muss een dierfen erënneren, datt nach bei Joresufank, de Richard Forson net „ganz esou zouversiichtlech“ war. Kleng Ëmstrukturéierungen a wichteg Investissementer haten éischter op ee liichte Verloscht higewisen. Mee wéi et esou ass, als éischt kënnt et anescht, als zweet: wéi een denkt.

De Marché leeft gutt, wat net zu gudder Lescht dorunner läit, datt ëmmer méi online Kaf gëtt an och d‘Industrie verstäerkt op „in time“ Logistik wäert leet. Bedenkt een dann och nach, datt d‘Cargolux net eng vun, mee einfach déi beschten „cargo only“ Airline ass, da sollt ee sech eigentlech just nach wonnere firwat net och de „roude Léiw“ e fett Grinsen am Gesiicht huet.

Frachtvolumen no 2016 nach emol erhéicht

Mee eppes méi eescht. D‘Cargolux, déi eng éierlech a reell Visittekaart vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ass, dierft wann 2017 op en Enn gaangen ass, méi wéi 1 Millioun Tonne Fracht geflunn hunn. Dat entsprécht enger netto Frachtkapassitéit vu 25.000 Camionen. A wa mir eis net verhéiert hunn, sinn d‘Fliger esou och zu ¾ ausgelaascht. Och eppes,

D‘Lëtzebuerger sinn domatter de Leader am Frachtberäich. Auslaaschtung a Gewënn ass et wat een der Cargolux emol muss nomaachen. An nach eppes wou sech der vill dierften e Beispill huelen: de CEO weess ganz genee wien dat alles méiglech gemaach huet. Et sinn d‘Employéeën an d‘Aarbechter déi als grousse Famill de Stellewäert vun der Cargolux an der Welt sécheren.

A well dat net einfach mat engem „Merci“ iwwerflächlech betruecht gëtt, kritt dem Richard Forson seng „Equippe“ e riedlech verdéngten „Bonus“ ausbezuelt. Deen hätt zwar laut de festgeluechte Statuten eréischt sollen 2018 ausbezuelt ginn, mee do huet sech de „Chef“ duerchgesat an et gëtt da souzesoen eng „Avance“ geleescht.

Cargolux

© Martine de Lagardère/moien.lu

Intelligent wuessen

Well et d‘Aussiichte vum Marché, emol ganz ofgesi vun de Partenariater, zouloossen, denkt een um Findel och driwwer no weider Jumbo-Frachter unzeschafen. Net wierklech onmëttelbar, an dann och éischter Gebrauchter. Aktuell huet d‘Cargolux 13 Typ 747-400 an 14 Typ 747-8, déi dann och net all wäerten ersat ginn.

Et wëll ee mat beduecht ofwaarde wat déi nei erschlosse Mäert hierginn. Sécher Asien ass esouwäit stabil, an hei sinn och d‘Partnerschaften de Schlëssel zum Erfolleg. An Afrika wëll ee sech och méi Engagéieren, dofir ass awer eng politesch Stabilitéit noutwenneg. Bei Nordamerika denkt een aktuell net wierklech iwwert en Ausbau no, hei gëllt et d‘Maartundeeler ze halen.

Gewuess gëtt et beim Personal, an hei sinn et aktuell besonnesch d‘Piloten déi begiert sinn. Zu den 469 (Lëtzebuerg) an 100 (Italien) sollen der 2018 nach emol 60 insgesamt eng Ustellung bei der Cargolux fannen. De Richard Forson ass hei och zimlech zouversiichtlech, ugesicht de ville Faillitten am Secteur, déi Kapassitéite fräi setzen.

Cargolux, en Deel vum Ganzen

De Richard Forson dréit als CEO net nëmme Verantwortung fir seng „Leit“ an d‘Aktionäre, mee och fir déi sëlleche Leit déi onmëttelbar vun der Aktivitéit vun der Cargolux betraff sinn. Rieds ass vun den Awunner déi no um a ronderëm de Fluchhafe wunnen. Vun deene Leit ze erwaarden, datt se engem déi wirtschaftlech Entwécklung gënnen, bedeit och se ze respektéieren.

An de Respekt fänkt dann och ganz eendeiteg bei der Nuetsrou un. Huet et 2017 aus de verschiddenste Grënn 110 previsibel „take offs“ no 23 Auer ginn, esou sollen déi 2018 op 65 erofgesat ginn. Zudeem erhofft ee sech bei der Cargolux, datt mam uleeë vun der drëtter Start-/Landebunn hei nach emol un der „Schrauf ka gedréit ginn“.

Et muss een dann awer och Realist sinn, a sech agestoen, datt et net méiglech ass ze behaapten, et géif iergendwann keng „Nuetsflich“ méi ginn. Wien dat behaapt, kann och behaapten dat iergendwann d‘Zoch all pünktlech ukommen. Mee et ass natierlech richteg a wichteg, datt een „zesumme“ lieft an deen een wéi deen anere, muss Versteesdemech opbréngen. Openeen zougoen ass deen eenzeg richtege Wee…

Foto: (v.l.n.r.) Marc Straus, Richard Forson, Moa Sigurdardottir © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Cargolux, Findel, Loftfracht, Richard Forson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel