Search

You may also like

Trotz Covid19 halen d‘Britten un der Brexit-Roadmap fest
International Neiegkeeten

Trotz Covid19 halen d‘Britten un der Brexit-Roadmap fest

Déi sanitär Kris huet op der Insel esou zimlech all

“Mir sinn eis eens, datt mir eis net eens sinn.”
International Neiegkeeten

“Mir sinn eis eens, datt mir eis net eens sinn.”

Den 19. Mee 2020 waren de SPEBS an d’APCCA, no

Ankara ass vu sozialen Netzwierker net begeeschtert
International Neiegkeeten

Ankara ass vu sozialen Netzwierker net begeeschtert

De President vun der Tierkei, Recep Tayyip Erdogan, en ausgewisenen

Cargolux – keen Transport vu Schanke vu Léiwen!

Cargolux – keen Transport vu Schanke vu Léiwen!

Säit engem gudde Joerzéngt ass den Trafic un déierreschen Trophäe vu Jeeër drastesch geklommen. Aus dësem Grond gëtt d’Cargolux kloer ze verstoen, datt si dësen Trend net ënnerstëtzen a keng Schanke vu Léiwen transportéieren. Esou wëlle si des traureg Entwécklung drosselen an den Handel mat wëll liewenden Déieren miniméieren.

Mat dëser Moossnam stelle si eng vun den éischten Entreprisen duer, déi esou ee Verbuet aféieren. Och wa Cargolux ni mat esou enger Aart Fracht ëmgoe misst, ass et trotzdeem erschreckend, datt een ee Verbuet aféiere muss, fir d’Bewosstsinn zu dëser Thematik ze verstäerken an ethesch Operatiounen ze ënnerstëtzen.

De Richard Forson, President an CEO vun der Cargolux erkläert: „Cargolux setzt sech staark fir den Erhalt an d’Wuelergoe vun den Déieren an, eng Ursaach fir sech weiderhin an alle méigleche Weeër ze engagéieren. Wou mir bis opmierksam gi sinn iwwert dës Branche ass d’Decisioun schnell getraff ginn, den Transport vun esou enger Cargo an eisem Netzwierk ze verbidden. Et ass immens wichteg, datt all Acteur an der Industrie vum Transport seng Verantwortung géigeniwwer vun dem Trafic vu wëllen Déieren erkennt an all méiglech Mesuren trëfft, fir dës Branche ze eliminéieren.“

léiw

Och de Michele Pickover, Direkter vun EMS Foundation begréisst dës Positioun immens. Hie lueft d’Entscheedung vun der Cargolux fir esou aktiv an transparent ze handelen. Domat hu si sech kloer mam Ausstierwe vun den Aarte beschäftegt. Souwuel fir d’Léiwen a Südafrika, wéi och um ganze Kontinent ass dëst ee wichtege Schrëtt.

Laut dem Direkter ass et och eng positiv Decisioun, déi sécherlech och bei dëser grauenhafter Branche vun de Jeeër an Trophäe-Sammler ukomme wäert. Ënnert anerem ginn si esou och als gutt Beispill vir aner Cargo Airlines vir, an Zukunft méi ethesch Entscheedungen ze treffen. Villen Entreprisen ass d’Problematik mam Trafic vun afrikanesche Léiwen an asiateschen Tigeren nämlech nach ëmmer onbekannt.

Schanken a Kierperdeeler vu Léiwe glidderen sech domat an eng laang Lëscht vun der Cargolux an, déi d’Entreprise refuséiert an hirem Netzwierk ze transportéieren. Duerch d’Virschrëften am Transport vu Live Animal ass Cargolux Member vu verschiddenen Organisatiounen, wéi LAR, CITES, IPATA oder ATA. Donieft hu si och den United for Wildlife International Taskforce ënnerschriwwen, bei dem et ëm den illegalen Transport vu wëllen Déiere geet.

Och d’Redaktioun vu Moien! Begréisst dës Entscheedung an hofft, datt weider Airlines sech uschléisse wäerten, sou datt an Zukunft déi illegal Juegd vu wëllen Déieren een Enn fënnt.

Related topics Braconnage, Cargolux, Déiereschutz, Léiw, Transport, Verbuet
Next post Previous post