Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen
Neiegkeeten

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen

Wann een zréck op d‘Joer 2017 bléckt, wou mat 25

Mazedonien wëll an d’EU – a krempelt munches dofir ëm
Neiegkeeten

Mazedonien wëll an d’EU – a krempelt munches dofir ëm

No senger Aarbechtsvisite an Albanien, war den Ausseminister Jean Asselborn

Kommunalwahlen a Polen: d‘PiS-Partei staark am ländleche Raum
Neiegkeeten

Kommunalwahlen a Polen: d‘PiS-Partei staark am ländleche Raum

No de polnesche Kommunalwahle vum Sonndeg, gesäit et esou aus,

Cargolux: LX-VCJ ass no technesche Problemer sécher gelant

Cargolux: LX-VCJ ass no technesche Problemer sécher gelant

An hirem Communiqué, bestätegt d‘Cargolux datt den Fluch „CV7330“, ob der Streck vu Kuala Lumpur, Malaysia, ob Zhengzhou, China, fir eng Noutlandung nees huet missen ëmdréinen. Feier an Damp haten sech am Cockpit ausgebreet, an doropshin hunn d’Piloten en Noutruff ofgesat.

D’Crew huet d‘Entscheedung geholl, erëm zeréck op Kuala Lumpur ze fléien, wou se de Fliger sécher lande konnten. Hei haten d’Rettungsdéngschter d’Landepist virun der Landung fir all Fluchverkéier gespaart, an hunn op de Fliger a Nout gewaart. Et war eng ugespaante Situatioun.

Obwuel dës Sitautioun „net einfach“ war, konnt d‘Crew vun der Cargolux hire Fliger sécher op de Buedem bréngen, wou si vun de Pompjeeën erwaart goufen. Wéi de Fliger bis gestanen huet, ass d‘Crew evakuéiert ginn. Et konnt eis zudeem bestätegt ginn, datt kengem e Leed geschitt ass.

Bei esou Virfäll muss et zu enger Enquête kommen, an d‘Ursaache gekläert ginn. Déi zoustänneg Autoritéite kënnen sech hei op d‘Zesummenaarbecht mat der Cargolux verloossen. Si huet hei och en Interessi drunn, gewuer ze ginn, wéi oder duerch wat den Incident ausgeléist ginn ass.

Iwwert „Cargolux Airlines International“

D‘Cargolux huet hiren Haaptsëtz zu Lëtzebuerg, an ass hei an Europa déi féierend „All Cargo Airline“, mat engem modernen an effiziente Fligerbestand, den sech aus 14 Boeing 747-8 Frachter an 16 Boeing 747-400 Frachter zesummesetzt.

Present ass d‘Cargolux mat iwwer 85 Büroen, a méi ewéi 50 Länner an agéiert ëmfaassend. Iwwert dee sougenannten „roadfeeder-service“ bitt d‘Firma Zouliwwerdéngschter fir 250 Destinatiounen un. Méiglech sinn och partiell oder voll Charter Servicer.

Nieft dem rengen Transport, bitt d‘Cargolux och héichwäerteg an unerkannt Entretiensaarbechten un Fligeren un. E Service dee gäre genotzt huet, an och zur gudder Renommée vun dëser Lëtzebuerger Entreprise bäidréit. Hir laangjäreg Erfarung am Ëmgang mat de B747-Modeller, ass exemplaresch.

Foto: De Fliger: LX-VCJ City of Zhengzhou, bei deem et zu engem Tëschefall komm ass. Heibäi gouf et zum Gléck méi Angscht wéi Schued, an kengem vun der Crew ass e Leed geschitt. © Cargolux Airlines International

Ähnlech Sujeten Cargolux, Kuala Lumpur, LC-VCJ, Noutlandung, Zhengzhou
Nächsten Artikel Virrechten Artikel