Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rapport Waringo: Premierminister a Monarch op enger Linn
Neiegkeeten

Rapport Waringo: Premierminister a Monarch op enger Linn

Wann ee bedenkt wat dës „Affär“ fir Stëbs opgewierbelt huet

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus
Neiegkeeten

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus

Nom ergräifende Begriefnis vum 4. Mee ass de Sarg vu

Op der Sich no Chrëschtbeemercher
Neiegkeeten

Op der Sich no Chrëschtbeemercher

Fir déi wanterlesch Zäit sicht de Service Parcs elo schonn

Cargolux ënnerstëtzt de Grëff no de Stären

Cargolux ënnerstëtzt de Grëff no de Stären

E Lëtzebuerger Mikrosatellit gouf zu Kourou op franséisch Guyana ofgesat a soll deemnächst seng Rees an de Weltraum untrieden, heescht et am Communiqué vun der am Frachtberäich beschtens renomméierter Lëtzebuerger Fluchgesellschaft Cargolux.

Bei dësem vun der Lëtzebuerger Entreprise „LuxSpace“ (eng Duechter vum däitsche Grupp OHB SE) gebaute Mikrosatellit handelt sech ëm den „ESAIL“. De CEO vun der Cargolux, Richard Forson huet aus seng er Freed iwwer dësen Transport keen Heel gemaach. „D‘Cargolux ass frou ee flëssegen a séieren Transport fir de Mikrosatellit ESAIL realiséiert ze hunn“, esou d‘Ausso.

A si dierfen och eppes houfreg sinn, eng Roll an dësem wichtegen Europäesche Projet gespillt ze hunn. Si, wéi natierlech an éischter Linn LuxSpace/OHB SE kënnen et elo kaum erwaarden, datt de Satellit erfollegräich senger Endbestëmmung zougefouert gëtt. An natierlech war et wichteg, datt eng zu Lëtzebuerg néiergeloosse Frachtfluchgesellschaft, dësen Transportoptrag iwwerholl huet.

Wann alles no Plang verleeft, datt de Mikrosatellit ESAIL Enn Mäerz an de Weltraum geschoss. Dee soll mat enger Rakéit vum Typ VEGA vun Arianeespace an den niddregen terrestreschen Orbit bruecht ginn (ronn 500 Kilometer iwwert eise Käpp). Bis et awer esouwäit ass, muss de Satellit nach deen een oder aneren Test iwwert sech ergoe loossen. Kascht jo och richteg Geld esou eppes.

Den ESAIL soll der Konstellatioun „AIS“, engem Satellit vun der kanadescher Entreprise „ExactEarth“ integréiert ginn. Dës Entreprise ass spezialiséiert op d‘Observatioun vun der Schëffer déi op de Weltmierer ënnerwee sinn. Dank der Technologie aus Lëtzebuerg, soll dëse Service nach eppes weider entwéckelt an nach méi performant ginn. Elo muss en nach just do uewen ukommen.

Illustratioun: © ESA

Ähnlech Sujeten Arianeespace, Cargolux, ESA, Kourou, LuxSpace, Mikrosatellit, OHB SE
Nächsten Artikel Virrechten Artikel