Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen
Money Neiegkeeten

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen

Um haidege Mëttwoch huet Japan säin Ausstig aus der internationaler

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser
Money Neiegkeeten

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser

Um internationalen Dag vun de Strummerte starten Doktere vun der

Europa: Méi Majoritéit woen an der Steierpolitik
Money Neiegkeeten

Europa: Méi Majoritéit woen an der Steierpolitik

Déi europäesch Kommissioun huet de vergaangenen Dënschdeg e Virschlag virgeluecht,

money

Cargolux: Eng Fluchgesellschaft gënnt sech e neit Kleed

Cargolux: Eng Fluchgesellschaft gënnt sech e neit Kleed

Fir d‘Cargolux an Lux-Airport schreift sech den 10. August a béid Firmegeschichtsbicher an. Et ass den Dag, wou se déi aktiv Phas vum Bau vum neien Haaptquartéier agelaut hunn. En Dag och, op deen déi ronn 1.400 Mataarbechter zu Lëtzebuerg den Erfolleg vun hirer Aarbecht ze gräife kréien.

Um Gebitt vun der Gemeng Sandweiler, steet dann den neie Sëtz vun der Cargolux onmëttelbar nieft dem „Maintenance-Hangar“. Mat deem ass d‘Haaptquartéier iwwert eng gliese Bréck verbonnen. D‘Gebai selwer sollt dem administrative Personal vill Plaz bidden an u genuch Parkplazen ass och geduecht ginn.

Clever geplangt, kënnt am neien Haaptquartéier, och d‘Schoul oder wéi een an der Branche seet den „Training“ ënner Dach. D‘Fligerpersonal kann hei all erdenklech Situatiounen op den zwee 747 Fluchsimulatoren astudéieren. E Virdeel a grousse Bäitrag zur Sécherheet. Vir Verantwortung ze iwwerhuelen, muss ee vir unzefänke verantwortlech handelen.

Zesummeféiere wat zesumme gehéiert

Nach ëmmer ass d‘administratiivt Personal wäit verspreet. Dat bedeit trotz moderner Kommunikatioun heiansdo laang Weeër. Mam neie Gebai kritt déi ganz Famill een Ënnerdaach. Dat vereinfacht d‘Interaktioun tëscht de verschiddenen Departementer. Den Aarbechtskolleg (oder d‘Kollegin) ass dann net nëmme méi eng Stëmm um Telefon, e kritt ee Gesiicht, et gëtt ee Mënsch.

Dat et sech an enger schéiner Ëmgéigend besser liewen a schaffe léisst ass kee Geheimnis. Ee vun de Grënn firwat och déi architektonesch Gestaltung vum neie Cargolux-Haaptquartéier gewollt modern bei maximaler Effizienz ausgefall ass. Als grousse Plus dierf een dann och d‘Iwwerleeung gesinn, d‘Raimlechkeeten, an deenen d‘Simulatore stinn, mat gliese Wänn auszestatten.

D‘Cargolux kritt d‘Schlësselen, Lux-Airport de Loyer

Gebaut gëtt den neie Cargolux-Haaptquartéier vu Lux-Airport, deenen d‘Maueren dann och gehéieren. Fir sécher ze stellen, datt de Locataire zouversiichtlech seng weider wirtschaftlech Entwécklung ka plangen, ass ee Laangzäit-Leasing ofgeschloss ginn.

Mam Bau gëtt nach virun Enn dës Joers ugefaangen. 2020 sollt d‘Cargolux dann eraplënneren. Vill Versteesdemech fir d‘Ongedold vum President a CEO vun der Cargolux, dem Richard Forson dierf een hunn: „Ech sinn terribel opgereegt endlech mat dësem Projet virunzekommen (…) mat deem neie Gebai kënne mer endlech déi ganz Cargolux-Famill op eisem Heemechtsfluchhafen zesummeféieren“.

De Stellewäert vun der Cargolux ass och dem Johan Vanneste, CEO vu Lux-Airport bekannt: „Mir wäerten dofir suergen, datt d‘Cargolux en Heem um Fluchhafe Lëtzebuerg kritt, datt sengem Rang entsprécht. Eng Zentraliséiert an effizient „Location“ déi der Zukunft an Entwécklung vun enger renomméierter Cargo-Airline gerecht ass“.

Images: Courtesy by Lux-Airport

Ähnlech Sujeten Cargolus, Lëtzebuerg, Lux-Airport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel