Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stockcar: „Crazy Dog“ Pilot Alex Antony éiert d‘Veräinsfaarwen
Neiegkeeten

Stockcar: „Crazy Dog“ Pilot Alex Antony éiert d‘Veräinsfaarwen

E Sonndeg ass zu Alzeng schonn déi virlescht Manche vun

money
Stroumpräisser klammen
Neiegkeeten

Stroumpräisser klammen

Ëmmer wann ee mengt et géif een e puer Cent

Chrëschtbeemchen: Brennt e schonn oder hues de nach keen?
Neiegkeeten

Chrëschtbeemchen: Brennt e schonn oder hues de nach keen?

Mer hunn den éischten Dezember, den éischte Schnéi huet d‘Landschaft

Cargolux: Wann‘s de op der Sonnesäit vum Liewe stees

Konsequent profitabel well den Zesummenhalt am Betrib groussgeschriwwe gëtt

Cargolux: Wann‘s de op der Sonnesäit vum Liewe stees

Zanter enger Rei Joren, ka sech d‘Direktioun an de Verwaltungsrot vun der Cargolux iwwert gutt bis exzellent Resultater erfreeën. A bei der Virstellung vun de Geschäftsresultater 2018, konnten de Richard Forson (CEO), Paul Helminger (President vum Verwaltungsrot) an de Maxim Straus (CFO) dann och nees e Rekord bekannt ginn. Zudeem bleift d‘Cargolux eng Referenz an der Loftfracht.

Cargolux

De Paul Helminger huet dat gutt Resultat vun der Cargolux begréisst, besonnesch well et de Mataarbechter kollektiv gelongen ass, sech den Erausfuerderungen entgéintzestellen. Wei een um Resultat ka gesinn, ass hinnen dat ganz erfollegräich gelongen. © Martine de Lagardère/moien.lu

De konsolidéierten netto Profit no Steiere vun der Cargolux beleeft sech fir d‘Joer 2018 op 211,2 Milliounen US-Dollar. E Benefice deen zustane komm ass, grad oder obwuel, d‘Entreprise sech beméit huet senger wirtschaftlecher, sozialer an ëmwelttechnescher Verantwortung gerecht ze ginn. Net ze vergiessen, datt d‘Geschäft (Loftfracht) am gläichen Zäitraum eppes réckleefeg war.

Mat enger Auslaaschtung (iwwer dat ganzt Joer) vu ronn 68% steet d‘Cargolux iwwert dem globale Mëttelwäert, wat eng ganz Verwäertung vun de „Ressourcen“ ënnersträicht. An eigentlech dierft et esou weider goen. Mee de Richard Forson weist drop hin, datt et vill Gefore gëtt, deenen een ouni eegent Verschëlden ausgesat ass. Esou de Brexit an den Handelskrich tëscht den USA a China.

Cargolux

D‘Cargolux huet exzellent finanziell Resultater fir 2018 Opweises, an dat obwuel et am Beräich vun der Loftfracht, an de zweeter Hallschent vum Joer eppes méi roueg Zougaangen ass. Eis Mataarbechter hunn op e neits bewisen, datt haart Aarbecht, Loyalitéit a Professionalitéit zum Erfolleg vun der Entreprise bäigedroen hunn, esou de Richard Forson, CEO vun der Cargolux. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et ass een, an d‘Zuele berechtegen dat och, ganz mat sech zefridden an et gëtt zouversiichtlech no vir gekuckt. Vill nei Strecken hunn sech opgemaach oder si verstäerkt ginn, d‘Kooperatiounen droen hir Friichten, an och wat déi weider „Déngschtleeschtungen“ vu der Cargolux betrëfft geet et gutt virun. Esou beispillsweis bei der „Maintenance“ an/oder der Formatioun vun de Piloten.

Hale mir nach fest, datt de bau vum neien „Etat-Major“ zu Sandweiler/Contern gutt virukënnt an 2020 am Summer scho kéint geplënnert ginn. Aktuell Schaffe weltwäit 2.136 Leit fir d‘Cargolux (dovunner 1.531 zu Lëtzebuerg). Den Ament stécht d‘Direktioun och mat de Gewerkschaften am Clinch wéinst dem neie Kollektivvertrag, an et huet missen de Mediateur ageschalt ginn.

Cargolux

„Et ass eis gelongen de Präis fir den Transport ëm 8 Cent de Kilo unzehiewen, wat de Gewënn ëm 80 Milliounen US-Dollar gehuewen“, freet sech de Finanzdirekter vun der Cargolux, Maxim Straus. © Martine de Lagardère/moien.lu

Laut dem Michelle Cloos vum OGBL schéngt et awer elo, wou sech de President Richard Forson mat un de Verhandlungsdësch gesat huet, an déi richteg Richtung ze bewegen. De CEO vun der Cargolux differenzéiert dat. Esou wier ee bei ville klengen Detailer gutt virukomm, leider hält sech den Dissens bei de grousse Linnen, woubäi och dës Hürden am Dialog iwwerwonne kënne ginn.

Foto: (v.l.n.r.) Richard Forson, CEO (Chief Executive Officer); Paul Helminger, President vum Verwaltungsrot; Maxim Straus, CFO (Chief Financial Officer a Vicepresident). © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Cargolux, Joreszuelen 2018, Maxim Straus, Paul Helminger, Richard Forson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel