D‘ULC fuerdert absolut Transparenz vun de Pensiounspräisser an den Alters- a Fleegeheimer
Opgrond enger parlamentarescher Ufro betreffend d‘Transparenz vun den Tariffer an
Opgrond enger parlamentarescher Ufro betreffend d‘Transparenz vun den Tariffer an
Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:
No der ëffentlecher Unhéierung vum 21. Juni, am Bezuch op
Déi wëchentlech Verbindung gehéiert zu enger ausgedeenter Route duerch Süd-Amerika, woubäi nach 4 weider Destinatiounen an dësem Beräich abezu sinn. De Fluch geet vu Lëtzebuerg op Viracopos, weider op Santiago de Chile, Quito, Bogota an Aguadilla ier de Fliger iwwert Amsterdam nees zeréck op Lëtzebuerg kënnt.
Immens frou iwwert dës Entwécklung ass de Pier Curci, amerikanesche Vize-President vu Cargolux. „D’Ergänzung vu Santiago an eis Netzwierk stäerkt weider d’Positioun vu Cargolux als opbléiende Spiller um Süd-amerikanesche Marché- Et ass och een Testament fir d’Wichtegkeet vun der Regioun op de globalen Handelsstroosse, besonnesch wann et ëm liicht verdierflech Wuer wéi Friichten a Blumme geet.“
© Cargolux Airlines
Mate de Joren ass Santiago zur Schnëttstell fir europäesch Produite ginn, déi fir de Latäin-amerikanesche Maart geduecht sinn. Hei gëtt nämlech besonnesch stabilt an empfindlecht Material, sou wéi héich spezialiséiert Gidder, wéi beispillsweis Maschinnen, Konstruktiounsmaterial, Pharma an Elektronik gefrot.
D’Entscheedung, Santiago nees opzehuelen erméiglecht et der Airline, ee breede Service an der Regioun unzebidden. Um Plang sti reegelméisseg Verbindungen tëscht Süd-Amerika an Europa, mat direkte Verbindungen op Amsterdam a Lëtzebuerg, sou wéi och Camionsservicer zu weideren europäeschen Destinatiounen.
Opmaacherfoto: © Cargolux Airlines