Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!
good headline dating profile

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!

Sief et Tennis, Fussball oder Tour de France: Sport interesséiert

hook up in kaduna
good headline dating profile

OGBL: 40 Joer jonk an keng Unzeeche vu Midlifecrisis

Et war richteg eng lass, gëschter Owend an der „Maison

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt
good headline dating profile

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt

De Ryszard Czarnecki, polneschen nationalkonservativen a schwéierst ëmstriddene Vizepresident vum

D‘Cargolux verbitt sech den Transport vu Juegdtrophäen

D‘Cargolux verbitt sech den Transport vu Juegdtrophäen

Datt d‘Cargolux net nëmmen e wichtege Wirtschaftsacteur zu Lëtzebuerg ass, deen op der ganzer Welt geschätzt a respektéiert gëtt, datt ass gewosst. Datt esou en Acteur och duerchaus an der Lag ass Verantwortung ze iwwerhuelen, gëtt gären iwwersinn. Et muss een dann heiansdo drop hiweisen datt deem awer esou ass.

Esou huet d‘Cargolux SA um Dënschdeg d‘Entscheedung geholl, mat „Effet immédiat“ den Transport vu Juegdtrophäen an hire Fliger ze verbidden. Si schléisst sech mat dëser Decisioun enger ëmmer méi grousser Lëscht vu Fluchgesellschaften un, déi sech weigeren esou eng „Wuer“ ze befërderen. Dat ass lueflech, richteg a leider eng Noutwennegkeet.

„Dës Praxis entsprécht net den etheschen Engagementer vun eiser Gesellschaft, a mir kënnen dann och esou Wueren net méi unhuelen. D‘Cargolux huet sech opgedroen e Modell vun Nohaltegkeet ze sinn, wat aschléisst, datt de Naturschutz an d‘Protektioun vun den natierleche Ressourcen och fir eis eng Prioritéit muss sinn“, erkläert de CEO vun der Cargolux, Richard Forson.

Cargolux engagéiert sech fir d‘Kausa vun den Déieren, an seng „Transportpolitik“ am Bezuch op lieweg Déieren definéiert sech am Respekt vun den IATA-Reguléierungen. Selbstverständlech, gëtt och d‘Konventioun zum internationalen Handel vu bedreeten Aarten (CITES) a vollem Ëmfang agehalen. Datt ass ee wuel der Mënschheet, mee besonnesch den eegene Mataarbechter schëlleg.

Foto: © Viktor Laszlo/Cargolux Airlines Intl. SA

Ähnlech Sujeten Cargolux, Déiereschutz, IATA, Juegdtrophäen, Naturschutz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel