Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eurobarometer: Sinn d’Europäer zefridde mam Zoustand vun der EU?
https://moien.lu/free-vegan-dating/

Eurobarometer: Sinn d’Europäer zefridde mam Zoustand vun der EU?

Eng aktuell Eurobarometer-Ëmfro, déi um Méindeg verëffentlecht ginn ass weist

best latina dating apps
https://moien.lu/free-vegan-dating/

https://moien.lu/speed-dating-cognac/

Den Dossier ëm déi ominéis Datebank vun der Police, déi

678. Schueberfouer: Offiziell Ouverture am Zeeche vun der Traditioun
https://moien.lu/free-vegan-dating/

678. Schueberfouer: Offiziell Ouverture am Zeeche vun der Traditioun

Vill Gedrécks a wéineg ze gesinn, dat ass den éischten

Cargolux transportéiert 230 Tonne Konschtwierker op Baseler Konschtfoire

Cargolux transportéiert 230 Tonne Konschtwierker op Baseler Konschtfoire

D’Cargolux huet dëst Joer 230 Tonnen u Konschtwierker aus den USA an d’Schwäiz op déi renomméiert Konschtfoire Art Basel Fair transportéiert. Déi onschätzbar Gidder, op impressionnanten 104 Palette gesat, sinn iwwer 8 Flich transportéiert ginn. Dëst vun 3 Plazen aus Los Angeles a 5 aus New York. Zu Lëtzebuerg ukomm ass déi wäertvoll Fracht op 31 Camionen fir de leschten Deel vun der Rees ëmgeluede ginn. Zesumme mat de Partner Masterpiece, Dietl an Hasenkamp ass d’Liwwerung koordinéiert ginn.

Den Transport ass reiwungslos iwwer d’Bühn gelaf an all d’Bedeelegter weise sech immens zefridde mam Resultat. Dozou erkläert de Christian Theis, Global Product Manager bei Cargolux: “Mir sinn houfreg, fir dëse wichtegen an onschätzbaren Transport kontaktéiert ginn ze sinn. Cargolux huet eng uerdentlech Erfarung wann et ëm empfindlech Fracht geet. Doriwwer hinaus géif een an der Industrie fir dës Servicer geschat ginn. Ufroe fir sou sensibelt Material ze transportéieren ënnermaueren dat grousst Vertrauen, wat eis Clienten an eis hunn.”

Déi beispilllos Zesummenaarbecht tëscht Cargolux a senge Partner hu staark zum Succès vun dëser Aufgab bäigedroen. Wéi den Jordan Starr-Bochicchio, Manager bei Art Fair Services at Masterpiece International betount: “Mir si glécklech doriwwer, all déi néideg Opmierksamkeet, déi fir d’Ausféierung vun dësem grousse Projet benéidegt ginn ass, och kritt ze hunn. Et war kloer, datt Cargolux dëst immens eescht geholl an déi néideg Ressourcen souwéi déi néideg Zäit dofir opgedriwwen huet, fir datt alles wéi geplangt oflafe soll. Mir freeën eis iwwert déi nächst Geleeënheet, fir mat ärer Equipe un esou engem grousse Projet schaffen ze kënnen.”

Dës Meenung vertrieden och d’Allison Fulgieri (Art Fair Services Manager Dietl International), dat seet, datt et e Pleséier war zesumme mat der ganzer Cargolux-Equipe zesummen ze schaffen, souwéi den Dr. Thomas Schneider vun der Hasenkamp’s Fine Art Divison. Dozou seet hien: “Hasenkamp ass stolz drop, mat Cargolux en zouverlässege Partner am Transport vu Konschtwierker op Basel fonnt ze hunn. Mir freeën eis, d’Zesummenaarbecht an Zukunft ze verdéiwen.”

Cargolux huet eng Rëtsch ugepasste Portfolioen a Programmen fir sou Geleeënheeten ausgeschafft. Beim Transport hunn eng Rei Saache wéi Temperatur, sécher Handhabung oder och geséchert Lagerraim berécksiichtegt ginn. Gutt trainéiert Equippen hunn doriwwer hinaus drop geuecht, datt d’Noweisbarkeet wärend dem ganzen Transportprozess garantéiert war.

D’Konschtwierker wäerten op der Baseler Konschtfoire eng Woch laang ausgestallt ginn. Si gehéieren iwwer 4.000 verschidden Artisten op der ganzer Welt. International Konschtgalerien léinen dem Event och Wierker, wat iwwer 90.000 Besicher op déi lescht Editioun gelackelt huet.

Matgedeelt vun der Cargolux, fräi aus dem Engleschen iwwersat vum Melvin Hatto.

Opmaacherfoto: © Cargolux

Ähnlech Sujeten Art Basel Fair, Cargolux, Konscht, Transport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel