Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut
best dating site.com https://moien.lu/dating-gatherings/

https://moien.lu/kenya-top-dating-sites/

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet

https://moien.lu/velachery-dating-sites/
best dating site.com https://moien.lu/dating-gatherings/

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng

Fir de Site zu Diddeleng wäert eng beonrouegend Episod ufänken.

Oppositiounspolitiker gewënnt d‘Wahlen zu Istanbul
best dating site.com https://moien.lu/dating-gatherings/

Oppositiounspolitiker gewënnt d‘Wahlen zu Istanbul

Si hunn sech et esou gewënscht a sollen et och

money

D‘Cargolux verdéift seng Relatioune mat chinesesche Banken

D‘Cargolux verdéift seng Relatioune mat chinesesche Banken

Am Kader vun enger Wirtschaftsmissioun déi vum Minister Pierre Gramegna geleet a vu „Luxembourg for Finance“ organiséiert ginn ass, huet d‘Cargolux seng gutt Relatioune a China kënne verdéiwen.

Et ass dann och ze begréissen, datt d‘Cargolux am grousse ganze mat senge chinesesche Partner zolidd a enk Verbindungen huet, datt och oder grad well d‘HCNA (Henan Civil Aviation and Investement Co.Ltd.) zanter 2014 als Aktionär un der éischter europäescher Frachtfluchgesellschaft bedeelegt ass.

Déi gutt Relatioune sinn eng éischte Kéier verdéift ginn, wéi de Premierminister Xavier Bettel zesumme mam Infrastrukturminister François Bausch an dem Finanzminister Pierre Gramegna bei der Staatsvisite mam President vun der Volleksrepublik China, Xi Jinpinhg an dem Premier vum Staatsrot, Li Keqiang en Handelsaccord getraff hunn.

Bei dësem Accord stoung de Lancement vun der Zesummenaarbecht (joint venture) tëscht der Cargolux an Henan Cargo Airlines am Mëttelpunkt. Déi Entrevuen ënnersträichen déi déif a fir béid Säite profitabel Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a China, mee och tëscht der Cargolux an de chinesesche Finanzinstitutiounen. Zudeem beweist et e groussen Interêt an d‘Ënnerstëtzung vun der Fluchgesellschaft un der Entwécklung vun der Initiativ fir d‘chinesesch Loft-Seidestrooss (Air Silk Road).

Laangjäreg Erfarung

Bei der Missioun vum leschte Freideg 29. September, war d‘Cargolux vertrueden duerch säi President an CEO Richard Forson an de Exekutiv Vizepresident an CFO Maxim Straus. D‘Konferenz zu Peking war dann och eng ganz gutt Geleeënheet fir der chinesescher Exekutive déi um Weltmaart féierend Frachtfluchgesellschaft virzestellen.

„Mir begréissen dëse grousse Moment deen eis hëlleft d‘Zesummenaarbecht tëscht de chineseschen a lëtzebuergeschen Entreprisen ze vereinfachen“, esou de Richard Forson. „D‘Cargolux erfreet sech enger laanger Presenz a Geschicht um chinesesche Maart an huet vill Erfarung an der Partnerschaft mat wichtege chineseschen Entreprisen“.

Als éischte Schratt steet d‘Zesummenaarbecht tëscht der Cargolux an d ICBC.

Als de Leader am Beräich vun der Loftfracht, huet d‘Cargolux dann och vun der Konferenz zu Peking dierfe profitéieren. Et ass e staarkt Fundament fir de Wuesstem an déi strategesch Zesummenaarbecht geluecht ginn. Heizou zielt och oder vläicht besonnesch d‘Méiglechkeet vun enger Kreditopnam bei: der Bank of China, der China Construction Bank an der China Merchant Bank (Leasing). Eng Relatioun déi derzou soll bäidroen, datt de Frachtverkéier gefërdert a verstäerkt ka ginn.

Als éischte Schratt steet d‘Zesummenaarbecht tëscht der Cargolux an d ICBC. Hei konnt a Presenz vum Minister Pierre Gramegna en Ofkommes ënnerschriwwe ginn, deen de Kader fir déi zukünfteg strategesch Zesummenaarbecht festleet. Eng Partnerschaft déi eng vun de féierende Frachtfluchgesellschafte mat der gréisste Bank op der Welt wirtschaftlech vereent.

Finanziell op zolittem Grond

„D‘Zesummenaarbecht mat der ICBC ass e Garant fir ons Zukunft“, esou de Maxim Straus. „Et ënnersträicht d‘Engagement dat mir géintiwwer eiser Expansioun a China, der Zesummenaarbecht mat HCNA an dem Erfolleg mat Henan Cargo Airlines agaange sinn“.

„D‘ICBC leet grousse Wäert op déi finanziell Innovatioun an d‘Ënnerstëtzung fir d‘Zesummenaarbecht ënnert dem ‚one belt one road‘ Kader, esou wéi dat bei der ‚air silk road“ Kooperatioun tëscht China a Lëtzebuerg virgesinn ass“, betount de Chen Fei, Generalmanager vum Departement ICBC Lëtzebuerg.

„D‘ICBC huet bewisen, datt si gewëllt ass eng féierend Roll um Lëtzebuerger Maart anzehuelen, dat op der Basis vun enger Zesummenaarbecht mat de féierende Käpp an de verschiddenen Industrieberäicher. Mir wäerten och beweisen, datt mir en zouverlässege Partner fir d‘Cargolux a Lëtzebuerg sinn“, esou de Chen Fei.

mam Moa Sigurdardottir

Foto: (v.l.n.r.) Chen Fei; Generalmanager ICBC Lëtzebuerg; Maxim Straus, Cargolux Exekutiv Vizepresident an CFO; Pierre Gramegna, Finanzminister; Dr. Marc Huebsch, Ambassadeur a China; Rol Reiland, Vertrieder vun der Wirtschaftsmissioun; Richard Forson, Cargolux President a CEO. (courtesy: Cargolux Airlines Intl.)

Ähnlech Sujeten Cargolux, China, Pierre Gramegna, Richard Forson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel