Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nohaltegkeet a Palestina: Eng aner Resistenz
https://moien.lu/kuwait-free-dating-website/

Nohaltegkeet a Palestina: Eng aner Resistenz

Um Dënschdeg war am Haus vun der Natur eng Konferenz

https://moien.lu/words-to-describe-myself-for-dating-site/
https://moien.lu/kuwait-free-dating-website/

Kanzlerkandidat Schulz trëllt iwwer Nordrhein-Westfalen

Um Sonndeg waren an Nordrhein-Westfalen Landtagswahlen an eppes méi wéi

dislike
Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet
https://moien.lu/kuwait-free-dating-website/

Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet

Google suergt erëm fir Negativ-Schlagzeilen. Grond dës Kéier: Sexismus. An

Cargolux: No intensive Verhandlunge kommen nei Kollektivverträg

Cargolux: No intensive Verhandlunge kommen nei Kollektivverträg

No méi wéi engem Joer un intensive Verhandlungen huet de Management vu Cargolux, zesumme mam LCGB an dem OGBL zwee nei Kollektivverträg fir déi gréisst Cargo-Airline an Europa ënnerschriwwen. Eng Vereenbarung bezitt sech op d’Zäit tëscht dem 1.Dezember 2018 an dem 31. Dezember 2019. Déi Zweet kënnt um 1. Januar 2020 an end um 31. Dezember 2022.

Et war fir all d’Parteien ee laange Wee. Schliisslech wollt ee souwuel fir d’Wuelbefanne vum Employée, wéi och fir d’Stabilitéit vun der Firma dat bescht Resultat erausschloen. Dobäi mierkt een, datt eng gemeinsam Visioun vu Wuesstem, Fortbestand a Wuelstand besteet.

Béid Vereenbarunge wäerte fir méi, wéi 1.300 Employéen eng substantiell Verbesserung garantéieren. Duerch d’Verhandlunge geet de Salaire fir Buedempersonal ëm 6 % a fir Piloten ëm 4 % an d’Luucht. Mataarbechter, déi säit Dezember 2015 agestallt gi sinn, profitéiere vun zousätzlechen Upassungen an weidere fräien Deeg, sou datt jiddwereen op een ähnleche Level kënnt.

De Richard Forson, President an Chief Executive Officer vu Cargolux erkläert: „Ech sinn erfreet, datt mir mat eise soziale Partner eng Vereenbarung hikritt hunn. Dës Vereenbarung festegt d’Sécherheet op der Aarbecht an eiser Firma, wärend souwuel am sozialen, wéi och ekonomesche Beräich zur Zukunftsfäegkeet vu Cargolux bäigedroe gëtt. Op dësem stabille Fundament kënne mir eis Positioun als féierende Spiller an der globaler Fruecht-Industrie stäerken.

Och d’Michelle Cloos, zentral Sekretärin vum OGBL ënnersträicht, datt d’Gewerkschaft frou ass Moossnamen am Salaire an zur Work-Life-Balance fir den Employee ze verbesseren. Fir si ass et eng wichteg Unerkennung fir hir Efforten a Beiträg, déi zum gudde finanzielle Resultat vu Cargolux bäidroen.

Mat Zomme vun 122,3 Milliounen Dollar Benefice am Joer 2017, an 211,2 Milliounen Dollar fir 2018 geet et der riseger Cargo-Entreprise, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, och net grad schlecht. Um weltwäiten Niveau läit Cargolux op Plaz 6 vun de gréisste Cargo-Entreprisen.

Vergaangene Januar hunn d’Gewerkschaften nach uginn, datt een och no 8 Reuniounen zur Verhandlung sech nach ëmmer net eeneg konnt ginn. Nach am Abrëll sollt et an der Direktioun un Enthusiasmus gefeelt hunn bis et dunn am Juni zur leschter Chance fir eng Vereenbarung komm ass. A leschter Sekonn konnt een ee gemeinsamen Nenner treffen.

Ähnlech Sujeten Cargolux, intensive Verhandlungen, Kollektivvertrag, LCGB, Michelle Cloos, OGBL, Richard Forson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel