Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et ass mam Kierchefong wéi mat de Kierchemänner… net wäit hir
International Neiegkeeten Stories

Et ass mam Kierchefong wéi mat de Kierchemänner… net wäit hir

De Verwaltungsrot vum Kierchefong, deen den 1. Mee 2018 am

Besuch vum Boris Johnsson: D’Ried vum Xavier Bettel (Video)
International Neiegkeeten Stories

Besuch vum Boris Johnsson: D’Ried vum Xavier Bettel (Video)

Vu que, datt de Boris Johnsson sech net der Press

Bausecteur: Laang kann dat net méi gutt goen
International Neiegkeeten Stories

Bausecteur: Laang kann dat net méi gutt goen

Um spéiden Donneschdegnomëtte war zu Esch-Uelzecht eng méi Lass. An

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!

Cargolux: D’Rees vun de Walen an Island als weeweisende Projet!

Dëst Fréijoer soll et esou wäit sinn: zwee Belugae gi vu Shanghai (China) mat verschiddenen Transportmëttel bis an een Naturschutzgebitt an Island bruecht. D’Déieren, déi “klenge Groen” a “klenge Wäissen” genannt ginn, gi scho säit Méint op dës schwiereg Aufgab virbereet.

Bei dësem spannende Projet iwwerhëlt d’Cargolux een essentiellen Deel. Schonn am Joer 1994 hu si een Orca mam Fliger transportéiert, gefollegt vun diverse weideren Déierentransporter, bei deenen natierlech d’Wuelergoe vun de Liewewiesen der ganzer Ekipp um Häerze läit. De Projet, den vu SEA LIFE TRUST, a Kooperatioun mat Whale and Dolphin Conservation (WDC) geleet gëtt, soll béid Mieresbewunner an een natierleche Liewensraum a Fräiheet versetzen.

© Shari Pleimelding/moien.lu

Et ass déi éischt Kéier, a soumat een immens innovatiivt Konzept, fir Belugaen an een natierlecht Schutzgebitt ze transportéieren. D’Areal befënnt sech op der Insel Heimaey, déi zu de Westman Inselen un der Südküst vun Island gehéiert. Ronn 2 Stonne vu Keflavik ewech fënnt een d’Klettsvik Bay, eng riseg natierlech Bucht mat fantasteschem Küstegebitt. Nom Transport vum Changfeng Ocean World Aquarium zu Shanghai wäerten d’Walen de Rescht vun hirem Liewen am Schutz vun dësem Beräich liewen, wouduerch si hirem natierlechen arktesche Liewensdauer ee Stéck méi no kommen.

© Shari Pleimelding/moien.lu

D’Sich no engem neien Doheem

D’Verlaange vun der Weltbevëlkerung, een Déier an der Natur ze gesinn, amplaz a Gefaangenschaft, steigt ëmmer weider un. Esou gouf laang gesicht no engem idealen neie Liewensraum fir déi zwee Mieresbewunner. Souwuel a Russland, Nordamerika an Norwegen, wéi och a Schottland stoungen zur Auswiel, bis ee sech schlussendlech fir Island entscheet huet. Déi kill Waassertemperature ronderëm d’Küst an déi immens Diversitéit u lokaler Flora a Fauna waren een entscheedende Punkt bei der Sich. De Belugaen hiert neit Doheem iwwerzeegt duerch eng Fläch vu ronn 32.000 Quadratkilometer, mat enger Waasserdéift vun bis zu 10 Meter, esou datt de klenge Groen an de klenge Wäisse genuch Plaz fir ze schwammen, ze tauchen an ze erfuerschen hunn.

beluga

Dat neit Doheem vun de Belugaen an Island

Ee weidere Virdeel vun der Bucht ass, datt duerch déi natierlech Oftrennung ee Schutz géint dat Islännescht Wieder gebuede gëtt. Och d’Ekipp SEA LIFE TRUST huet d’Méiglechkeet, déi zwee Walen ze beobachten a sech ëm si ze këmmeren. Geplangt ass donieft och een edukativen Zentrum fir Visiteuren, sou wéi ee Spidol fir Papageientaucher.

An dësem Kader soll och gewosst sinn, datt et hei just ëm d’Wuelergoen an de Schutz vun den Déiere geet. D’Suen, déi duerch d’Visiteuren an Donen erakommen, ginn direkt genotzt, fir d’Schutzgebitt oprecht ze erhalen an den Déieren ee bescht méiglecht Liewen ze erméiglechen.

Méi zu de Walen

Generell kann ee soen, datt engem Beluga seng Haut am Alter vun 8 Joer vu gro zu wäiss wiesselt. A fräier Natur kann een dës Zort Wal an der Arktis an der Géigend vu Grönland, Nordamerika a Russland fannen. Et gëtt geschat, datt ronn 200.000 Belugaen an der Wildnis liewen.

beluga

© PA Wire

Kaum ze gleewen, mee ee Beluga kann tëscht 40 a 60 Joer al ginn. Donieft sinn si déi eenzeg Walen, déi keng Floss um Réck hunn. Dofir ass awer hiert Genéck immens flexibel, sou datt si sech mam Kapp besser hin an hir beweege kënnen, wéi aner Aartgenossen. Zu hirem Ernierung gehéiert beispillsweis Fësch, Oktopussen, Kriibsen, Muschelen oder och Sandwierm. Fir dëse Projet ginn déi zwee Mieresbewunner natierlech op d’Iessen am natierleche Liewensraum virbereet.

beluga

De klenge Groen an de klenge Wäissen zu Shanghai© Aaron Chown/PA Wire

De klenge Groen ass eng Damm vun 12 Joer an 900 Kilogramm. De Beluga kënnt, esou wéi och de klenge Wäissen aus Russland – woubäi si wahrscheinlech och Islännesch verstoe wäerten. Alle béid hunn eng Längt vun ongeféier 4 Meter, an awer hunn och si hir Ënnerscheeder. Esou ass de klenge Groen immens verspillt an virwëtzeg. Hatt léiert ganz gär nei Saachen, trotzdeem léisst och de Wal heiansdo seng stëppeleg Säit eraus, andeems d’Déier Waasser op seng Betreier spurtzt.

De klenge Wäissen ass dogéint éischter schei. Dës Damm braucht e bëssen, fir aus sech eraus ze kommen, Spille steet awer och hei ganz uewen um Programm.

Puer Erklärunge vum Team

De Rob Hicks vu SEA LIFE Conservation, Welfare an d’ Engagement erkläert, datt d’Belugaen an zwee Containeren transportéiert ginn. Déi zwee Déiere leien de ganze Fluch iwwer op enger Dro. De Waasserpegel gëtt beim Start a Landen eropgesat, wougéint an der Loft den Niveau nees reduzéiert gëtt an d’Walen ëmmer erëm mat Waasser besprutzt ginn, sou datt si net ausdréchnen.

beluga

De Michael Verhuelsdonk an de Rob Hicks © Shari Pleimelding/moien.lu

Am viraus sinn d’Belugaen esou trainéiert ginn, datt si och de Fluch mat esou wéineg Stress wéi méiglech iwwerstinn. Dofir gëtt kloer op Berouegungsmëttel verzicht! An der Bucht selwer wir dann insgesamt vir 10 Belugae Plaz, an awer wëll een et bei den zwee Wale beloossen.

beluga

Souwuel d’Transportmëttel an d’Ekipp, wéi och d’Déiere selwer ginn virbereet © PA Wire

D’Pilote bei dësem Projet, de Claude Zehren an de Claude Konsbrück, hunn wärend hirer Karriär immens vill Erfarung gesammelt an gesinn och dësem Projet mat Zouversiicht entgéint. Op een elo ee Mënsch oder een Déier transportéiert wier keen groussen Ënnerscheed. Schliisslech ginn d’Mieresbewunner am viraus virbereet an a spezielle Boxen transportéiert. De ganzen Transport iwwert Land, Mier an duerch d’Loft wäert ronn 30 Stonnen daueren. De Fluch hëlt heibäi 12,5 Stonnen an. D’Gewiicht läit herno insgesamt bei 30 Tonnen, déi an der Loft wäerte sinn.

Beluge

D’Piloten Claude Zehren a Claude Konsbrück © Shari Pleimelding/moien.lu

De Rob Lott vum Whale an d’ Dolphin Conservatory beschreift dëse Projet als „groundbreaking“. Hien ass immens houfreg – an dat ass hei wuel jiddwereen – fir bei dëser Aktioun kënnen dobäi ze sinn an ee Virbild-Charakter vir d’Zukunft ze liwweren!

Den Oflaf

De komplexen Transport iwwert Land, Waasser an duerch d’Loft gëtt prezis vu weltwäiten Experte geplangt. Déi gesamt Rees dauert 30 Stonnen a gëtt vun enger riseger Ekipp aus Veterinären an anere professionelle Leit iwwerwaacht.

D’Aventure start am Changfeng Ocean World zu Shanghai. D’Belugaen ginn eenzel mat speziell entwéckelten Droen an hir Transportboxen gesat, nach ier si mam Kran aus dem Aquarium gehuewe ginn an op d’Camione kommen.

Uschléissend geet et fir d’Walen iwwert d’Strooss vun hirem ehemoolegen Doheem bis op den Pu Dong Fluchhafen, wou d’Boeing 747-400ERF vun der Cargolux op de klenge Groen an de klenge Wäisse waarde wäert. Nom Ëmluede fléien si bis op Keflavik an Island.

Nom Lande kommen d’Mieresbewunner nees op de Camion a gi mat enger Fär vum Fluchhafen op Heimaey transportéiert, wat ongeféier 30 Minutten dauere wäert.

Nodeems d’Fär ukënnt mussen d’Belugaen nach eng kuerz Rees bis op Vestmannaeyjar iwwerstoen, ier si schliisslech an hirem neien Doheem ukommen. An engem spezielle Baseng kënnen si sech vun der stresseger Rees erhuelen, bis si dann an d’Mier gelooss ginn.

E puer Fakten zur Rees

  • Total Distanz: 10.166 Kilometer
  • Fluchhéicht: 32.000-34.000 Fouss
  • Fluchzäit: 12 Stonnen 57 Minutten
  • De Wee: Vu Shanghai geet et iwwert Peking an den Osten vun Ulaanbaatar (Mongolei), dann iwwert de Baikal Séi, iwwert Sibirien, den nërdlechen Deel vun den Uralbierger, bis et schliisslech vu St. Petersburg eriwwer a Skandinavien a schlussendlech an Island geet.
  • D’Belugaen ginn souwuel an Camionen, wéi och per Fär a Fliger transportéiert

Bei dëser Visitt bei Cargolux konnte mir als Press eis dovun iwwerzeegen, datt et den zwee Belugae beim Transport un näischt wäert feelen. An dësem professionelle Kader kann ee sech nëmmen houfreg weisen, d’Cargolux bei eis am Land ze hunn an datt si esou Projeten ënnerstëtzen. Schliisslech ass et net vir d’éischt, datt d’Ekipp Déieren an aner wäertvoll Fracht mam Fliger dausende Kilometer transportéiert. Mir si gespaant op den Dag, wou déi grouss Rees lassgeet!

Ähnlech Sujeten Beluga, Cargolux, Deierentransport, Island, Klenge Groen, Klenge Wäissen, Shanghai, Wal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel