Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ukrain: Presidentschaftswahl mat Iwwerraschungseffekt
Neiegkeeten

Ukrain: Presidentschaftswahl mat Iwwerraschungseffekt

En ass nei, onverbraucht an huet laut den Héichrechnungen seng

An déiwer Trauer: Begriefnis um 4. Mee an der Kathedral!
Neiegkeeten

An déiwer Trauer: Begriefnis um 4. Mee an der Kathedral!

No der Annonce vum Grand-Duc Jean sengem Dout an der

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt…
Neiegkeeten

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt…

Am Programm vu SALUT SALON dréit sech alles ëm dat

Caritas aktivéiert seng Truppen

Déi kathoulesch Hëllefsorganisatioun Caritas ënnert dorunner datt een d‘Mënschen an enger prekärer Lag an dësen Zäite besonnesch berécksiichtege sollt

Caritas aktivéiert seng Truppen

An dëse schwéieren Zäite verséchert d‘Caritas de Beneficiaire vun hire Servicer, datt si sech och weider op d‘Hëllef vun hirer Organisatioun verloosse kënnen. D‘Leit um Terrain géife mobiliséiert bleiwe fir hinne bäizestoen. Sozial Aarbechter, Streetworker, Educateuren a Psychologe sinn onermiddlech ënnerwee, fir de Strummerten, de Refugiéeën an den Äermste bäizestoen.

Fir déi ënnert hinnen, net dem Risk vun der Infektioun auszesetzen, huet d‘Caritas dofir suerg gedroen, datt och si de Confinement respektéiere kënnen. Donieft gëtt et nach sëllegen Aktiounen, fir déi sozial Isolatioun vun de Beneficiaire, déi schonn an normalen Zäiten net einfach ze erdroen ass, ze iwwerwannen. Esou gëtt séchergestallt, datt an alle vun der Caritas geréierte Foyeren, dës Leit weider betreit ginn an all Hëllef erhalen, déi noutwenneg ass. Fir déi „ouni Daach iwwert dem Kapp“ heescht et weider, datt d‘Struktur vun der Wanteraktioun, also engem Nuetsfoyer, nach ee ganze Mount soll opbleiwen.

Caritas Lëtzebuerg weist awer och nach drop hin, datt si um internationalen Niveau weider am Asaz ass. A Syrien, esou d‘Caritas huet et déi éischt Infektiounsfäll an de Flüchtlingslager ginn, a laut der Hëllefsorganisatioun, wier hei mat dausenden Affer ze rechnen. E Fait deen si esou och méi generell op all déi aarm Länner auswäit, an deenen si Aktivitéiten ënnerhalen. An dëse Länner gëtt kaum oder guer kee Gesondheetssystem, firwat hei de Coronavirus Covid19 et nach eppes méi liicht huet sech ze verbreeden. Dogéint wäert och d‘Caritas, déi zwar Mesuren ergräift vir de Virus opzehalen, wéineg ausriichte kënnen.

Illustratioun: © Ben Hershey / unsplash

Ähnlech Sujeten Caritas, Coronavirus, Covid19, Sanitär Kris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel