„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?
Läscht Woch hunn d’Ministere Lydia Mutsch, Romain Schneider, Claude Meisch
Läscht Woch hunn d’Ministere Lydia Mutsch, Romain Schneider, Claude Meisch
Wat der Däiwel huet den Dimitrios derzou gedriwwen, um Freideg
D‘Brauerei vun Ebly (déi huet hire Sëtz zu Léglise, kuerz
Dat Zäiten net déi beschte sinn, fir Fuerderungen ze stellen a generell déi konjunkturell Situatioun zu villen desagreabelen Erausfuerderunge féiert, dat sollt bekannt sinn. Ee Sozialplang jot deen aneren, sektoriell Tripartite fänken un zum Alldag ze gehéieren, d‘Logementskris ass längst och eng Sozialkris an da kënnt d‘Caritas a huet och nëmmen Alarméierendes unzebidden.
Tëscht dem 7. Abrëll an dem 31. August 2020 huet Caritas Lëtzebuerg eng „Coronavirus-Helpline“ fir Mënschen a finanzieller Nout ugebueden. Si hunn 445 Ufroe vun 860 Persounen, dorënner 308 Kanner beäntwert. 43 Ufroe konnten net behandelt ginn, wëll d‘Leit sech „a Loft opgeléist“ hunn. Et gouf iwwer d‘Rechter opgekläert, op déi et een Usproch gëtt, an ass un déi zoustänneg Servicer weidergeleet ginn. Doriwwer eraus huet d‘Caritas 267.348,53 Euro Direkthëllef geleescht.
Vun all dëse Mënschen an Nout hu 67% ni (oder zumindest net an de leschten 12 Méint) missen ëm Sozialhëllef nofroen. 93,3% vun de Leit haten d‘Suerg hir liewenswichteg Ausgaben, wéi Iessen a Wunnen net méi gemeeschtert ze kréien. Wien a Kuerzaarbecht war, krut dann och nëmmen nach 80% vun der Pai an natierlech keng Primmen, Iwwerstonnen oder Drénkgeld als kleng Stäip…
De gréisse Grupp si Lëtzebuerger Staatsbierger (37,04%) gefollegt vun de Portugisen (19,4%). Déi gréisste Grupp vun net-EU-Bierger sinn d‘Brasilianer (7,4%). 26,6% waren ënner 30 Joer, 32% tëscht 31 a 40 Joer jonk. Déi elengerzéiend stellen 39% vun den Demandeuren duer. Vun deenen de hire beruff uginn hunn, sinn 19% aus dem Horesca-Secteur, 13,8% si fräi Mataarbechter (Freelance) a soss (Schäi-)Selbststänneger; 9% kommen aus dem Botzsecteur (primär aus private Menagen).
Vu datt dës Regierung, grad wéi déi all déi virun hinnen, sech zwar ëmmer vill Gedanken ëm dee jo esou wichtege Wirtschaftswuesstem gemaach, net awer dofir Suerg gedroen huet, och dem Demographesche Wandel Rechnung ze droen, sinn zwar 80% vun den Demandeuren „Locataire“, mee nëmme 4,9% hunn eng Sozialwunneng. Dobäi ass de Loyer ee vun de gréisste Problemer.
An esou hält d‘Caritas fest, datt et zu Lëtzebuerg scho laang virun der sanitärer Kris vill ze vill Ongläichheeten hat, datt deels mat äusserst erschreckenden Aarmutsituatiounen. Och dat ganz besonnesch bei Famillje mat vill Kanner, Elengerzéienden, deene Jonken, Auslänner a Mënsche mat gerénge Qualifikatiounen. Interessant och de Fakt, datt 2018 déi 10% räichste Residenten iwwert dat zéngfacht Akommes wéi déi 10% akommesschwaach Menage zur Verfügung haten.
De Risk an Aarmut ze geroden huet 2018 bei 18,3% zougetraff, dat waren 2010 nach 14,5%, firwat een hei vun engem Trend schwätze kann, géint deen d‘Regierung entweder keng Moyenen huet oder einfach driwwer ewechkuckt. Den Detail kann een och erféieren: 40,7% waren elengerzéiend a mat 13,5% war Lëtzebuerg dat 2. EU-Land mam gréissten Undeel un „aarmen an Aarbecht“.
2018 huet de Statec erkläert, datt et 700 Milliounen Euro bréicht fir der Aarmut am Land entgéint ze trieden. Kléngt no vill, ass et awer net: wa gewosst ass, datt d‘Bauträger iwwert deen extra vun der Regierung geschafene „spezialiséierte Fong“ (FIS) der Staatskeess dräi Milliarden Euro entzéien, wier dat ee Klacks. Mee d‘Regierung vertrëtt jo och net d‘Interesse vum Vollek, an d‘Ministere sinn an hirer Mandatszäit oft beméit sech fir ee lukrative Verwaltungsrotsposten ze positionéieren.
Elo ass et allerdéngs och esou, datt wann d‘Politik d‘Interesse vun de Bierger an net de Konzerner a räichen Investisseure géif vertrieden, dës feelend Steieren, och d‘Moossnamen zur Bewältegung vun de Folge vun der sanitärer Kris finanzéiere kéinten ouni iwwer Mooss musse Scholden ze maachen, déi jo och net vun de FIS-Profiteure matgedroe ginn. Nee dat muss d‘Aarbecht leeschten.
Wat elo d‘Revendicatioune vun dëser chrëschtlecher ONG betrëfft, esou dierften déi der Koalitioun – wéi natierlech och der CSV an der ADR – wéi eng Ofschrëft vum politesche Programm vun der kommunistescher Partei virkommen. Villes ass dann och net nei, an se bestätegen déi géintiwwer de Regierung gemaachten „Uspillungen“. Am Link uewe sinn se vollstänneg opgelëscht, hei dann awer eng Iwwersiicht vun de Fuerderungen:
Wat de leschte Punkt betrëfft: Ze leeschte (beim Loyer) wiere 25% vum Akommes, mengt jiddefalls d‘Caritas. Hei muss preziséiert ginn, datt och am Kontext vun der „gestion locative“ den Taux nach bei 33% geleeën ass. Dobäi misst sech dësen Undeel/Prozentsaz nom Aarmutsrisiko riichten. Ënnert der Virstellung et wier nach alles wéi 2014, wou awer 42,8% vun den dem Aarmutsrisiko ausgesate Mënschen an enger Eegentumswunneng gelieft hunn, géif dat beim leschte bekannte Wäert vun 18,3% vun der Gesamtpopulatioun bedeiten, datt 21.275 Sozialwunnenge feelen…
mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
Foto: (v.l.n.r.) Andreas Vogt, Marie-Josée Jacobs, Carole Reckinger. © JMJ/zlv