Search

You may also like

Neies vun der Covid19-Front
Neiegkeeten

Neies vun der Covid19-Front

D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat schonn Duerchblécke gelooss, datt sech Lëtzebuerg

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass
Neiegkeeten

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass

Loscht eppes iwwert de Beruff vum Schmadd ze léieren? Eventuell

D‘Aen net virun der Realitéit verschléissen
Neiegkeeten

D‘Aen net virun der Realitéit verschléissen

Sea-Watch an “Border Violence Monitoring Network” hunn der Mënscherechtskommissioun vun

CARITAS Lëtzebuerg lancéiert seng „Corona-Helpline“

CARITAS Lëtzebuerg lancéiert seng „Corona-Helpline“

Déi kathoulesch ONG CARITAS Lëtzebuerg huet matgedeelt, datt Mënschen, deenen et den Ament an der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, schwéier fält d‘Enner unenaner ze kréien (Rechnungen, Scholden, an/oder net genuch Geld fir Akafen ze goen) oder sech einfach mat hire Problemer eleng gelooss fillen.

Dat muss an dierf net sinn, esou CARITAS Lëtzebuerg: „Dëse Mënsche gëtt nogelauschtert, si gi beroden an esou gutt wéi dat méiglech ass, duerch déi verschidden Hëllefsmoossname geleet. Och eng finanziell oder materiell Hëllef, ass dank generéisen Donateure méiglech“. Mat dëser „Telefon-Hëllef“ wëll d‘ONG all deenen ënnert d‘Äerm gräifen, déi sech bis ewell aus eegener Kraaft „iwwer Waasser“ hale konnten, mee elo an der Kris net méi wësse wéi et soll weidergoen.

Fir ze verhënneren, datt dës Persounen an/oder Menagen net gänzlech an d‘Precaritéit falen, huet CARITAS Lëtzebuerg all seng intern an extern Kräfte mobiliséiert, esou d‘Prezisioun. Dës Hotline, ass ënnert der Nummer 402 131 999 (oder per e-Mail helpline@caritas.lu) ze erreechen. De Service gëtt dann och iwwer zéng Sproochen ugebueden.

Illustratioun: © Laura Fuhrman / unsplash

Related topics Caritas, Coronavirus, Covid19, Helpline, Prekariat
Next post Previous post