Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Philharmonie mécht seng Diere fir déi nei Saison de 17. September op
International Neiegkeeten

D’Philharmonie mécht seng Diere fir déi nei Saison de 17. September op

Nodeems déi lescht Saison ënner aussergewéinleche Bedéngungen am Juli hiren Enn geholl

Editorial: Bëllegen Aktivismus oder berechtegt Kritik?
International Neiegkeeten

Editorial: Bëllegen Aktivismus oder berechtegt Kritik?

Op Facebook an Twitter, hunn déi zwee Deputéiert vun der

dislike
Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet
International Neiegkeeten

Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet

Wie si mir a virun allem wie sinn déi wou

De Süd-Sudan leit Honger

De Süd-Sudan leit Honger

Schonn zënter ville Joren ënnerstëtzt Caritas Lëtzebuerg d’Bevëlkerung vum Süd-Sudan a sengem schwéiere Kämpf géint d’Ënnerernierung. Säit e puer Méint verdeelt och de Lëtzebuerg Caritas-Büro Seefen an Hygiènesproduiten an organiséiert Formatiounen zu de Gesten, fir d’Verbreedung vum Coronavirus ze limitéieren. Wëll wann d’Land nohalteg getraff gëtt, feelt et u sanitären Installatiounen. D’Konsequenze wieren dramatesch fir d’Bevëlkerung.

Huele mir als Beispill d’Thereza, wat 36 Joer huet an zu Palotaka lieft. Hatt ass Witfra an huet 5 vu senge Kanner duerch Mangelernierung oder Krankheeten, déi domat a Verbindung stinn, verluer. Haut wunnt hatt mat sengen zwee Kanner zesummen, déi him verbliwwe sinn. D’Thereza huet keng Aarbecht a beplanzt méi schlecht wéi recht den eegene klenge Gaart.

A verschidde Joer ass d’Recolte relativ gutt, wouduerch hatt een Deel verkafe kann an dat wat feelt akafe kann: Kären, e bësse Fleesch, Ueleg… Mee an anere Joer wiisst just ganz wéineg Geméis. An dëst Joer gesäit net gutt aus fir hatt a seng Kanner.

D’Majoritéit vun der Recolte ass virun e puer Wochen duerch d’Heespréngerinvasioun zerstéiert ginn. An och wann nach e bësse Suen vum leschte Joer iwwreg sinn, fënnt hatt um Maart net méi dat, wat hatt braucht. Säit der Pandemie sinn Wuere rar an d’Präisser, vun deem wat disponibel ass, ginn all Dag weider an d’Luucht. D’Thereza befiercht Näischt méi ze fannen, fir seng Famill an e puer Wochen ze ernieren.

Geschichte wéi dës existéieren nach Dausenden uechtert d’Land. D’Konsequenze vun endlose Konflikter, sech widderhuelenden Dréchenten oder staarke Reefäll, an haut nach enger weltwäiter sanitärer Kris loossen dat Schlëmmst a Saache Liewensmëttelsécherheet fir de Süd-Sudan befierchten.

Persounen, déi der Bevëlkerung am Süd-Sudan, oder och de Projete vu Caritas Lëtzebuerg hëllefe wëllen, kënnen en Don op folgende Konto maachen: (CCPL) IBAN: LU34 1111 0000 2020 0000 oder och d’Säit www.cartias.lu besichen.

Matgedeelt vu Caritas Lëtzebuerg

Opmaacherbild: D’Thereza a seng 2 Kanner ® Caritas

Ähnlech Sujeten Caritas Lëtzebuerg, Dout, Dréchent, Ënnerernierung, Heespréngerplo, Hëllef, Hongersnout, Mangelernierung, Pandemie, Recolte, Sanitär Kris, Süd-Sudan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel