Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!
https://moien.lu/hook-up-with-your-relatives-before-youre-transferred/ dating site headshots

songs to hook up too

No enger éischter erfollegräicher Participatioun am Joer 2017 ass Lëtzebuerg

ha dating ltd
https://moien.lu/hook-up-with-your-relatives-before-youre-transferred/ dating site headshots

Homosexualitéit bei Kanner: De Poopst réit zu psychiatrescher Behandlung

Déi kathoulesch Kierch ass a bleift dovunner iwwerzeegt, datt Homosexualitéit

What the Fakt – Do war se bemol, d’Ouschterinsel!
https://moien.lu/hook-up-with-your-relatives-before-youre-transferred/ dating site headshots

What the Fakt – Do war se bemol, d’Ouschterinsel!

Et ass schonn eng Zäitchen hir, fir genau ze sinn

De Carles Puidgemont iwwerzeegt Katalounien vu Bréissel aus leeden ze kënnen

De Carles Puidgemont iwwerzeegt Katalounien vu Bréissel aus leeden ze kënnen

Déi emblematesch Figur vun der katalanescher Onofhängegkeet, de Carles Puidgemont, huet um Freideg verséchert, datt hien an der Lag wier, d‘Geschécker vun der Provënz och vu Bréissel aus leeden ze kënnen. Dat géif hien zumindest net dem Risiko aussetzen, a Spuenien agespaart ze ginn.

„Ech kann net als Regionalpresident agéiere wann ech am Prisong sëtzen“, erkläert sech de Carles Puidgemont an engem Interview op Catalunya Radio aus sengem Bréisseler Exil. „Am Prisong kann ech keng Leit empfänken, net schreiwen… déi eenzeg Manéier ass et weider a Fräiheet ze maachen, a Sécherheet“.

Als Argument féiert de fréiere Journalist un „datt haut grouss Projete vun Entreprisen, Universitéiten an der Fuerschung, och haaptsächlech ënner Mathëllef vun de neien Technologie zustane kommen, an aus der Distanz gefouert ginn“.

Dem Carles Puidgemont seng Deklaratioun kënnt grad zu deem Moment, wou den neie President vum katalanesche Parlament, Roger Torrent, Gespréicher mat de verschiddene Parteie féiert, fir e Presidentschaftskandidat opzestellen.

Keng einfach Aufgab, well de Carles Puidgemont ass den eenzege Kandidat deen zur Auswiel steet, nodeems sech seng Formatioun „Zesumme fir Katalounien“ an déi separatistesch ERC (Republikanesch lénk vu Katalounien) fir seng Kandidatur ausgeschwat hunn. Reng theoretesch kéint esou deen „ale“ President, och nees de neie ginn.

Demokratie ass kee Wonschconcert…

Well d‘Zentralregierung de Carles Puidgemont mat aller Gewalt wëll hanner Gitter gesinn, an him esou de Wee verspaart bleift, fuerdert hien aus der Distanz als President kënne gewielt ze ginn. Madrid kann dat net zouloossen, an et ass net dovunner auszegoen, datt de spuenesche Kinnek Felipe VI déi Nominatioun géif ënnerschreiwen.

Zudeem wier de konservative Mariano Rajoy – scho fir séi Gesiicht net ze verléieren – gezwonge Katalounien op e neits ënner Momper ze stellen. Déi sozial a politesch Konflikter géifen nees opkommen. Madrid huet dann awer de Carles Puidgemont gebieden sech un d‘Gesetzer ze halen.

Carles

De frësch ernannte Parlamentspresident vu Katalounien, Roger Torrent, (Zesumme fir Katalounien) soll um Méindeg bekannt ginn, wien als Presidentschaftskandidat ernimmt ass. Sollt et de Carles Puidgemont sinn, wëll Madrid d‘Regioun nees ënner Momper stellen. © Josep Lago/AFP

„Sech op dësem Wee wëllen duerchzesetzen, ass a kann net d‘Léisung sinn. Ganz am Géigendeel, et ass eng schlecht Iddi“, esou de Regierungsspriecher Inigo Mendez de Vigo. Wourop de Carles Puidgemont äntwert: „Wann d‘Parlament mech als President asetzt, huet de Premierminister kee Recht dat Mandat ze verhënneren“.

De Carles Puidgemont verséchert dann och iwwer genuch Legitimitéit ze verfüge fir Katalounien ze regéieren: „Ech sinn en Deputéierte wéi en aneren, absolut fäeg als President opgestallt ze ginn (…) Ech hunn all d‘Recht vun der Welt a erwaarden datt dat respektéiert gëtt“, sot hien op Catalunya Radio.

Hien ass och decidéiert säi Regierungsprogramm mëttels enger Videokonferenz virzestellen – wat och vun der Prozedur virgeschriwwen ass – oder se vun engem „Vertrieder“ liesen ze loossen. E Fait deen et esou nach ni ginn huet a vu Madrid onméiglech ugeholl ka ginn.

Schwiereg Zäite fir de Parlamentsbüro

Wat Madrid wëll oder och net, ännert um Enn awer näischt un der Tatsaach, datt et dem katalanesche Parlamentsbüro iwwerlooss ass, d‘Entscheedung ze treffen, ob d‘Deputéiert iwwert e Kandidat ofstëmmen dierfen, deen net physesch am Plenarsall uwiesend ass.

De Parlamentsbüro, ënnert der Leedung vum Roger Torrent, besteet aus jee dräi Vertrieder vun der Onofhängegkeet an der Oppositioun déi Madrid loyal ass. An déi sollen dann um Méindeg de Numm vun deem bekannt ginn, dee sech bis zum 31. Januar der Debatt zu Investitur muss stellen.

Keng einfach Situatioun fir de katalanesche Parlamentspresident, zemools et sech ergëtt, datt de Carles Puidgemont um Méindeg an Dänemark ass. Et ass dat dem fréiere katalanesche President seng éischt Auslandsrees, zanter dat hien an der Belsch am Exil ass. Hien hëlt op der Universitéit vu Kopenhagen um Debat „Katalounien an Europa op der Kräizung vun der Demokratie“ deel.

Eng Rees déi dann allerdéngs nëmme méiglech ass, well Madrid den europäeschen Haftbefehl am Dezember zréckgezunn huet.

mam Daniel Bosque/AFP

Foto: A Katalounien hu bei der vu Madrid erzwongener Neiwahl, d‘Parteie fir d‘Onofhängegkeet op e neits d‘Majoritéit erhalen. Déi ënnerstëtze wéi erwaart d‘Kandidatur vum Carles Puidgemont, deen awer wéinst engem Haftbefehl net a Spuenien areese kann. © Pau Barrena/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Mariano Rajoy, Onofhängegkeet, Roger Torrent
Nächsten Artikel Virrechten Artikel