Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Joresbericht vun Doktere vun der Welt ass bedréckend
https://moien.lu/best-places-to-hook-up-seattle/ Neiegkeeten https://moien.lu/speed-dating-entrevistas/

dating a coworker fast food

Um Dënschdeg huet d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) de

https://moien.lu/kehlani-dating-dave-east/
https://moien.lu/best-places-to-hook-up-seattle/ Neiegkeeten https://moien.lu/speed-dating-entrevistas/

Déi nei Nationalbibliothéik ass nach net fäerdeg, beandrockt awer elo schonn!

„Ass dat heite grouss!“, sot de François Bausch (déi gréng),

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd
https://moien.lu/best-places-to-hook-up-seattle/ Neiegkeeten https://moien.lu/speed-dating-entrevistas/

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt

D’Rackete am Interview: “Europa muss senge Verantwortungen nogoen!”

D’Rackete am Interview: “Europa muss senge Verantwortungen nogoen!”

Gëschter Owend ass et um däitsche Fernsehsender ZDF beim Dunja Hayali ëm d’Klimapolitik a Séinoutrettung gaangen. Ageluede war och d’Sea-Watch 3 Kapitänin Carola Rackete, deem säi Virgoe géint d’Politik nach ëmmer vir kontrovers Diskussioune suergt.

Am Juni 2019 huet d’ Rettungsschëff Sea-Watch 3 ganzer 53 Mënscheliewe gerett. Un der Küst vu Libyen sinn d’Flüchtlingen am Schlauchboot agesammelt ginn an hu misse méi wéi 2 Woche virun der italienescher Insel Lampedusa op d’Erlaabnis zu Afaart waarden. Spuenien, Italien a Malta hunn d’Afaart an den Hafe verweigert. D’Flüchtlingen hu mat Hongerstreik a Selbstverletzung gedreet. D’Kapitänin huet missen handelen.

Entgéint dem Uerder vum Inneminister Matteo Salvini, deen Italien net als „Poubelle fir jiddwereen“ presentéiere wëll, huet d’Carole Rackete d’Decisioun am Hafen anzelafen, selwer getraff. Direkt ass d’Kapitänin vun den Autoritéite verhaft ginn. De Virworf war Widderstand géint ee Militärschëff a Vollstreckungsbeamten, Bäihëllef zur illegaler Awanderung a Verletzung vun italieneschen Hoheitsgewässer. Bis zu 10 Joer Prisong hätten der Kapitänin bléie kënnen. Ee Geriicht zu Sizilien huet déi 31 Joer jonk Fra vum Hausarrest befreit.

Rackete am Interview

Aus dem Interview mam Dunja Hayali

Hatt géif et erëm maachen!

Am Interview mam Dunja Hayali, deen iwwregens den éischten Optrëtt am däitsche Fernseh no der Rettung war, verdeedegt d’Rackete weiderhin d’Rettungsaktioun a gëtt oppen zou, datt hatt bereet ass, weider Flüchtlingen ze retten. An der Ëffentlechkeet spléckt sech d’Thema a begeeschterten Idealismus an stuerem Onverständnis.

D’Kapitänin erzielt: „Nach ëmmer beschäftegt mech dat Thema natierlech all Dag a besonnesch de Gedanken dorun, datt eist Schëff, d’Sea Watch 3, genau esou wéi e puer aner NGO-Schëffer weiderhin an italieneschen Häfe festleien an net eraus fuere kënnen, wärend elo schonn erëm verschidde Schëffsonglécker stattfonnt hunn.“

Bei der Afaart waren d’Konsequenzen der 31 Järeger kloer. Trotzdeem stoung d’Sécherheet vun de Mënschen op éischter Plaz, wat een direkt am Ufank vun der Missioun esou festgeluecht hat. Schonn eleng duerch déi schlecht Gesondheetszoustänn hat een, zesumme mat den Dokteren, d’Decisioun getraff.

Verständnis fir déi aner Säit?

Weiderhin erkläert d’Rackete, datt ee probéiert hat tëscht dem Schëff, dem hollännesche Flaggenstaat an dem däitsche Bannen- a Bausseministère eng politesch Léisung ze fannen. Am leschte Joer hätt dat esou ëmmer geklappt. Dës Kéier goufen se all gefrot, mee kee wollt een Hafe fir d’Rettung zur Verfügung stellen.

Am Gespréich kënnt natierlech och d’Fro op, ob d’Rackete d’Säit vun den iwwerfuerderten Autoritéite versteet, déi d’Häfen zoumaachen. D’Äntwert ass kloer: just deelweis kann hatt de Standpunkt novollzéien. Et hätt ab dem éischten Dag eng Léisung ginn, déi awer ze vill Zäit an Usproch geholl huet. Uschléissend freet d’Moderatorin: „Hutt Dir Verständnis fir déi Leit déi soen Sou elo geet et awer duer?“. „Nee eigentlech net“, verhalenen Applaus follegt dëser Ausso.

Déi europäesch Länner hunn eng historesch Verantwortung fir déi aktuell Situatioun. Deem muss een nokommen. D’Rackete fuerdert am Interview weider Schëffer an de Sich- a Rettungszonen. Frontex wëll an Zukunft méi Dronen, amplaz vu Schëffer asetzen, wat de betraffene Leit natierlech näischt brénge wäert.

Nieft dem Carola Rackete hat d’Morderatorin och de Chef vun de Gréngen, de Robert Habeck invitéiert. D’Decisioun gouf an de Medie staark kritiséiert, et géif keng Meenungspluralitéit existéieren an net genuch Géigepositioune vertruede ginn. Den däitsche Sender an d’Hayali hu sech domat erkläert, datt d’Gäscht sech der Kritik vum Melanie Zirzow, Personalreferentin an der Brongkueleindustrie, dem Raoul Hille, Chef vum Fluchhafen Hannover an dem Schwéngsbauer Thorsten Riggert stelle missten.

Ähnlech Sujeten Carola Rackete, Dunja Hayali, Flüchtlingen, Matteo Salvini, Rackete am Interview, Sea-Watch3, Séinoutrettung, ZDF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel