Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Crèche L’Abeille: 44 Aarbechtsplaze stinn um Spill
International Neiegkeeten

Crèche L’Abeille: 44 Aarbechtsplaze stinn um Spill

Um 16. Januar 2020 goufen den OGBL an den LCGB

50 Joer „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“
International Neiegkeeten

50 Joer „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“

Et war am Joer 1968, wou d‘Straussfeier vun den éischten

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft
International Neiegkeeten

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft

D’EU-Parlament stëmmt an dëser Woch iwwert d’Virschléi vun der EU-Kommissioun

D‘Carola Rackete nees op fräiem Fouss

D‘Carola Rackete nees op fräiem Fouss

E Geriicht op Sizilien huet den Hausarrest vun der Kapitänin vun der Sea-Watch3, Carola Rackete, opgehuewen an den italieneschen Inneminister, Matteo Salvini, huet d‘Ausweisung gefuerdert. Déi 31 Joer jonk däitsch Kapitänin war mat hirem Schëff, entgéint dem Uerder vun den Autoritéite mat 40 virum Erdrénke gerett Flüchtlingen an den Hafe vu Lampedusa agelaf.

Nodeems d‘Rettungsschëff am Hafe vun der sizilianescher Hafestad festgemaach hat, war d‘Carola Rackete verhaft ginn. Géint d‘Kapitänin waren Ermëttlunge wéinst „Verdacht op Ënnerstëtzung vu Mënschenhändler“ ageleet ginn. Vun engem „Ugrëff“ op d‘Polizisten – et hat e Boot vun der Police versicht d‘Uleeë vum Schëff ze verhënneren – war gëschter viru Geriicht awer keng rieds méi.

Virun der Geriichtsverhandlung, hat d‘ONG Sea-Watch eng Pressekonferenz ofgehalen (Video) an sech zur aktueller Lag ausgedréckt. Déi massiv Ënnerstëtzung a Solidaritéit, hat och si iwwerrascht. No der Entscheedung vum Geriicht huet den italieneschen Inneminister erkläert, datt d‘Kapitänin wéinst Gefährdung vun der nationaler Sécherheet aus dem Land muss verwise ginn.

No der Geriichtsverhandlung huet d‘ONG dem Carola Rackete via Twitter d‘Wuert ginn: „Ech war erliichtert iwwert d‘Entscheedung vun der Riichterin, déi ech als grouss Victoire fir d‘Solidaritéit mat alle Migranten, inklusiv Flüchtegen oder Asylsichenden, a géint d‘Kriminaliséierung vun deenen déi a ville Länner vun Europa Hëllefe betruechten“. An domatter ass eigentlech (bal) alles gesot.

mat indymedia/rom/ber

Illustratioun: © Albo (via Sea-Watch)

Ähnlech Sujeten Carola Rackete, Lampedusa, Matteo Salvini, Migratioun, Sea-Watch, Sea-Watch3, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel