Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Schlecht Zäite fir de Journalismus?
International Neiegkeeten

https://moien.lu/graal-dating/

E Méindeg huet déi franséisch Justiz geuerteelt, datt d‘Beschlagnamung vun

sugar baby dating profile examples
International Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Déi lénk gesinn de Budget kritesch

Nach virun der Debatt am Stater Gemengerot, hunn déi lénk

35 Joer Noël de la Rue um Fieldgen
International Neiegkeeten

35 Joer Noël de la Rue um Fieldgen

Solidaritéit an Traditioun, Matgefill a Mënschlechkeet, dat sinn d‘Atoute vum

Fir d’Ëmwelt an de Klima: Carole Dieschbourg zu Bréissel

Fir d’Ëmwelt an de Klima: Carole Dieschbourg zu Bréissel

Op engem doudege Planéit gëtt et keng Aarbecht“. Un dësem Slogan vun de Schüler orientéiert sech d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg fir zu Bréissel dem Conseil déi absurd Konfrontatioun tëscht der Wettbewerbsfäegkeet an der Klimapolitik ze ënnersträichen.

Um Dënschdeg huet de Conseil eng Orientatiounsdiskussioun zum Thema „Ee proppere Planéit fir eis all – eng strategesch europäesch Visioun op laang Siicht fir eng bléiend, modern, kompetitiv an neutral Ekonomie fir de Klima“. Fir d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ass de Message kloer: Ziel vun der Verhënnerung vun der Äerderwiermung ëm 1,5°C sollt eise Referenzpunkt sinn, fir an de kommenden 10 Joer bestëmmten Aktiounen ze respektéieren.

„Et ass eis Aufgab eis Strategie mam Ziel vun 1,5°C vum Paräisser Accord unzepassen. A mir mussen hei d’Ziel verankeren Null Emissiounen auszestousse bis spéitstens 2050 an der Europäescher Unioun. Dëst Ziel muss esou schnell wéi méiglech 2019 vun eise Regierungscheffe bestätegt ginn, fir den Delai vum Depot vun eiser Strategie bei de Vereenten Natiounen ofzeginn“, huet d’Ministesch erkläert. Sou ënnersträicht si weider, datt Millioune Schüler a Bierger sech mobiliséieren, fir un d’Responsabilitéit vun de Politiker ze appelléieren a sech fir de Klima anzesetzen. Hire Message gëtt vun der ziviller Gesellschaft, de Syndikater an enger steigender Unzuel un Investisseuren an Entreprisen ënnerstëtzt. An dobäi gëtt d’Ministesch hinne vollkomme Recht.

An dësem Kader wëll d’Lëtzebuerger Regierung alles a Gang setze fir d’Schlussfolgerunge vum spezielle Rapport vum GIEC zu den 1,5°C ze garantéieren. Dofir beaarbecht de Grand-Duché nach emol säin Ziel zur Reduktioun vun den Emissioune bis 2030 am Kader vum Energie- a Klimaprojet. Esou steigert d’Regierung d’Ziel vu 40% op 50 bis 55%.

D’Ministesch huet dobäi un déi Lëtzebuerger Initiative erënnert, déi vun Éisträich, Irland a Litauen, Portugal a Spuenien ënnerstëtzt gëtt, fir d’Kommissioun ze ermuddegen seng Analys fir een Zeenario vun 100% Erneierbart bis 2050. An dësem Kader huet si sech géint nuklear Energie ausgeschwat, eng geféierlech Optioun, déi net noutwenneg ass fir d’Zieler ze erfëllen, an déi een Hindernis, sou wéi een ekonomesche Risiko duerstellt.

Direktiv zum Drénkwaasser: eng europäesch Léisung gëtt gebraucht!

Uschléissend stoung eng Diskussioun zur Direktiv zur Drénkwaasserqualitéit um Programm. D’Parametere vun der Qualitéit, sou wéi d’Iwwerwaachung vun der Direktive goufe virun 20 Joer festgesat, wouduerch een d’Normen zur Drénkwaasserqualitéit nees aktualiséiere misst an eng Approche zu de Risiken am Kader vun der Iwwerwaachung vum Staat vum Waasser aféiere sollt.

D’Aktualiséierung vun der Direktiv ass ënnert anerem ee Resultat vun der éischter europäescher Biergerinitiativ mam Numm „Right2Water“, déi méi wéi 1,8 Milliounen Ënnerschrëften zielt. Dobäi huet d’Ëmweltministesch d’Wichtegkeet vun dem Dossier zur Drénkwaasserqualitéit ënnerstrach. Heibäi wier och d’Schnellegkeet vun der Aktualiséierung vum Dossier essentiell. Virun allem fir Länner, wéi de Grand-Duché, den keen eegenen Institut vun der Homologatioun huet, ass et absolut noutwenneg eng europäesch Léisung ze fannen.

De Problem vun den endokrinen Disruptoren

Ee weidert Thema waren déi endokrin Disruptoren. Heibäi handelt et sech ëm chemesch Verbindungen déi den Hormonsystem vu Mammifère beaflossen. Laut enger Etüd konnt eng Verbindung tëscht de Substanze mat den Eegeschaften vun endokrinen Disruptoren a gesondheetleche Problemer, wéi Onfruchtbarkeet, Deformatioune vun de Genitalien, fréizäiteg Pubertéit, Iwwergewiicht, Kriibs a Verhalensstéierungen, nogewise ginn. Dës Substanze fënnt een an zuelräiche Produiten erëm, déi am Alldag benotzt ginn, sou wéi beispillsweis an der Kosmetik, Spillsaachen an Textilien.

Esou ass et besonnesch wichteg, datt op europäeschem Niveau konkret Moossname getraff ginn, fir de gemeinschaftleche Kader ze verbesseren. Heibäi sollt ee sech, laut der Ministesch, net nëmmen op déi relativ Legislatioun vun den endokrinen Disruptoren bezéien, mee et muss een och eng homogen Unerkennung vun de Substanze garantéieren a soumat d’Belaaschtung duerstellen. Sou muss een déi europäesch Kommissioun drun erënneren eng Strategie fir eng net toxesch Ëmwelt am siwenten Aktiounsplang fir d’Ëmwelt anzefügen.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, Bréissel, Carole Dieschbourg, Ëmwelt- a Klimapolitik, Ëmweltministesch, endokrin Disruptoren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel