Search

You may also like

Erstaunlech Erkenntnis an Australien
Meenung Neiegkeeten

Erstaunlech Erkenntnis an Australien

Et gëtt Saachen déi eiseree fir dat normaalst vun der

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!
Meenung Neiegkeeten

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!

Mam éischten Album Feuded huet alles ugefaangen. Elo verséisst de

D‘Eisebunnergewerkschaft hält d‘Fauscht héich
Meenung Neiegkeeten

D‘Eisebunnergewerkschaft hält d‘Fauscht héich

Am Bouneweger Casino, Sëtz vum Landesverband FNCTTFEL, haten sech d‘Salariéeën

27, 65 % – Mee Aarmut stéiert si net! (Carte Blanche)

27, 65 % – Mee Aarmut stéiert si net! (Carte Blanche)

27,65% – Déi Zuele sinn net d’Resultat, déi eng Partei bei de Wale kritt huet. Et sinn d’Prozentzuele vun de Leit déi zu Lëtzebuerg ënnert der Aarmutsgrenz liewen.

Och wann all Fofzéngten zu Lëtzebuerg Millionär soll sinn, op där anerer Säit ass all fënnefte Bewunner zu Lëtzebuerg aarm.

Et ass eng verstoppten Aarmut! Keen dréit seng eegen Aarmut an d’Ëffentlechkeet! Aarmut gesäit een, wann een an d’Haus kucke geet, a gesäit wat do op den Dësch kënnt! Wann d’Scholden op der Bank bezuelt sinn, bleift am Mount manner fir ze liewen!

Wien eemol an der Spirale fir an d’Aarmut dran ass, kënnt net méi ouni friem Hëllef eraus. Sozialbüroe mussen ëmmer méi bäisteieren! An bei d’Stëmm vun der Strooss, ginn net nëmme Leit déi op der Strooss liewen iessen, et sëtzen sech och Bierger mat un, déi an d’Aarmut gerutscht sinn!

Wann et Lëtzebuerg esou gutt geet: Firwat ginn et da Sozialepicerien a Kleederkummeren, wou Leit sech kënne fir bëlleg akleeden an akafen!?

Wat déi iwwer der Aarmutsgrenz net méi wëllen …
Fir d’Politik ass d’Aarmut ewéi eng Pandemie mam Coronavirus, et kritt een déi Zwee net an de Grëff!

Et ass net gesot, dat een am Mëttelstand als Staatsbeamten net kann an d’Aarmut rutschen! Wann een zu zwee schafft – an e verléiert seng Aarbecht …

Da geréit een op d’Rutschban, déi een an de Keller vu senger Bank féiert!

Déi opgeluede Schold, déi een an drësseg Joer muss zeréck bezuelen, ass am Ufank wéi ee geschenkte Bouquet Blummen, iergendwann fänkt de Bouquet un ze verwielen!

Dann ass et geschitt! An da freet een sech: Wat hunn ech falsch gemaach? Aarmut gëtt vu ville Leit als Schan ugesinn, déi engem säi leescht Laache frësst!

Et gëtt ee vun der Gesellschaft ausgeschloss! Kultur, déi den Intellekt vun enger Gesellschaft ass, gëtt tabu! D’Kierche sinn zou, do wou een an a senge schlechte Stonnen, Trouscht konnt tanken! Wann ee bis op der Kirchentrap stoung, war den Trouscht nees verflunn!

Aarmut ass vun der Politik hausgemaach! Dat geet net vun haut op muer! Dat brauch Zäit, bis datt si de Wuelstand am Land fir de Räichen areecht hunn! Et ass net, datt Politiker dat bewosst géife maachen!

Neen! Si fillen sech einfach wuel am Wuelstand, deen si sech mat der Politik selwer opgebaut hunn! Si gehéieren um Enn vun hirer politescher Karriär och zu de Millionären!

Aarmut stéiert si net!

Vum Jean Bodry

Opmaacherbild: © Jonathan Rados / Unsplash

Related topics Aarmut, Carte Blanche, Däiwelskrees, Gesellschaft, Jean Bodry, Kleederkummer, Politik, Räichtum, Sozialbüro, Sozialepicerie
Next post Previous post