Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den éischten Mikro-Computer zu Tours ënnert dem Hummer
Neiegkeeten

Den éischten Mikro-Computer zu Tours ënnert dem Hummer

Am Schlass vun Artigny bei Tours (F) kënnt haut den

Extensiv Landwirtschaft an der Schutzzon „Léiffrächen“
Neiegkeeten

Extensiv Landwirtschaft an der Schutzzon „Léiffrächen“

En Dënschdeg ass um Holleschbierg an der Gemeng Käl-Téiteng, de

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de véierten Dag
Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de véierten Dag

Um Donneschdeg sinn eis zwee Schwëmmer erëm bei den Olympesche

Carte Blanche: Zesumme liewen zu Lëtzebuerg

Carte Blanche: Zesumme liewen zu Lëtzebuerg

Den Titel vum Sondage ass einfach ‘vivre ensemble‘ – zesumme liewen zu Lëtzebuerg an 2 Wierder a net ‚le vivre ensemble‘ d’Zesummeliewen zu Lëtzebuerg an 1 Wuert – e klenge feinen Ënnerscheed, dee, sief gesot, eragerutscht ass an eise Projet; deen Titel schéngt awer méi richteg an ass ubruecht wann een d‘Resultater kuckt.

Dës Zeilen hat ech als Intro schonns a menger 1. Carte blanche am November 2019 geschriwwen, an ech loossen se elo och als Ufankszeile stoen. De Statec huet Enn Mäerz elo d’Zuelen iwwer d’Populatioun zu Lëtzebuerg op den 1.1.2020 verëffentlecht:

53% Lëtzebuerger – 47% Auslänner, Persounen mat anere Nationalitéiten

Als Demograph wëll ech déi Zuelen awer nach anescht beliichten: 10 bis 15%, méi no bei 15% vun eise Matbierger hunn déi lëtzebuergesch an och op mannst nach eng aner Nationalitéit… wat heescht dat?

Ma dass mer d’Bild vu Lëtzebuerg och esou kenne molen: ongeféier 40% Stack-Lëtzebuerger (wat heescht dat iwwerhaapt wann 1-2 Generatioune weider geet) an ~60% Matbierger mat Päss aus allen Härelänner. Déi Bierger mat Duebelnationalitéit (LU +) ginn zu ëmmer méi; sinn déi e Puffer dertëschent…?

Ech erliewe se éischter als e Verbindungsstéck, eng Bréck fir all d’Leit déi zu Lëtzebuerg gutt liewen; an déi allermeescht déi an de leschte Joren heihi komm sinn a sech néier gelooss hunn, bereien dat net a géifen et nach emol maachen; déi héich Liewesqualitéit ass den Haaptgrond.

Wann ech mer déi Resultater vum Sondage (hei en Element och aus dem Hierscht -1. Serie Resultater) ukucken, da gesi mer dass d’Famill den Haaptpilier – déi gréisste Stäip, vun eise Matmënschen hirer Identitéit ass (71%); déi Stäip gëtt dëser Deeg op d’Prouf gestallt an ech hoffen dass se staark genuch ass fir dass mer dat Doheem bleiwen doduerch besser aushalen; bei deenen allermeeschten wäert d’Famillen effektiv nach méi zesumme wuessen an zur Stäip ginn, bei aneren fäerten ech fir de Familjenzesummenhalt. Krise si Momenter wou sech Situatiounen verdäitlechen, a Relatiounen déi fragil sinn sinn a Gefor dann zesummen ze briechen.

Wat d’Verbonnenheet, den Attachement, un déi verschidden Niveauen an eisem gesellschaftspolitesche Liewen ugeet, gesi mer dass den Ënnerscheed tëschen Lëtzebuerg (92%) als Land an Europa (85%) als politesch Unioun zimlech geréng ass; dat ass dach eng gutt Noriicht ze gesinn dass di national an di international Dimensioun sech fir di allermeeschte Leit net widderspriechen. E wéineg Suerge mécht de Fait mer dass di 25-35 järeg sech manner verbonne spieren mat hirer Gemeng oder Uertschaft. Dat ass déi Altersgrupp déi op der Sich no enger Wunneng sech do néier léist, wou se nach eng Wunneng fënnt di se sech leeschte kann, onofhängeg vun enger emotionaler Preferenz fir dës oder déi Gemeng.

De lokale Niveau ass nu awer emol deen wou de Lien tëschen de Leit, d’Zesumme-liewen misst entstoen; d’Erfarungen aus menge leschte Beruffsjoren hu mer gewisen, dass d’Noperschaft mëttlerweil schwiereg ginn ass, an oft net existéiert; nom Motto: éischter gutt nieft eneen wéi mateneen. Et wier awer wesentlech dass déi jonk Erwuessen, déi zukünfteg Generatioun déi Verantwortung an der Gesellschaft ze iwwerhuelen huet, sech do géifen wuel fillen wou se wunnen a sech do géifen engagéieren.

Zu Lëtzebuerg stoussen déi 2 Phenomener vun allgemenger Individualiséierung a permanenter Awanderung voll openeen an féieren zu enger méi komplizéierter Situatioun.

Interessant ass nach am Sondage ze gesinn wéi Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger sech selwer an hir aner Matbierger gesinn: de Lëtzebuerger fënnt méi oft dass de Net-Lëtzebuerger sech net géif wëllen integréieren op der enger Säit, op der anerer bekenne vill Net-Lëtzebuerger hire Wëllen sech ze integréieren, mee se fannen dass de Lëtzebuerger, hien iwwregens och selwer, éischter e verschlossene Charakter huet.

Den Integratiounsbegrëff, ass net méi deen wéi mer en an der 70er an 80er Joren benotzt hunn, wéi et eng grouss Majoritéit an eng kleng Minoritéit gouf. Dës Minoritéit ass haut keng méi, se ass och méi heterogen ginn, esou dass Integratioun vrun allem heescht een op deen aneren duergoen fir e géigesäitegt Unhuelen am Respekt vun eisen Differenzen fir e gemeinsamt Zesummeliewen zu a fir Lëtzebuerg ze entwéckelen.

Matgedeelt vum Charel Margue (ASTI)
Opmaacherbild: © Kevin Hendersen / Unsplash

Ähnlech Sujeten ASTI, Bevëlkerung, Charel Margue, Demographie, Integratioun, Lëtzebuerger Auslänner, Sondage, Statec, Zesumme liewen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel