Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vun zougeschneite Fënsteren, Summerpneuen an aneren Delikter
dating anxious zoosk dating website cost

https://moien.lu/mobile-dating-apps-schweiz/

Am Kader vun der Verkéierscampagne déi all Mount vun der

https://moien.lu/online-dating-first-message-questions/
dating anxious zoosk dating website cost

SKOBE, de Kënschtler aus enger anerer Dimensioun

Mat 22 Joer ass den Jeremy Palluce, alias SKOBE, an

Plastikpartikel kontaminéieren d‘Waasserfläschen
dating anxious zoosk dating website cost

Plastikpartikel kontaminéieren d‘Waasserfläschen

An enger um Mëttwoch verëffentlechter Etüde, ass ze liesen, datt

money

Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher

D‘Regierung huet d‘Konzessioun fir déi Munnerefer Spillbank erneiert

Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher

Eigentlech leeft d‘Konzessioun vum Munnerefer Casino 2000 eréischt am Juni 2021 aus, mee de Staat muss 18 Méint virdru Bescheed soen, ob se verlängert gëtt. Dat ass elo geschitt an fir déi nächst 20 Joer dierfen d‘Leit sech weider um Ausruff „Rien ne vas plus!“ erfreeën oder hir Pai um Blackjack-Dësch hannerloossen. E gudden Deel dovunner ass jo fir d‘Staatskeess…

Den Avis vum Finanzminister Pierre Gramegna (DP) war entscheedend an esou huet d‘Regierung säin Accord ginn, deen zur Erneierung vun der Konzessioun vun der Munnerefer Spillbank gefouert huet. D‘Demande vum Concessionaire war am Juni 2017 agaangen. Den Erhalt vum Casino 2000 mécht Sënn, ugesiichts de ronn 500.000 Gäscht déi d‘Haus 2018 a senge Mauere begréisst huet.

Esou eppes ass och dem Ëmsaz zoudréiglech. Laut dem Chef vum Casino 2000, sollt deen dëst Joer net wäit vu 44 Milliounen Euro ewech sinn. Fir d‘Staatskeess sinn et also eng 20 Milliounen déi, d‘Konzessioun vun esou engem „ech zéien der Goss aus der Täsch“ Etablissement abréngt. Deem enge säi Leed ass nu emol deem aneren seng Freed. D‘Progressioun läit esou tëscht +6% an +8%.

Et stécht masseg Aarbecht am Erfolleg

Datt et fir déi Munnerefer esou gutt leeft – besonnesch ugesiichts der Tatsaach, datt mat de Casinoe vun Amnéville a Schloss Berg – huet seng Grënn. Déi leie manner am Glécksspill wéi un deene sëlleche Projeten, kulturellen Evenementer a soss geaartet Veranstaltungen déi de Casino 2000 mat vill Engagement a nach méi motivéierte Mataarbechter op d‘Been stellt. Firwat deen Opwand?

Hei dann d‘Erklärung vum Direkter Guido Berghmans: „Zum enge musse mir eis géintiwwer de Konkurrenten an Däitschland a Frankräich demarkéieren, zum aneren dierf een net vergiessen, datt och wann d‘Konzessioun en Encouragement ass, déi un ee ganz strengt Laaschtenheft gebonnen ass, zu där och de Schutz vum Spiller an d‘ Verhënnere vum wäisswäsche vu Geld gehéieren“.

An den Direkter betount dann och nach eng Kéier, datt seng iwwer 200 Mataarbechter d‘Gesetzer an d‘Reglementer op de Buschtaf genee anhalen. Et wier en eeschte Job an d‘Spillbank géif esou bewirtschaft gi wéi dat vun der Regierung gewënscht ass. Dat heescht allerdéngs och, datt seng Mataarbechter sech stänneg musse weiderbilden. Et ass net domadder gedoe Kaarten ze verdeelen.

An d‘Zukunft investéieren ass ëmmer gutt

Wann iwwert déi lescht 20 Joer gutt a gären 68 Milliounen an de Casino investéiert goufen, esou den Ament net ofzegesinn, wéi vill Geld d‘Famill Wicker aus Däitschland an den nächste Joren investéiere wäert. Et heescht datt een iwwert eng „Investitiounsreserv“ vu ronn 45 Milliounen Euro verfüügt, a eng ganz Rei Projeten ustinn, esou d‘Moderniséierung vun der Purple Lounge

Datt d‘Konzessioun erneiert ginn ass, bréngt dann och de Salariéeë vum Casino 2000 „Sécherheet“. Woubäi déi iergendwéi ëmmer „relativ“ ass, wat een awer elo net der Regierung oder dem Direkter kann ulaaschten. Fir si alleguerten – also inklusiv Staat – geet et baussent den Diere vum Casino e Problem. D‘Glécksspill am Internet ass liicht zougänglech a gëtt kaum bis guer net kontrolléiert.

Op et elo alles Gangster sinn muss jidderee fir sech entscheeden. Fakt ass, datt – esouwäit een de virgeluechten Zuelen iwwerhaapt vertraue kann – mindestens 25 Milliarden am „virtuelle Casino“ ëmgesat ginn. Zum Verglach: déi vum Staat kontrolléiert Haiser setzen a ganz Europa 8 Milliounen Euro ëm. An d‘Unioun ass sech ze schued deem „onkontrolléierte Glécksspill“ e Reedel virzeleeën.

Ähnlech Sujeten Casino 2000, Glécksspill, Konzessioun, Munneref, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel