Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Orkan Irma: D‘Florida Keys zéien de Bilan
Kultur Neiegkeeten

Orkan Irma: D‘Florida Keys zéien de Bilan

Agefalle Gebaier, plattgedréckte Mobilhomer, Trëmmer esou wäit e kucke kann.

Editorial: Eng Welt voller Mësstrauen
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Eng Welt voller Mësstrauen

75 Joer no de bis haut eenzegen Atomwaffenasätz (Hiroshima &

CGDIS: Feierlech Iwwerreechung vun de Graden
Kultur Neiegkeeten

CGDIS: Feierlech Iwwerreechung vun de Graden

Manner wéi ee Joer no der Entstehung vum Corps Grand-Ducal

Casino Lëtzebuerg: De Bildschierm denken – a 6 Lektiounen a Begéinungen

E Konferenzzyklus vun Oktober bis Mäerz

Casino Lëtzebuerg: De Bildschierm denken – a 6 Lektiounen a Begéinungen

De Bildschierm ass haut en integréierten Deel vun eisem Alldag, an zwar an engem Mooss dat seng Absence kaum nach virstellbar ass. Dobäi ass et ee relativ rezente Géigestand…

Wéi ass de Schierm gebuer? Wat ass seng Zukunft? Wéi eng Roll spillt en an der Geschicht vun der Konscht, de Medien an der Gesellschaft am 20. an 21. Joerhonnert? Wat verréit eis seng maassgeeblech Plaz déi hien an der zäitgenëssescher Konscht ageholl huet? Wéi en Afloss huet de Bildschierm op eise Kierper, eis Gedanken, eist Empfannen, eis Welt?

Gebuer aus dem evidente Constat, datt de Bildschierm wäit méi wéi en einfache Support ass, huet de „Forum Arts, Medias & Société“ zum Zweck sech deem ganzen eppes méi genee unzehuelen, dat ganzt ze erfuerschen an och a fro ze stellen.

Den Zyklus vu „Lektiounen a Begéinungen“ déi eemol de Mount stattfannen, proposéiert den Tour vun der Fro an dem Bildschierm ze maachen. Eemol de Mount also kënnt en internationalen Expert an de Casino zu Lëtzebuerg fir dem Public eng spezifesch Facette ze offenbaren. No all Konferenz, gëtt d‘Analys vun engem besonnesche Konschtwierk aus dem 20. oder 21. Joerhonnert vun de Mediateuren: Jean-Marc Arnaudé a Sandra Schwender dem Public virgestallt. Dat ëmmer a Verbindung mat engem Liesheft, dat op der Plaz verdeelt gëtt.

Dësen Zyklus gouf entworf an organiséiert vum Gian Maria Tore vun der Uni-Lëtzebuerg (IRMA), Kevin Muhlen an dem Bettina Heldenstein (Casino Lëtzebuerg)

Dës Evenementer fannen eemol de Mount statt: d‘Konferenz geet ëmmer vun 18.30 bis 19.30 Auer (en internationalen Expert hält dës op englesch oder franséisch); d‘Analys vum engem vun de genannte Mediateure gëtt et am Uschloss un d‘Konferenz (dauer: 15 Minutten); um 20 Auer gëtt et dann nach de Frëndschaftspatt.

Wien sech déi eng oder aner Konferenz eraussicht, ass mat 9 Euro (respektiv 6 Euro fir Leit déi als Koppel kommen oder nach Studente sinn) derbäi. Wien sech virhëlt de ganzen Zyklus ze besichen ass mat 40 Euro pro Persoun (respektiv 30 Euro fir Leit déi als Koppel kommen oder nach Studente sinn – hei ass dann och d‘Begleetheft mat abegraff) derbäi.

Et ass ee gutt beroden sech unzemellen: datt geet per Telefon ënnert dem 22 50 45 oder per e-Mail un visites@casino-luxembourg.lu

D‘Adress huet sech net geännert:

  • Casino Luxembourg – Forum d‘art contemporain
  • 41, rue Notre-Dame / L-2240 Luxembourg

De ganze Programm am Detail fannt dir op www.casino-luxembourg.lu

Opmaacherfoto: Janet Cardiff an Georges Bures Miller, Videoausschnëtt vun de Presentatioun vun engem Marsch op der Haaptgare zu Kassel. (Gemaach fir d‘Dokumenta 13, am Joer 2012)

Ähnlech Sujeten Casino Lëtzebuerg, Forum d‘art contemporain, Konferenzen, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel