Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ASTI: Ee wéineg ambitiéise Koalitiounsaccord fir d’Zesummeliewen
Kultur Neiegkeeten

ASTI: Ee wéineg ambitiéise Koalitiounsaccord fir d’Zesummeliewen

Virun de legislative Wahlen hat ASTI seng Iwwerleeungen a Propositiounen

„No Paseran“: Europa huet seng Grenzen zou gemaach
Kultur Neiegkeeten

„No Paseran“: Europa huet seng Grenzen zou gemaach

2017 war weder fir Migranten nach fir Refugiéeën e gutt

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi
Kultur Neiegkeeten

Editorial: D’digital Zukunft suergt fir Bauchwéi

Lëtzebuerg deet sech mat der Digitaliséierung schwéier. Sou vill ass

Casino Luxembourg – Ab e Méindeg nees op

Casino Luxembourg – Ab e Méindeg nees op

De Casino Luxembourg – Fordum d’art contemporain annoncéiert, datt ab e Méindeg, den 11. Mee 2020 hir Dieren nees opmaachen. Duerch déi rezent Moossname vum Deconfinement, wouduerch d’Muséeën an Ausstellungsplazen hir Aktivitéiten erëm ophuelen dierfen, geet och dëse Stater Musée seng Erëffnung un.

Dobäi ginn déi sanitär Preventiounsmoossname streng befollegt, fir d’Sécherheet vun de Mataarbechter a Visiteuren ze garantéieren. Aus dësem Grond sinn d’Ëffnungszäiten ugepasst ginn op 11:00 bis 18:00 Auer (ausser Dënschdes).

Ab e Méindeg ass et also méiglech sech een eegent Bild vun der temporärer Expo They Might Stay the Night vun der Lëtzebuerger Artistin Sophie Jung ze maachen. D’Ausstellung, déi bis de 25. Oktober 2020 verlängert ginn ass, steet a Kritik, wëll doudeg Déieren ze gesi sinn.

Op zwee Beräicher muss een allerdéngs (nach eng Zäit) verzichten. Do, wou de Visiteur an d’Welte vun der virtueller Realitéit entféiert soll ginn, muss dësen ee Casque undoen, wat aktuell nach gekuckt gëtt, op dës Aktivitéit méiglech ass. Och den InfoLab, d’Bibliothéik fir Konschtgeschicht, wäert zu engem spéideren Zäitpunkt opmaachen.

De Casino Luxembourg invitéiert dofir op déi digital Dokumentatioun vun den Ausstellungen zeréckzegräifen. Weider Informatioune ginn et op www.casino-luxembourg.lu.

Opmaacherbild: © Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain / Facebook10

Ähnlech Sujeten Ausstellung, Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain, Coronakris, Deconfinement, Konscht, Musée, Sophie Jung, Stad Lëtzebuerg, They Might Stay The Night
Nächsten Artikel Virrechten Artikel