Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada
Neiegkeeten

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada

Zu Jerada, eng vu Gott vergiesse Gemeng am Norde vum

JaKINOspark – Filmerliefnis ënnert fräiem Himmel
Neiegkeeten

JaKINOspark – Filmerliefnis ënnert fräiem Himmel

Dir wellt nees e richtegt Kino-Erliefnis hunn, hutt awer am

CSJ: D’Kritikpunkte vun der Tracing-App loosse sech léisen!
Neiegkeeten

CSJ: D’Kritikpunkte vun der Tracing-App loosse sech léisen!

Gëscht koum d’Nouvelle datt sech d’Unzuel vun den aktiven Infektiounen

Nei Raimlechkeete fir ee besseren Empfang

Nei Raimlechkeete fir ee besseren Empfang

Den 9. September 2020 war de Sozialversécherungsminister Romain Schneider, dat neit Gebai vum Schiidsgeriicht vun der Sozialversécherung (CASS) besichen. Zesumme mam President Tom Moes an dem Vizepresident Georges Kohn, huet hie sech déi nei Raimlechkeeten ugekuckt.

D‘Schiidsgeriicht vun der Sozialversécherung ass kompetent, an éischter Instanz, fir alles wat et u Kontestatiounen am Bezuch op Sozialversécherung, déi et tëscht Versécherten engersäits an den Institutiounen oder Verwaltungen anersäits, ka ginn. De CASS fält all Joers iwwer 2.000 Urteeler.

D‘Schiidsgeriicht vun der Sozialversécherung huet an de leschte Joren en enormen Zouwuess vu sengen Aktivitéite kann, wat sech duerch eng rasant Zounam vu Versécherten erkläert. Méi Leit déi verséchert sinn, bedeit dann och automatesch, datt et méi Dossiere gëtt an déi ginn och nach ëmmer méi komplex. Dat huet zu laange Friste gefouert, wat natierlech net zefriddestellend ka sinn.

Am Koalitiounsaccord vun der Regierung (2018-2023) war dann och scho virgesinn, d‘Effektiver vum CASS ze erhéijen an dësem och méi Moyenen zur Verfügung ze stellen. Wann ee méi Personal huet, brauch ee folgerichteg och méi Plaz. Mat den neie Raimlechkeeten op 272 Arelerstrooss, ass dësem Punkt Rechnung gedroe ginn. D‘Fläch huet sech géintiwwer virdru carrement verdräifacht.

Op iwwer 1.665 M² léisst sech gutt schaffen. Et ginn dräi Audienzsäll, vill Büroen a besonnesch Raimlechkeeten déi de Besoine vun den Doktere Rechnung droen. Déi nei Lokaler erlaben et dann och déi „geschützte Persounen“ besser ze empfänken, notamment Persoune mat ageschränkter Mobilitéit. Mat méi Personal sollten sech och Fristen zur Behandlung vun den Dossiere verkierzen.

Am CASS schaffen aktuell 36 Mataarbechter an iwwert déi nächst fënnef Joer sollen nach emol 15 Leit bäikommen. Bei senger Visite huet de Minister Romain Schneider de Kollaborateure vum CASS fir hir alldeeglech Efforten am Déngscht vun der Sozialversécherung e Luef ausgeschwat:

„Ech wëll allen hei ee grousse Merci fir déi geleeschten Aarbecht soen, déi derzou bäidréit den Empfang vun de geschützte Persounen ze verbesseren an d‘Friste vum Traitement vun de Recoursen ze verkierzen“, esou de Sozialversécherungsminister Romain Schneider.

Matgedeelt vum Ministère fir Sozialversécherung, fräi aus franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: (v.l.n.r.) Goerges Kohn, Vizepresident Schiidsgeriicht vun der Sozialversécherung (CASS); Romain Schneider, Sozialversécherungsminister; Tom Moes, President vum Schiidsgeriicht vun der Sozialversécherung (CASS) – © MSS/SIP

Ähnlech Sujeten CASS, Georges Kohn, Romain Schneider, Schiidsgeriicht vun der Sozialversécherung, Tom Moes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel