Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus beonrouegen d‘ASTI
Kultur Stories

Chamberwahlen: Lëtzebuerger Sprooch a Patriotismus beonrouegen d‘ASTI

Wann ee bedenkt, datt 2013 nach all eis politesch Parteien

Stadbriedemes: Konscht an al Miwwele kommen ënnert den Hummer
Kultur Stories

Stadbriedemes: Konscht an al Miwwele kommen ënnert den Hummer

Wien op dësem Sonndeg Nomëtteg nach net sollt wësse wat

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Kultur Stories

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al

D‘Mëttelalterfest vun Useldeng ass net dat eenzegt Fest a sengem

Castlevania ass eng Ëmsetzung, wéi een se sech wënscht

Ënnerhalsam, och fir Neilingen

Castlevania ass eng Ëmsetzung, wéi een se sech wënscht

Videospillëmsetzungen ass grondsätzlech ze mësstrauen. Ze oft ass ënnert bekannte Nimm totale schrott produzéiert ginn. Beispiller? De Mario Bros. Film (1993) ass schrot, ma trashesch genuch, fir e flott ze fannen. Assassins Creed (2016) war einfach nëmmen Trash. Double Dragons? Komm mir schwätzen net driwwer…

Nee, d’Lëscht vun den respektabelen Adaptatiounen ass kuerz. Mee d’Castlevania-Animatiounsserie op Netflix däerf sech dozou zielen. Zwar kënnt déi éischt Staffel grad mol op véier Folgen, mee an deene Folgen gëtt da bal alles richteg gemaach. Dat läit och un de Figuren, deenen hir Motivatioune kloer sinn. Et wier einfach gewiescht, den Dracula wéi sou oft einfach wéi e Monster duerzestellen. Mee direkt am Ufank beméit sech d’Serie, e mënschlech, souguer sympathesch, duerzestellen. Eng jonk Doktesch kënnt bei en, vir vun him an d’Naturwëssenschaften agefouert ze ginn, fir hirer mëttelalterlecher Ëmwelt aus dem Awerglawen eraus ze hëllefen. Dorausser entsteet eng Léift, déi leider um Scheiterhaufen lant, gëtt d’Fra Jore méi spéit als Hex verbrannt. Den Dracula schwiert eng bluddeg Revenge ze huelen an iwwerrent d’Land mat enger Hord vun Dämonen.

Held widder Wëllen

Deen eenzegen, deen deem eppes entgéint setze kann, ass den Trevor Belmont. Seng Famill huet sech ëmmer am Kampf géint Dämonen fir déi schwaach agesat. Mee nodeems se vun der Kierch exkommunizéiert gi sinn, wëll en nëmme géint säi Wëllen zeréck an seng Roll als Vampir-jäer zeréck fannen. Mee d’Schicksal huet do eppes aneres mat him fir. Den Trevor ass nom Ufank vun der éischter Folg och de Fokus. Hien ass sympathesch, mee widderspensteg an duerchaus rebellesch. Dat mécht en zu engem klengen Anti-Held, à la Han Solo, mee mécht et einfach, sech mat him ze identifizéieren. An obwuel d’Serie schnell fäerdeg ass, an d’Action relativ schnell kënnt, muss een soen datt keng Dialogzeil ausgelooss gëtt, fir de Personnage net awer nach e bësschen ze verdéiwen.

Et ass wierklech bemierkenswäert, wéi d’Serie et packt, hien plastesch a novollzéibar ze maachen. Seng Dialogen mat anere Niewefiguren an seng Dominanz an der Action sprieche Bänn. Dat läit och un den Niewefiguren, déi him Plaz loossen an Antagonisten, déi skurril iwwerzeegend sinn. Do gëtt gespuert, fir datt d’Haptspersonnagen glänze kënnen.

D’Action ass gutt inzenéiert an d’Zeechequalitéit ganz uerdentlech. Och d’Musék ass stëmmeg. Ëm éierlech ze sinn, gëtt et hei net vill auszesetzen. Villäicht datt de Gore hei verschiddenen opstousse kéint oder och d’Gefluchs deelweis deplacéiert eriwwer kënnt. Mee fir der Recht kann een sech des Serie och ukucken, ouni e Fan vun der Spill-Virlag ze sinn. Absolut kuckeswäert an zum Gléck ass och schonn eng zweet Staffel ugekënnegt.

D’Serie kann een integral op Netflix kucken.

Fotoen: Netflix

Ähnlech Sujeten Castlevania, Konami, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel