Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?
Kultur Neiegkeeten

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?

Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill. Do kann

Ab wéini ass Gewaltuwennung disproportionéiert ?
Kultur Neiegkeeten

Ab wéini ass Gewaltuwennung disproportionéiert ?

De 17. August huet de Schüler Kadir G. (15 Joer)

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren
Kultur Neiegkeeten

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren

Si haten et ugekënnegt an zéien et voll duerch: d’Klimaaktiviste

Cat Power um Siren’s Call 2019

Cat Power um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s Call Festival statt. Och dëst Joer iwwerzeegt d’Event nees mat multidisziplinären Erliefnisser a verwandelt de Gronn an eng kulturell Attraktioun. An dësem Kader stelle mir elo Woch fir Woch een Akt fir, op den Dir Iech scho freeë kennt!

Scho säit 1990 iwwerzeegt Cat Power mat donkele Folk-Songs an Aflëss aus dem Blues. D’Chan Marshall, amerikanesch Singer-Songwriter, Musekerin, Schauspillerin a Model tourt ënnert dem Numm Cat Power duerch d’Musekswelt.

Am Ufank war et geduecht als Band, schlussendlech huet sech Cat Power awer zu engem Solo-Projet entwéckelt. Duerch déi perséinlech an artistesch Entwécklung huet d’Musekerin mat der Zäit geléiert, datt wéineger oft méi ass, woubäi déi phenomenaalst Momenter a senger Karriär genau déi minimalistesch Optrëtter waren.

An dësem Sënn ass den 10. Album „Wanderer“ op der Iddi vun Spuersamkeet als Stäerkt opgebaut. Dobäi bestécht nees déi minimalistesch Formel vun der Kënschtlerin, déi zu e muer metronomesche Piano- oder Gittar-Accorde séngt, vläicht souguer zu e puer Beats vun der Battrie.

Siren's Call

Siren’s Call 2019

Zum Line-Up vun 2019 gehéiere Metronomy (GB), Cat Power (USA), Band of Horses (USA), Idles (GB), Flavien Berger (FR), Grandbrothers (DE), Claire Laffut (BE), The Holy (FIN), Raftside (LUX), Claire Parsons(LUX), Uriel Barthélémi (FR) a C’est Karma (LUX).

Natierlech kritt een am Food Village och de Baichi gefëllt, an dat mat Iessen aus der Regioun an enger Wäin-Bar aus bio-dynameschem Wäin a Crément.
Den Ticket kascht 52€ +Taxen. Kanner ënnert 10 Joer komme gratis eran. All Kand ënnert 14 Joer muss vun engem Erwuessene begleet ginn.

Ähnlech Sujeten Band, Cat Power, Festival, Musék, Siren's Call 2019, Wanderer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel