Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?
Kultur Neiegkeeten

Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?

Mat dëser Fro huet sech de Statec auserneen gesat. An

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën
Kultur Neiegkeeten

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën

Et ass de Premierminister Scott Morrison, deen um Dënschdeg annoncéiert

Greenpeace installéiert e risegen Draach zu Dragonstone
Kultur Neiegkeeten

Greenpeace installéiert e risegen Draach zu Dragonstone

Ab dem 14. Abrëll gëtt déi lescht Staffel vu „Game

CATS – Op véier Patten duerch den Owend!

CATS – Op véier Patten duerch den Owend!

Gëschter Owend ass déi éischt Show vum Musical Cats an der Rockhal zu Esch/Uelzecht opgefouert ginn. D’Meeschterwierk vum Andrew Lloyd Webber erlieft säit 1981 enorme Succès a gouf duerch déi wonnerbar Melodien, artistesch Choreographien an den faszinéierende Kostümer schonn dës ëfteren ausgezeechent. Bis den 10. Februar gëtt de Musical mat de mënschleche Miessien nach zu Lëtzebuerg gespillt.

Begeeschtert Musical-Fans hu sech an der Rockhal zesumme fonnt, fir un engem fir si neien Erliefnis deelzehuelen oder sech fir eng widderhuelte Kéier d’Geschicht mat den Jellicle-Katzen unzekucken. Am Publikum war dann och eise Premierminister, de Xavier Bettel, den gespaant de Musical mat verfollegt huet. Generell muss een awer soen, datt nach sou munch Platzen am Sall fräi waren, wat awer och vläicht dorunner louch, datt d’Opféierung un engem Dënschdeg Owend war, wou déi meescht vun eis den Dag drop hu misse schaffen a sech léiwer Weekends d’Show um Belval ukucken.

Wien nach net un engem Evenement an der Rockhal deelgeholl huet, bei der een reservéiert Sëtzplazen huet, sollt dann och informéiert sinn, datt ee gutt gepolsterte Pupes hei net schlecht ass. D’Klappstill am Sall sinn immens enk zesumme gestallt a spéitstens kuerz virun der Paus spiert ee säin Hënner net méi. Sollt een also Problemer mat laangem Sëtzen hunn, sollt een och drun denke, sech eng bequem Ënnerlag matzehuelen, fir den Owend genéissen ze kënnen.

Cats

© Alessandro Pinna

Eng muusseg Erfollegsgeschicht

Komme mir awer elo zum Musical selwer. D’Show ass, duerch seng britesch Besetzung, op Englesch gehalen, wouduerch et gutt wier, schonn am viraus d’Geschicht ze kennen, de Fall gesat, datt déi eegen Englesch-Kenntnisser net ausgebaut sinn. Och Famillen, déi plange mat hire Kanner laanscht ze komme, rode mir un de klenge Butzen am viraus ze erklären, wisou d’Katzen sech zesummefannen an iwwert wat se sangen.

Bei „Cats“ treffen sech nämlech ee Mol d’Joer d’Jellicle-Katzen op enger Schrottplaz zesumme fir hir traditionell Versammlung, woubäi eng Katz d’Chance op een zweet Liewe kritt. Heibäi stell all Miessi sech vir, erzielt vu senge Stäerken, Wënsch an Hoffnungen. Dobäi ass all eenzelt Déierche beméit, seng bescht Säit ze weisen, sou datt si ausgewielt ginn.

D’Faszinatioun lieft weider

Och wann et de Musical elo schonn iwwer 30 Joer gëtt huet d’Geschicht net un Elan, Charme an Ausstralung verluer. Hei gëtt och de Publikum aktiv mat abezunn, sou datt d’Jellicle-Cats sech net do virdru scheien, duerch d’Leit ze lafen, mat hinnen ze interagéieren a souguer mat de Leit ze danzen. Datt d’Acteuren engem esou no komme bréngt nach méi Liewen an d’Geschicht an et kann een et net ofstreiden, datt d’Ae vun de Kanner hei erstralen.

Virun allem d’Performance vun der Katz Grizabella, mam weltwäiten Hit „Memory“ ass immens ergräifend an een Highlight vun der Show. Ganz dovun ofgesinn, datt déi pelzeg Kostümer hir Faszinatioun net verluer hunn, muss een dat artistescht Talent vun den Acteure luewen, déi hir Roll, d’Beweegungen an d’Mimik super astudéiert hunn. Dobäi harmonéiert d’Bühnebild perfekt mat der Geschicht an iwwerrascht ëmmer nees op een neits, wou da schonn erëm eng Katz eraus kënnt, wat sech alles beweegt a liicht.

Wien dësen Owend esou richteg genéisse wëll sollt sech dann och fréi genuch op de Wee op de Belval maachen. Zemools d’Autobunn vun der Stad Richtung Belval ass géint der Owend immens voll e gëtt vu Stau dominéiert, wouduerch een den Trajet net ënnerschätze sollt. Och d’Chantiere suerge fir liichte Chaos, woubäi een awer ëmmer op d’Schëlder oppasse sollt. Mir wënsche fir déi kommend Deeg op alle Fall vill Spaass bei der Show!

Opmaacherbild: © Alessandro Pinna

Ähnlech Sujeten Cats, Jellicle-Cats, Katz, Musék, Musical, Rockhal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel