Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neiegkeeten

Konditioune Gewënnspill “Live aus dem Parc”

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner
Neiegkeeten

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner

Et ass d’Zäit vun de Feierlechkeeten. Heibäi sollt een sech

Deen eppes anere Festival: „Nuecht vun de Lampione“ zu Wolz
Neiegkeeten

Deen eppes anere Festival: „Nuecht vun de Lampione“ zu Wolz

De „Nuit des Lampions“ ass e magesche Festival, an dee

CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!

Dem Gesetzprojet vum Justizminister feelt et u Kohärenz a Struktur

CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!

Déi „Consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter“ (CCDH) war eigentlech zefridde mam Fait, datt de Justizminister Felix Braz (déi gréng), d‘Jugendschutzgesetz aus dem Joer 1992 wëll reforméieren. Dat huet sech schlagaarteg geännert, wéi hinnen de Projet als Text virgeluecht gouf.

No der Consultatioun vum Text, deem et un: „Koherenz, Prezisioun a Struktur feelt“, huet den CCDH drop verzicht eng detailléiert Analys ofzeginn. Hei misst et zu enger fundamentaler Reform vum Text kommen, heescht et säitens dem CCDH, no enger Evaluatioun vum aktuelle System. D‘Kommissioun fuerdert zudeem en ëffentlechen Debat, deen um Fong misst gefouert ginn.

Eng vun den zentrale Fuerderunge vun der Mënscherechtskommissioun, besteet doranner, datt zu Lëtzebuerg ënner kengen Ëmstänn e Mannerjäregen zu Schraasseg (CPL) ënnerzebréngen ass, an d‘Rechter vun der Verdeedegung, esou wéi d‘Garantien zur Prozedur – fir déi betraffe Mannerjäreg an hir Elteren/Tuteuren – Respektéiert ginn.

Zudeem verlaangt den CCDH, datt en Zäitraum fir de „Placement“ festgeluecht gëtt, mee och eng Altersgrenz fir d‘Haft an der „Sécherheetseenheet“ (UniSec) misst ginn. Iwwerhaapt sollt definéiert ginn, fir wéi e Verbriechen den Fräiheetsenzuch kann ugewannt ginn. D‘Kommissioun geséich et och gären, datt den Transfert vun der elterlecher Autoritéit besser encadréiert géif ginn.

Mannerjäreger an Erwuessener gehéiere getrennt

Onverännert och de Standpunkt vun der Mënschrechtskommissioun am Bezuch op eng gemeinsam Haft vu Mannerjäreger an Erwuessenen. Et wier net ze toleréieren, datt „Kanner“ an Institutiounen ënnerbruecht ginn, déi Erwuessene virbehale sinn. Am neien Text allerdéngs, behält sech de Felix Braz vir, Jugendlecher tëscht 16 an 18 Joer, am Prisong zu Schraasseg festzesetzen.

Ausnahme stinn net zur Debatte wann et ëm Mannerjäreger geet, an esou besteet de CCDH drop, datt jonk Leit déi sech engem Verbrieche schëlleg gemaach hunn, an d‘ Sécherheetseenheet vum sozioedukativen Zenter vun Dräibur ze iwwerweise sinn. Hei géifen si entspriechend professionell encadréiert, an d‘Chancen op Resozialiséierung wieren entspriechend besser opgestallt.

Wann ee sech drop kann eenegen, datt de „Prisong“ fir e Mannerjäregen déi allerleschten Optioun dierf duerstellen, an dee scho muss e richtegt „Verbrieche“ begaangen hunn, da mussen déi Delikter déi zum Fräiheetsenzuch féieren, entspriechend am Gesetz benannt ginn. An op dësem Punkt léisst mat der Mënscherechtskommissioun kee Kompromëss fannen.

De Justizminister ass zumindest gewarnt

Fir d‘CCDH, muss et kloer sinn, datt d‘Gesetzer fir Mannerjäreger fir jidderee gläich musse sinn, an zousätzlech mussen si déi selwecht Rechter am Penal erhale wéi déi Erwuessen. Dat besonnesch wat d‘Recht op Verdeedegung, oder d‘Prozedur ugeet. Dat geet awer nëmmen, wann et och kloer an däitlech am Gesetz steet. Hei sollt ee sech déi international Normen nach emol zu Gemitt féieren.

Wat de Prinzip vum Erhalt vun elterlecher Autoritéit betrëfft, esou begréisst d‘Kommissioun, datt déi och beim Placement bestoe bleift. Bedauert ginn déi sëllechen Ausnamen, déi am Text enthale sinn. Esou kann e Riichter den Transfert vun engem Mannerjäregen, ouni sech un déi fundamental Rechter vun der Prozedur ze halen, eegestänneg entscheeden. Dat ass Arbiträr a geet guer net…

Elo läit de Ball dann nees am Lager vum Justizminister. Wéi dësen elo mat der Stellungnam vum CCDH ëmgoe wäert, op hien den Text nach emol vu senge Beamten iwwerschaffe léist, oder ganz entspaant op den Avis vum Staatsrot waart, ass net gewosst. Et schéngt awer fir den Ament esou auszegesinn, datt de Projet an der aktueller Versioun, net de grousse Worf ass.

Foto: An den USA ass et selbstverständlech Kanner anzespären, an dat op Joerzéngten hin. Mee Mannerjäreger bei Erwuessener ënnerbréngen, maachen si net. Woubäi d‘USA ganz aner Suergen hunn, wéi dat nach zu Lëtzebuerg de Fall ass. © Richard Ross/Youth First

Ähnlech Sujeten CCDH, CPL, Dräibur, Felix Braz, Gesetz, Justizminister, Mannerjäreg, Sozioedukativen Zenter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel