Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du mengs, däin Internet wier ze lues? Mat dëser App kanns du et selwer kontrolléieren!
International Neiegkeeten

Du mengs, däin Internet wier ze lues? Mat dëser App kanns du et selwer kontrolléieren!

Et gëtt näischt Schlëmmeres, wéi e Video op Youtube oder

Landtagswahlen a Sachsen a Brandenburg: wéi steet et ëm d‘Volleksparteien?
International Neiegkeeten

Landtagswahlen a Sachsen a Brandenburg: wéi steet et ëm d‘Volleksparteien?

Den däitschen „Osten“ gëtt politesch vu Westdäitsche bestëmmt. Manner wéi

Minneapolis wëll d‘Police nei opstellen
International Neiegkeeten

Minneapolis wëll d‘Police nei opstellen

Et musse besser Zäite kommen an eng Tragedie wéi den

Etappevictoire fir den CDU-Kanzlerkandidat Armin Laschet

Etappevictoire fir den CDU-Kanzlerkandidat Armin Laschet

Obwuel d‘Chrëschtdemokraten an Nordrhein-Westfalen liicht Verloschter ze verquëssen hunn, hunn dem Armin Laschet seng Truppen dës Landeswahle fir sech entscheet. Entspriechend de leschten Héichrechnungen, kënnt d‘CDU bei de Kommunalwahlen op iwwer 35% vun de Stëmmen. D‘SPD verléiert nees zolidd un Zousproch, bleift mat knappe 25% awer déi zweet Kraaft am Bundesland.

Fir de Ministerpresident Armin Laschet, deen sech fir d‘Mandat als Bundeskanzler interesséiert, ee gelongene Wahl-Weekend. „De Wahlerfolleg vun der CDU ass d‘Unerkennung fir de Wee vun der Mooss an der Mëtt wärend der Pandemie. (…) Eng Victoire an dëser Gréisstenuerdnung haten sech der net vill erwaart, an engem Land dat 50 Joer vun der SPD regéiert ginn ass“, esou de Laschet.

Woubäi, dovunner iwwerzeegt ze sinn, dee richtege Wee ageschloen an déi richteg Entscheedungen am Kontext vun der Covid19-Pandemie getraff ze hunn, ass ugesiichts de viller Kritik schonn eppes gewot. Mee gutt de Gewënner bestëmmt jo schonn a gewësser Mooss, wéi d‘Geschicht geschriwwe gëtt. Woubäi de „Gewënner“ streng geholl ee ganz aneren ass, an zwar sinn et „die Grünen“.

CDU

D‘CDU verléiert géintiwwer de leschte Wahlen ëmmerhin 3,2%; mee d‘SPD muss sech mat -7,1% eng gréisser Néierlag gefale loossen. Dofir hunn „die Grünen“mat +8,3% en zolitte Saz no vir gemaach. Si sinn elo mat ronn 20% déi drëttstäerkst politesch Kraaft an Nordrhein-Westfalen. Et ass zudeem den Ekologisten hiert bescht Resultat bei enger Kommunalwahl an dësem Land.

Bei de „Kellerparteien“ FPD an AfD sollt et och zimmlech gutt Laun hunn. Och dës vermeintlech „kleng“ Parteie konnten sech e gewësse Stëmmenzouwues sécheren. Déi Liberal verzeechne mat +0,8% eng wuel kleng Progressioun, mee ëmmerhin. D‘Populiste vun der AfD progresséieren ëm +2,5% a kommen op Landesniveau elo iwwer 5%. Dogéint verléiert „die Linke“ weider un Afloss.

Dës ganz Zuele muss een dann allerdéngs och net eppes relativiséieren. Déi grouss Loscht sech fir Politik anzesetzen an eventuell mat senger Stëmm op d‘Zukunft Afloss ze huelen, déi hunn d‘Leit aus Nordrhein-Westfalen net wierkelch. D‘Wahlbedeelegung huet mat 51,5% knapp iwwert dem Interessi vun 2014 (50%) geleeën, mee et schéngt soss all zweete Wieler „hanne laanscht“ ze goen.

mat indymedia/dus

Ähnlech Sujeten Armin Laschet, CDU, die Grünen, Kommunalwahlen, Nordrhein-Westfalen, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel