Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino
Neiegkeeten

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino

  D’Golden Globes sti virun der Dier. An anescht wéi

Editorial: E Verfassungsrechtlech garantéiert Massaker
Neiegkeeten

Editorial: E Verfassungsrechtlech garantéiert Massaker

Kann een an Amerika den „second amendment“ aus der Verfassung

Stenia Zapalowska – ee Liewe fir den Danz
Neiegkeeten

Stenia Zapalowska – ee Liewe fir den Danz

Um 8. Mee invitéiert den Centre National de Littérature (CNL)

Den éischte Stee fir de Centre Mosellan zu Éinen gouf gesat

D’Ëmweltministesch, Carole Dieschbourg, huet gëschter assistéiert fir den éischte Stee vum zukünftege Centre Mosellan zu Éinen ze setzen.

Zweck vun der Erneierung an dem Ausbau ass et, een touristeschen Unzéiungspunkt ze schafen, andeems awer d’Architektur an de Geescht vum ale Mauerwierk vun de fréieren Haiser Wellenstein, Schëntgen a Kelterhaus. Des Gebaier ënnerleien dem nationalen Denkmalschutz.

Déi nei Konstruktioun wäert een Accueil mat Bistro a Vinothéik hunn. D’Bausseraim vervollstännegen d’Ariichtung a bidden eng Vëlosstatioun virun der neier Haaptentrée, fir esou och déi douce Mobilitéit ze ënnerstëtzen.

Et war eng grouss Erausfuerderung déi bestoend Konstruktiounen aus dem 16. an 18. Joerhonnert mat engem Ausbau zu engem modernen a wierksamen Interessensenter fir eist Land ze verbannen“, preziséiert d’Carole Dieschbourg.

De Budget vun der Ëmwandlung läit bei 5 Milliounen Euro. Den Ëmbau wäert bis Ufank 2012 daueren. Dat fäerdegt Gebai bitt weiderhin nach ee Festsall, ee Konferenzsall, ee Musée a Platz fir Ausstellungen.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Centre Mosellan, Denkmalschutz, Einen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel