Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger
Kultur Neiegkeeten Stories

Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger

Gëschter huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) eng Konventioun zur

Kenns du däi Land gutt genuch, fir hei 9 Richteger ze kréien?
Kultur Neiegkeeten Stories

Kenns du däi Land gutt genuch, fir hei 9 Richteger ze kréien?

Et seet een (zu Recht!) datt Lëtzebuerg e schéint Land

Asaz vu chemesche Waffen an Syrien: Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot op Ufro vu Russland
Kultur Neiegkeeten Stories

Asaz vu chemesche Waffen an Syrien: Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot op Ufro vu Russland

Fir haut huet Russland eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot aberuff. Et

Centre Pompidou Metz – Een kulturellt Erliefnis fir all Konschtbegeeschterten

Centre Pompidou Metz – Een kulturellt Erliefnis fir all Konschtbegeeschterten
© Shari Pleimelding/moien.lu

Wien u Konscht an all senge Formen interesséiert ass, sollt sech onbedéngt deemnächst emol de Centre Pompidou an der klenger franséischer Stad ukucken. Momentan lackelt de Musée seng Visiteuren mat den temporären an zäitgenëssegen Ausstellungen, wéi beispillsweis zum Thema Nuecht, an. Hei kann de Visiteur souwuel déi verschidde Wierker bewonneren, wéi och selwer aktiv ginn!

Säit dem 12. Mee 2010 sinn d’Dieren vum Centre Pompidou zu Metz fir seng Visiteuren op. D’Schwësterariichtung vum Centre Pompidou zu Paräis ass een eenzegaartegt Erliefnis, wou ee kënschtlerescht Schafen an all senge Variatiounen erliewe kann. Generell bidde si all Joer 4 bis 6 temporär Ausstellungen un, déi verschidde Beräicher vun der Konscht opweisen, sief et Architektur, Danz, Video, Biller oder Ähnleches.

Momentan kann een op 10.700 m² Fläch a véier Etagen ee fantastesche Programm bewonneren. Ufänken soll een dann um Rez-de-Chaussée, den mat extrem faarwege Biller an dem Spill mat de Formen faszinéiert. Haaptsächlech geet et hei ëm de bekannte franséiche Fauvist an Expressionist, den Henri Matisse. „Ech well just nach meng Faarwen zum sange bréngen, ouni all déi Reegelen a Verbueter ze berécksiichtegen“, sou sot de Kënschtler nach zu Liefzäiten. Ganz an dësem Sënn presentéiert dëse Beräich vum Musée Wierker vun him, an anere Kënschtler, déi sech un him inspiréiert hunn.

Et soll ee bedenken, datt een hei vill zäitgenësseg Konscht ze kucken an ze erliewe kritt. Wien op déi éischt Etage erop klëmmt gëtt mam „Well-Tuned Piano in the Magenta Lights“ reegelrecht an Trance versat. Ass een ee Mol Trap erop, muss een da schonn d’Schong ausdoen, fir uschléissend een Zëmmer mat wäissem muussegem Teppechbuedem, an ee Raum ganz a Magenta gehalen, ze betrieden. Op engem risegen Ecran gëtt de Video vum Komponist La Monte Young iwwerdroen. De Museker spillt hei een onendlecht Lidd um Piano, wat ee mat sengen ëmmer ähnlech kléngenden Téin a ville Schwéngungen an eng aner Dimensioun bréngt. Dat schéint ass, datt een dobäi um Buedem läit. Op een et elo novollzéie kann, oder fir grousse Quatsch hält bleift am Endeffekt jiddwerengem selwer iwwerlooss.

Op der anerer Säit vun dëser Etage kann een als Visiteur selwer aktiv ginn. An engem grénge Zëmmer – et soll e sech jo un d’Spill mat Form a Faarf vum Henri Matisse erënneren – kann ee sech mat Kräid veréiwegen. Duerch dat ganzt Zëmmer duerch fënnt een kreativ Zeechnungen, witzeg Spréch, Nimm oder kleng Zeechen vun alle Leit, déi säit Juni 2018 de Café Little Boy vum Jean-Luc Vilmouth betrueden hunn.

Viru geet et mam aktuellen Highlight vum Centre Pompidou zu Metz. Iwwert zwou Etagen geet et ëm d’Thema Nuecht. Sief et, datt de Kënschtler d’Nuecht gemoolt huet, am däischteren senger Kreativitéit fräie Laf gelooss huet, oder sech un der Nuecht inspiréiert huet, hei ass alles erlaabt. Säit dem 13. Oktober 2018 zitt déi temporär Ausstellung „Die Nacht malen“ een immens grousse Publikum un, déi sech d’Wierker vun de verschiddene Kënschtler net entgoe loosse wëllen.

D’Welt vun der Nuecht an all d’Froen, déi si mat sech bréngt, ass an der Konscht besonnesch säit dem 19. Joerhonnert zimlech present. D’Technik huet sech rasant virun entwéckelt, wat dunn d’Elektrifizéierung a Beliichtung, Psychoanalys an d’Erkundung vum Weltraum mat sech bruecht huet. Domadder ass et eng immens Inspiratiounsquell fir modern an zäitgenësseg Kënschtler, déi sou mat der Donkelheet, de Stären, dem Mound a villem méi, experimentéieren.

Am Endeffekt wëlle mir hei net ze vill verroden. An awer sollt ee sech de Musée onbedéngt emol ukucken, wann een an der Géigend ass. Wien sech alles genau ukucke wëll, sollt hei mat engem Besuch vun 3 bis 4 Stonne rechnen. Uschléissend léisst sech dëse kulturellen Ausfluch super mat e bësse Bummelen an der Stad Metz verbannen. Méi Informatiounen zum Centre Pompidou zu Metz fannt Dir ënnert www.centrepompidou-metz.fr.

Ähnlech Sujeten Centre Pompidou, Henri Matisse, Konscht, Metz, Musée, Musék, Peindre la nuit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel