Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll
Neiegkeeten

Belsch: Fir d‘Fleegepersonal ass d‘Mooss voll

Mam Slogan „La Santé en Lutte“ huet et ee Sonndeg

US-President mat Däitschland onzefridden
Neiegkeeten

US-President mat Däitschland onzefridden

Däitschland wier ee vun de wéinegen NATO-Partner dee sech net

dislike
Wéi gutt kenns du d’Nordstad?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Nordstad?

Och wann d‘Nordstad nach éischter eng Theorie wéi eng Tatsaach

Den CES presentéiert seng 3 Avisen

Den CES presentéiert seng 3 Avisen

No der Plenarversammlung um 14. Juli 2020 vum Conseil Économique et Sociale (CES) huet dës consultativ Institutioun 3 Avisen erausginn, déi sech op d’Joer 2020, op de Rapport vun 2019 vum nationale Produktivitéitsrot an den Impakt vun der neier Konventioun zur Franséisch-Lëtzebuerger Duebelbesteierung.

Den CES déngt der Regierung als berodend Institutioun am ekonomeschen a soziale Beräich. Dobäi representéiert de Rot um nationale Plang dat dräisäitegt zentraalt a permanent Reflexiounsorgan vum Sozialdialog an der sozioprofessioneller Zesummenaarbecht.

Den Avis 2020 vum CES

Bei engem Treffen am Februar 2020 hunn d’Sozialpartner dat europäescht Semester 2020 ouni Regierungsmemberen preparéiert. Dobäi huet een d’Demarche erneiert a probéiert, nach méi eng enk zesummenzeschaffen, fir esou eng gemeinsam Presentatioun vun den essentielle Froen opzestellen.

D’Regierung gouf natierlech iwwert dës traditionell an ëffentlech Reunioun, déi eigentlech Enn Mäerz stattfanne sollt, informéiert. Trotz Pandemie bleiwen d’Froe vun de soziale Partner weiderhi bestoen, wouduerch proposéiert ginn ass, der Regierung dëse Beitrag am Kader vum europäesche Semester als Avis anzereechen.

Den Avis fannt Dir HEI.

Den CES-Avis zum Rapport 2019 vum CNP

Um 15. Juni 2020 huet d’Regierung den CES mat zur Säit geholl fir en Avis zum éischte Rapport vun 2019 vum Conseil National de la Productivité, deen am Mäerz 2020 erauskomm ass, ze erstelle. Nom groussherzoglechen Arrêté vum 23. September 2018 aviséiert den CES déi jäerlech Rapporten vum CNP.

Dës Rapporten an Avisen ginn dann weider un déi Europäesch Kommissioun. Den Aarbechtsgrupp, dee vum CNP opgestallt ginn ass, huet den Avis vum CES „Analyse de la productivité, de ses déterminants et de ses résultantes, dans un contexte international“ vum 10. Januar 2018 als Ausgangspunkt geholl, fir doropshin déi verschidde Sujeten auszewielen.

D’Dokument fannt Dir HEI.

Den Impakt zur neier Konventioun zur Franséisch-Lëtzebuerger Duebelbesteierung

Am Kader vun enger Rei un Avisen zur Aarbecht vu Grenzgänger, huet den CES déi rezent Konventioun tëscht der Lëtzebuerger a franséischer Regierung analyséiert, déi virgesäit déi Duebelbesteierung ze vermeiden, d’Steierflucht ze verhënneren an de Steierbedruch beim Akommes an dem Verméigen ofzehalen. Ënnerschriwwe gouf dës Konventioun iwwregens den 20. Mäerz 2018, den Zousaz um 10. Oktober 2019.

Den CES huet dobäi zuelräich Froen zur Applikatioun vun der Konventioun a sengem Avenant, fir franséisch Grenzgänger a Lëtzebuerger Entreprisen, déi si astellen, erausgeschafft. Zil ass et op d’Auswierkungen, virun allem zur praktescher Implementéierung zu Lëtzebuerg an de Kontrollen a Frankräich, opmierksam ze maachen.

Dësen Avis fannt Dir HEI.

Opmaacherbild © James Lee / Unsplash

Ähnlech Sujeten Avis, Berodung, CES, CNP, Conseil Économique et Sociale, Duebelbesteierung, Frankräich, Grenzgänger, Regierung, Steierbedruch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel