Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

BnL: Zougang op digital Ressource duerch Online-Aschreiwung
Neiegkeeten

BnL: Zougang op digital Ressource duerch Online-Aschreiwung

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) mécht elo allen interesséierte Persounen seng digital

Bass du prett fir Black Panther?
Neiegkeeten

Bass du prett fir Black Panther?

All puer Méint begréisst eis en neie Superhelde-Film an de

Palestina kënnegt all d‘Ofkomme mat Israel an den USA
Neiegkeeten

Palestina kënnegt all d‘Ofkomme mat Israel an den USA

Et war ofzegesinn, datt d‘Pläng zur Annexioun vum Jordandall an

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff

D‘Eisebunn an de Nohaltegkeetsministère hunn um Méindeg, mat grousse wieder a vill Pabeier op déi zukünfteg Entwécklung vum Schinneverkéier zu Lëtzebuerg higewise. Eng Entwécklung déi mat net manner wéi 3,8 Milliarden Euro gedroe gëtt.

Weder den demographesche Wandel nach de wirtschaftleche Wuesstem kann engem entgaange sinn. D‘Stroossen sinn eng richteg Plo ginn, et verbréngt geschwënn méi Zäit am Stau wéi doheem bei Fra a Kand. Un a fir sech e gudde Grond fir sech a punkto Transport fir d‘CFL ze entscheeden.

Eng Entscheedung déi engem trotz Stau an anerem Misär trotzdeem net ganz liicht falen dierft. Well och d‘Eisebunn ass esou zimlech um Enn. D‘Kapassitéite sinn ausgereizt, an de Spëtzestonne falen och schonn emol Zich aus an op ee béi enger „IwwerfëllteRamme och nach géint eng Onfall verséchert ass, wëll esou kee bei der CFL bestätegen.

Et wier dann awer net vu Muttwëll sech senger Verantwortung ze stellen. Zemools wou tëscht 2005 an 2015 eleng am Beräich „Persounentransport“ en Zouwuess vu 60% virzeweisen ass. Gutt de Reseau hätt ee vläicht missen ausbauen an och u Material hätt dierfe geduecht ginn. Also muss et elo schnell goen a dofir brauch een e Plang.

Geld ewéi Hee

Strategie a Wäitsiicht, esou gesäit et d‘Direktioun vun der Eisebunn, bei der Presentatioun vun den Zuelen. Dorausser ergëtt sech, datt de Staat fir den Zäitraum 2013 – 2013 net manner wéi 3,8 Milliarden Euro investéiere wëll. An de François Bausch ënnersträicht: „Dat ass es bal dräi mol méi fir am Zäitraum 2003 – 2013“. De Minister huet ebe Vertrauen an d‘CFL.

An dat Geld kënnt och gutt un. D‘Eisebunn ass mat ronn 20 Projeten net am Paus-Menü an et soll esouguer e Gesamtkonzept ginn. Fir den CFL-Direkter Marc Wengler besteet dann och de grondleeënde Problem doranner, datt all Zuch duerch d‘Gare vu Lëtzebuerg rullt. Dat misst sech änneren, dorunner kënnt kee laanscht.

Do sinn dann och zwee ganz grouss Projeten déi och d‘Gare an der Stad sollten entlaaschten. Hei ass dann dat grousst Zil d‘Pendler „ëmzeleeden“. Mam multimodalen Arrêt um Houwald (Zuch-Bus-Tram) fir ronn 4 Milliounen Euro, soll d‘Cloche d‘Or an de Gaasperecher Bann bedéngt ginn. En ähnlechen Arrêt ass am Pafendall vir dann awer 96 Milliounen Euro virgesinn. Vun dësem Arrêt aus soll de Kierchbierg bedéngt ginn, dat iwwer eng Seelbunn.

Alternativen

Fir d‘Stad ze entlaaschten, gëtt et awer nach Alternativen. Méi transversal Linnen an d‘Méiglechkeet déi „laang“ Zich op d‘Arrêten ze bréngen, gehéieren dozou. An hei spillen dann och déi zwee zousätzlech Quaien an der Gare och eng grouss Roll. Zwee Quaie muss ee mat véier Gleiser gläichstellen. Dat alles wäert awer eréischt fir 2019 sinn a bis dohinner 145 Milliounen Euro kascht hunn.

Méi Schinnen, ausgebauten Infrastrukturen, do wier et net verkéiert sech dem ale Material ze entleedegen an no neiem ze kucken. Gutt d‘Motorween vum Typ Z2 sinn derbäi ersat ze ginn, och den Akaf vun neie Ramme leeft. Et sollen déi sinn wou ee schonn um Display ka gesi mat wéi vill Retard een ukënnt. Mee et muss jo besser ginn.

Besser ginn iwwersetzt een bei der CFL mat „29 zousätzlech Motorween fir eng Flotte vun 82 Rammen“. Déi goufen tëscht 2010 an 2017 ugeschaaft a bidden 9.000 Sëtzplazen. An hei soll jo dann och net Schluss sinn, well bis 2025 solle 34 nei Rammen derbäi kommen. D‘Kapassitéit klëmmt esou op 16.000 Sëtzplazen.

Adaptatiounen

Elo ass et dann och richteg, datt am ganze Plang d‘Gare an der Stad dat wuel schwächste Glidd ass. Dofir solle bis 2024 all d‘Gare vum Reseau un déi nei Kapassitéiten ugepasst ginn. Dorënner och déi „kleng“ Garen, wéi Klengbetten (bis 2018).

Och op de Verkéierskniet soll ëm- an ausgebaut ginn. Esou zu Beetebuerg (2020) oder Rodange (bis 2023). Och hei ass d‘Zil an enger éischter Phas d‘Quaien op 250 Meter ze verlängeren. Dat ass néideg vir déi laang Zich opzehuelen.

Hei passt dann och d‘Konzept vun de Opfangparkingen an der Grenzregioun gutt eran. Déi solle beispillsweis zu Waasserbëlleg, Rodange, Ëlwen a Käerjeng entstoen. Dat sinn honnerte Parkplazen déi besonnesch fir d‘Pendler an d‘Grenzgänger attraktiv solle sinn. Attraktiv wäerten se allerdéngs nëmmen da sinn, wann och genuch Plaz am Zuch ass.

Foto: (v.l.n.r.) Jeannot Waringo, President CFL-Verwaltungsrot; Henri Werdel; François Bausch, Infrastrukturminister; Marc Wengler, CFL-Generaldirekter. © MDDI/SIP

Ähnlech Sujeten CFL, Eisebunn, François Bausch, Jeannot Waringo, Marc Wengler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel