Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!
https://moien.lu/dating-a-guy-14-years-older-than-you/

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!

Um 7. Mäerz 1971 huet dem WDR seng Maus d’Liicht

https://moien.lu/climbing-dating-app/
https://moien.lu/dating-a-guy-14-years-older-than-you/

liam mcintyre dating

Vum Handel zum Retour vu Russland an de Club, den

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira
https://moien.lu/dating-a-guy-14-years-older-than-you/

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira

No senger Victoire um Hockenheimring – woufir et leider keng

CFL-Baustellen op der Linn 10 a Linn 60

Zur Allerhellege Vakanz an am Hierscht 2018 gi verschidde Streckenofschnëtter gespaart.

CFL-Baustellen op der Linn 10 a Linn 60

D’Haaptzil vun der CFL besteet doran, dem Client héichwäerteg Déngschtleeschtungen ze bidden. Dofir muss d’Schinnennetz dauernd kontrolléiert, moderniséiert an erweidert ginn. Dësen Hierscht wäerte vill Strecken aus dësem Grond gespaart sinn.

Vu Samschdes, de 27. Oktober bis Sonndes, den 11. November 2018 ass bei der Linn 10 (Lëtzebuerg – Ëlwen – Gouvy) den Ofschnëtt tëschent Ettelbréck an Dikrech gespaart. D’Linn 60 ass vu Samschdes, de 27. Oktober bis Sonndes, de 4. November 2018 tëschent Esch/Uelzecht a Beetebuerg zou.

Verschidden Ersatzmoossname gi getraff a sinn um Site www.cfl.lu ze fannen. An de meeschte Fäll mussen d’Gäscht éischter fueren, fir mat Zäit um Ziel unzekommen. De CFL seet am viraus scho Merci fir d’Verständnes.

Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, déi mam Ersatzbus fuere wëllen, gi gebieden virun der Rees dem CFL per Telefon (Nummer 4990-3737) oder per E-Mail (video-surveillance.zoc@cfl.lu) Bescheed ze soen. Am Inland sollt dat eng Stonn am viraus geschéien, am internationale Verkéier 48 Stonnen am viraus.

Broschüre mat méi Informatiounen zum Ersatzverkéier sinn ab der 43. Kalennerwoch an de Garen ze fannen. Déi digital Versioun wäert vum Site www.cfl.lu ze fanne sinn.

Chantier

Wisou de Chantier?

Traditionell faasst den CFL méi Aarbechten zesummen, fir d’Spärzäiten sou gutt wéi méiglech ze notzen. Am Hierscht a wärend der Allerhellege Vakanz gi grouss Moderniséierungs- an Astandhaalungsmoossnamen op verschiddene Streckenofschnëtter duerchgefouert. Och nuets gëtt geschafft, fir d’Spärzäiten sou geréng wéi méiglech ze halen.

Linn 10 (Lëtzebuerg – Ëlwen – Gouvy)

Wärend der Spärung tëschent Ettelbréck an Dikrech wäert den CFL d’Virbereedungsaarbechte fir de Bau vun der zukünfteger intermodaler Emsteigeplattform op Héicht vun der Ettelbrécker Gare viru féieren. An dësem Kontext ginn och déi elektronesch Stroumversuergungsanlagen um Gleis ewech gemaach wéinst dem provisoresche Quai. Um Streckenofschnëtt ass viru kuerzem eng nei Bréck gebaut ginn, wou d’Stroumversuergungsanlagen un déi nei Gleisféierung a Richtung Dikrech ugepasst ginn.

Linn 60 (Lëtzebuerg – Esch/Uelzecht – Péiteng – Rodange)

Um Ofschnëtt tëschent Esch/Uelzecht a Beetebuerg ginn Optimiéierungsaarbechten duerchgefouert. D’Aarbechten zum Ofbau vun de Quaie PN92 an 91a gi virun. Dofir gëtt den Iwwergang PN92 fir de motoriséierte Verkéier gespaart, bleift awer fir d’Foussgänger zougänglech. D’Kante vum Quai gi verluecht wéinst der Verlängerung vum Quai op den Iwwergang 91 an 91a. Donieft gëtt een neie Kabel- a Leitungskanal geluecht. D’Ariichtung fir d’Stroumversuergung vun den Uewerleitunge ginn erneiert an et gi plazeweis Schutzmauere géint de Kaméidi opgeriicht. Zwou nei Foussgängerbrécken entstinn op der Streck.

All Informatiounen zum Ersatzverkéier

Genau Informatiounen fir déi gespaarte Strecken fënnt een an der Broschür, um Site www.cfl.lu an an der App CFL mobile.

Linn 10: Vu Samschdes, de 27. Oktober bis Sonndes, den 11. November 2018 fueren Ersatzbusser tëschent der Ettelbrécker an Dikrecher Gare. D’Fuerpläng vun dëser Linn ginn tëschent dem 27. Oktober an dem 4. November, sou wéi um Weekend vum 10. an 11. November 2018 geännert.

Chantier

Linn 60: Vu Samschdes, de 27. Oktober bis Sonndes, de 4. November 2018 fueren Ersatzbusser tëschent Esch/Uelzecht a Beetebuerg, déi d’Escher Gare, d’Bushaltestell „Stadhaus“ zu Schëffleng, d’Bushaltestell „Am Duerf“ zu Näerzeng an d’Gare zu Beetebuerg usteieren. Direktbusser fueren tëschent der Lëtzebuerger an der Escher Gare.

Chantier

Ähnlech Sujeten Bus, CFL, Chantier, Schinnenersatzverkéier, Zuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel