Dossier Nawalny: Regierung stäipt Policeasaz
No den erneiten Demonstratiounen a Protester fir d‘Fräiloossung vum russeschen
No den erneiten Demonstratiounen a Protester fir d‘Fräiloossung vum russeschen
Am Kontext vun de Sozialwahlen am Mäerz, hat den OGBL
„Bis haut ginn d‘Landwirt, d‘Wënzer an d‘Gäertner vun der Regierung
Iwwert de Summer kann et op de CFL-Linnen 10, 30 a 60/90 zu erhiefleche Behënnerunge komme well wéinst den Aarbechten un den Infrastrukture, zäitweis Streckenofschnëtter gespaart musse ginn. An alle Fäll gëtt et Sougenannt „Ersatzverkéier-Moossnamen“. Et sollt ee sech awer vläicht eppes méi fréi op de Wee maachen, fir eventuell Verspéidungen ze vermeiden.
D‘Eisebunn faasst verständlecherweis méi dëser Aarbechten zesummen. Dat erlaabt et d‘Späre vu Strecken zäitlech anzegrenzen. An dësem Kontext sinn d‘Vakanzeméint August a September déi bescht Geleeënheet, fir d‘Chantieren zügeg an zäitno – ouni datt allzevill Mënsche vun den Aarbechte behënnert ginn – zum Ofschloss ze bréngen. All d‘Detailer dozou op www.cfl.lu
Betraff sinn d‘Linn 10 (Lëtzebuerg – Ëlwen – Gouvy), d‘Linn 10 (Lëtzebuerg – Waasserbëlleg – Tréier), d‘Linn 60 (Lëtzebuerg – Esch – Péiteng – Rodange) an d‘Linn 90 (Lëtzebuerg -Beetebuerg – Diddenuewen – Metz – Nanzeg). Während de Bauphase sinn d‘Abonnementer CFL/SNCF och fir grenziwwerschreidend RGTR-Linne Gülteg. Dat gëllt hei fir den Ersatzverkéier fir d‘Linn 90.