Search

You may also like

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi
Neiegkeeten

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi

Laut der leschter Ëmfro, steet fest: d‘EU ass esou beléift

Sebastian Fitzek am Athenée – Tëscht Famill a Psychothriller
Neiegkeeten

Sebastian Fitzek am Athenée – Tëscht Famill a Psychothriller

Gëschter Owend duerfte Fitzek-Lieser a Frënn vun der Héngerhaut am

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen
Neiegkeeten

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen

Zanter engen zéng Deeg hunn es d‘Taxichauffere vu Madrid mat

D’CFL-Chantieren fir dat zweet Hallefjoer 2020 sti fest

D’CFL-Chantieren fir dat zweet Hallefjoer 2020 sti fest

Wëll et duerch d’Moossnamen zur Andämmung vun der Pandemie zu diversen Ännerungen an Aschränkunge komm ass, huet d’CFL säi Plang fir d’Bau-, d’Maintenance- a Moderniséierungaarbechten vum Schinnennetz elo nei ausgeschafft. Ab der leschter Juniwoch 2020 fannt Dir all Aarbechten an elektronescher Form op www.cfl.lu.

Folgend Streckenofschnëtter sinn am Juli 2020 gespaart:

  • Linn 10 (Lëtzebuerg – Ëlwen – Gouvy)
    • Tëscht Ettelbréck an Ëlwen:
      Um Weekend vum 4. a 5. Juli 2020
      Vu Samschdes, den 11. Juli bis Sonndes den 26. Juli inclus
    • Tëscht Ettelbréck an Dikrech:
      Um Weekend vum 4. a 5. Juli 2020
      Vu Samschdes, den 11. Juli bis Sonndes den 26. Juli inclus
  • Linn 30 (Lëtzebuerg – Waasserbëlleg – Tréier)
    • Tëscht Éiter an Tréier:
      Um Weekend vum 4. a 5. Juli 2020
      Um Weekend vum 11. an 12. Juli 2020
  • Linn 50 (Lëtzebuerg – Klengbetten – Arel)
    • Tëscht Lëtzebuerg an Arel:
      Vu Samschdes, den 11. Juli bis Sonndes, den 26. Juli 2020 inclus
      Vu Freides, den 31. Juli ab 22:00 Auer) bis Sonndes, den 2. August inclus
  • Linn 70 (Lëtzebuerg – Péiteng – Rodange – Attem – Lonkech)
    • Tëscht Lëtzebuerg an Hollerech:
      Vu Freides, den 31. Juli (ab 22:00 Auer) bis Sonndes, den 2. August inclus

Fir en héichwäertege Service ubidden ze kënnen muss d’CFL d’Schinnenetz fleegen, moderniséieren an erweideren. Eng temporär Spärung ass noutwenneg, fir datt d’Aarbechte schnell viru ginn. Et ass ee sech bewosst, wat d’Konsequenze sinn, wouduerch ee versicht Zäiten auszewielen, wou manner Betrib ass (beispillsweis an de Schoulvakanzen, Weekends oder Nuets).

Wärend den Aarbechte gëtt e Schinnenersatzverkéier ageriicht. D’CFL recommandéiert de Clienten awer, hiren Trajet léiwer méi fréi unzetrieden, fir Verspéidungen ze vermeiden. E kompletten iwwerbléckt iwwert d’Chantieren an d’Aarbechten vu Juli bis Dezember 2020 fannt HEI, an der Broschür op www.cfl.lu, sou wéi an de Garen.

D’CFL seet senge Clienten am viraus Merci fir hiert Verständnis an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten. Bei weidere Froen hëlleft d’Personal gäre weider.

Opmaacherbild: © CFL / Facebook

Related topics Aarbechten, CFL, Chantier, Ëffentlechen Transport, Gare, Informatioun, Moderniséierung, Zuch
Next post Previous post