Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Stress mam Busverkéier um Kierchbierg soll manner ginn
Stories

De Stress mam Busverkéier um Kierchbierg soll manner ginn

Wéi et aus dem Nohaltegkeetsministère heescht, ass ee sech de

D‘Stad Lëtzebuerg ass mam Hygiènesdéngscht méi wéi nëmmen zefridden
Stories

D‘Stad Lëtzebuerg ass mam Hygiènesdéngscht méi wéi nëmmen zefridden

Lëtzebuerg ass eng Propper Stad, an datt een dat esou

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet
Stories

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet

Et war spéit gi gëschter um Krautmaart a schold dorunner

CFL Jubiläum: 10. Dag vun der Gesondheet an der Sécherheet

CFL Jubiläum: 10. Dag vun der Gesondheet an der Sécherheet

Ënnert dem Motto „Sécherheet Liewen“ hat de Grupp CFL, am Kader vu senger Strategie, wou eng vun de fënnef Stäipen sech op d‘Sécherheet fundéiert, de leschte Mëttwoch säin 10. Dag vun der Gesondheet an der Sécherheet organiséiert.

An et ass dann och richteg, datt d‘Sécherheet am Grupp CFL mat engem vun de wichtegsten Atouten duerstellt. D‘Kultur vun der Entreprise ass carrement ronderëm dëse Sujet opgebaut, wourauser sech ergëtt, datt all d‘Servicer vum Grupp, permanent op héchstem Sécherheetsniveau begleet ginn. Et versteet sech dann och, datt dësen Dag alle Salariéeë vum Grupp dediéiert ass.

Gesondheet

Sécherheet, datt ass eppes dat gëllt och um Wee fir op d‘Aarbecht, oder um Heemwee. A wann et emol sollt „passéieren“ kann et kee Feeler sinn ze wësse wéi ee reagéiere soll oder muss. © Martine de Lagardère/moien.lu

Den Dag vun der Gesondheet an der Sécherheet gëtt dann och vun de Mataarbechter gutt ugeholl. D‘Hall an deene soss d‘Busser ënnerbruecht sinn, war mat 13 Informatiounsstänn an enge 15 Atelieren ausstafféiert ginn. Alles war gutt besicht, den Interessi un der Offer entspriechend grouss.

An dat mannst wat ee ka soen, weder op den Informatiounsstänn nach an den Atelieren haten déi Verantwortlech Langweil. Vu Moies 8 Auer bis an de spéiden Nomëtteg hunn sech honnerte vu CFL-Mataarbechter informéiert, interagéiert an sech bei engem gudde Maufel ausgetosch. De Sënn an den Zweck heivunner: d‘Motivatioun, d‘Wuelgefill an d‘Gesondheet vun de Leit ze erhalen.

Gesondheet

Et ass war e gudden Dag fir sech ënnert de verschiddene Servicer kennenzeléieren an auszetauschen © Martine de Lagardère/moien.lu

Dat et gelongen ass, dovunner konnte mir eis op der Plaz iwwerzeegen. Et huet och vill interessant Rieden an Interventioune säitens der Direktioun, a politesche Vertrieder ginn, woubäi zu dësem Ament déi meescht Leit sech scho méi op der „Gebuertsdagskuch“ gefreet hunn.

Wéi och ëmmer, et war op neits een vun dësen Deeg, wou engem ersiichtlech gëtt, datt d‘Eisebunn e gudde Patron ass. Et gëtt sech wuel och emol mat der Direktioun gestridden, wat an éischter Linn der Privatisatioun geschëlt ass, an och vläicht der Tatsaach, datt deen een oder aneren net méi weess wou en hir kënnt. Mee dat huet um Mëttwoch keng Roll gespillt, an esou war d‘Ambiance gutt.

Gesondheet

Eng Dampmaschinn… esou no kommen och d‘Mataarbechter vum Grupp CFL seelen drun. A fir esou e flotten a wichtegen Dag déi dee vun der Gesondheet an der Sécherheet, ass et net verkéiert och en Hauch Nostalgie op de Schinne lafen ze loossen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ofschléissend dierf een dann nach drop hiweisen, datt wann am Grupp CFL d‘Gesondheet an d‘Sécherheet vun de Mataarbechter ganz grouss geschriwwe gëtt, esou gëllt dat selbstverständlech och vir déi Dausende Passagéier déi all Dag, mam Zuch am mam Bus befërdert ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CFL, Eisebunn, Gesondheet, Sécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel