D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!
Fir de Mount vum Mee baut Netflix säi Film-Ugebuet mat
Fir de Mount vum Mee baut Netflix säi Film-Ugebuet mat
Gëschter ass doheem eng Welt zesummegebrach: Eist Meedchen huet eis
Et ka kengem entgaange sinn: bei der CFL gëtt massiv geschafft, kaum en Eck op deem et kee Schantje gëtt. Déi sëlleche Moderniséierungsaarbechte sinn allerdéngs noutwenneg an deels längst iwwerfälleg. Dat bréngt onweigerlech déi eng oder aner „Stéierung“ mat sech.
Kontinuéierlech këmmert sech d‘Eisebunn ëm säi Schinnenetz, moderniséiert a erweidert déi bestoend Infrastruktur. Déi zäitweileg Spärung vu bestëmmte Streckenofschnëtter ass erfuerderlech, fir en zügegen a sécheren Oflaf vun dësen Aarbechte sécherzestellen. D‘CFL ass sech natierlech bewosst, wéi en Impakt d‘Behënnerunge fir hir Clienten huet, an ass beméit dëse kleng ze halen.
Esou gëtt, an der Mooss vum Méiglechen, ëmmer versicht d‘Aarbechten an deenen Zäiten duerchzeféieren, wou d‘Verkéiersopkommes am geréngsten ass. Dat sinn d‘Weekender an d‘Schoulvakanzen. Hei sollten d‘Voyageure vun de Behënnerungen am mannste geplot sinn.
Während verschiddene Phasen, muss d‘CFL dëst Joer d‘Linnen: 10 (Lëtzebuerg – Ëlwen – Gouvy); 30 (Lëtzebuerg – Waasserbëlleg – Tréier); 60 (Lëtzebuerg – Esch-Uelzecht – Rodange); 70 (Lëtzebuerg – Péiteng – Rodange – Lonkech) an 90 (Lëtzebuerg – Beetebuerg – Diddenuewen) fir eng oder méi Woche spären. Hei ginn d‘Voyageure besonnesch gebueden, informéiert ze bleiwen.
Zu ënnerschiddlechen Zäite gi vereenzelt Aarbechten op dëse Linnen (wéi och op der Linn 50: Lëtzebuerg – Klengbetten – Arel) iwwert de Weekend duerchgefouert. Déi ginn dann och ëmmer an der Nuecht vu Sonndeg op Méindes ofgeschloss. Fir dës Zäiten ass e Schinnenersatzverkéier (Bus) virgesinn. Detailer am Fall vu längere Bauphasen, ginn Zäitno verëffentlecht.
Et ass een allerdéngs gutt beroden, wann een net well „iwwerrascht ginn“, sech eppes méi mat Zäiten op senger Gar anzefannen, fir e méigleche Retard ze vermeiden. Ab dem Méindeg 14. Januar ginn déi aktuell Brochuren zu de CFL-Chantieren an de Garen am Land ausgeluecht. Hei si gutt a nëtzlech Informatiounen enthalen, déi et dem Client erlaaben, sech op all Eventualitéit anzestellen.
Eng éischt Iwwersiicht kënne mir iech hei ubidden: op däitsch – op franséisch fir den Detail kann een nëmmen empfeelen sech eng Brochure ze kropen…