Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu Gott an der Welt vergiess?
Neiegkeeten

Vu Gott an der Welt vergiess?

Tschetschenien, dat héiert sech un wéi wann et wäit genuch

USA: Wirtschaftssanktioune versus Awanderung
Neiegkeeten

USA: Wirtschaftssanktioune versus Awanderung

Datt den Donald Trump seng Mauer un der Grenz zu

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs
Neiegkeeten

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs

Fir déi 14. Ausgab vum „Relais fir d‘Liewen“ haten sech

CFL huet en neie Fuerplang fir 2020

CFL huet en neie Fuerplang fir 2020

Um Zweete Weekend am Dezember ännert sech traditiounsgeméiss d‘Fuerpläng vun der Eisebunn an den iwwregen europäesche Verkéiersbetriber. An dësem Joer trieden déi nei Upassungen zum Joresofschloss a fir 2020 de 15. Dezember a Kraaft. Der CFL ass dru geleeë, mat dësem Fuerplang de Service um Client ze verbesseren.

Déi wichtegst Ännerungen

Inland a grenziwwerschreidend Linnen

Den Ausbau vun der Gar Lëtzebuerg

Op der Gar zu Lëtzebuerg gëtt d‘Gleis 11 mam Quai 5 zäitgläich mam neie Fuerplang a Betrib geholl. De Bau vun dësem Quai ass Deel vum Projet vum Ausbau vun der Gar Lëtzebuerg (zwee nei Quaien an véier Gleiser) déi zur Entlaaschtung vun der Gar an der Entflechtung vun de Linne bäidroe wäert. D‘Gleis 10 soll dann och nees a Betrib geholl ginn.

Ab dem 15. Dezember gëtt dann och déi nei provisoresch Foussgängerpasserell erëffent, déi den neie Quai 5 mam Contournement vu Bouneweg verbënnt. Den Zougank zum Quai 5 ass och iwwert déi eegens zu dësem Zweck verlängert Ënnerféierungen „Süd a Nord“ méiglech. Dëse Projet, deen 2024/25 komplett fäerdeggestallt soll sinn soll laangfristeg derzou bäidroen datt et besser gëtt.

Linn10: Lëtzebuerg – Ëlwen – Gouvy

D‘Fuerzäiten op der Linn 10 – Streckenofschnëtt tëscht Kautebaach a Wolz – ginn ab 14 Auer ëm 15 Minutte verluecht, datt vu Méindes bis Freides. Domatter soll de Clienten erméiglecht ginn den Uschloss besser ze erreechen.

Eng duerchgebonne Linn 10/60 entsteet tëscht Péiteng – Esch Uelzecht – Dummeldeng. Dat kënnt besonnesch der verstäerkter Ubannung un den Arrêt „Pafendall-Kierchbierg“ zerguttst. Hei hält vu Méindes bis Samschdes pro Stonn ee Zuch méi. Alles an allem ginn esou vu Méindes bis Freides fënnef Zich pro Stonn a Richtung den Arrêt ufueren. Samschdes gëtt där Zich véier a Sonndes gëtt et der Moies zwee an Nomëttes dräi. Zu de Stousszäite bleift d‘Offer wéi se ass, dofir kommen an de méi rouegen Zäiten een Zuch/Stonn derbäi.

Dat wierkt sech op den Trafic vun der duerchgebonnener Linn 10/70 (Lonkech – Dummeldeng) aus déi den Ament den Arrêt „Pafendall-Kierchbierg“ an de Stousszäite vu Méindeg bis Freides ufueren aus. Hei ginn d‘Zich Lonkech – Lëtzebuerg eppes ageschränkt.

Linn 30: Lëtzebuerg – Waasserbëlleg – Tréier

Zousätzlech zu der Ubannung per Regionalexpress gëtt de Clienten elo eng nei Direktverbindung tëscht Lëtzebuerg a Wittlich (via Tréier) ugebueden. Op de folgende Garen an Arrêten gëtt emol d‘Stonn a pro Faartrichtung de Service ugebueden:

Lëtzebuerg, Cents-Hamm, Sandweiler-Contern, Éiter, Mënsbech, Roodt, Betzder, Wecker, Manternach, Waasserbëlleg, Igel, Kräiz-Konz, Tréier-Süd, Tréier Hauptbahnhof, Pfalzel, Ehrang, Ehrang-Ort, Quint, Schweich, Föhren, Hetzerath, Sehlem, Salmtal a Wittlich Hauptbahnhof.

Mëttels dëser Offer gëtt d‘Ubannung vun allen Arrêten däitlech verbessert. Déi gi mindestens zwee mol d‘Stonn vu Méindes bis Samschdes ugefuer. Wéinst dëser Offer kënnen d‘Regionalbunnen aus Richtung Waasserbëlleg net méi bis Péiteng (an ëmgedréint) duerchfueren.

Laangfristeg sollen déi Zich fir Wittlich net iwwer d‘Gar zu Tréier fueren, mee déi nees aktivéiert Weststreck notzen. Ab Hiecht 2024 ginn d‘Arrêten am Oste vun Tréier ugefuer: Zewen, Euren, Tréier-West, Pallien an Tréier Hafenstrasse.

Linn 90: Lëtzebuerg – Nanzeg (Loutrenger-Spur)

Bis eis franséisch Noperen hir Zich mat ETCS kréie wäert et wuel nach e Strapp daueren, wat bedeit, datt déi Passagéier déi d‘Zich vun der SNCF notzen, bis Abrëll 2020 zu Diddenuewen ëmsteige mussen.

International Linnen

Den TGV 9877, deen 2019 op Montpellier gefuer ass, soll elo nees d‘Gar vu Marseille ufueren. Pro Dag gëtt et dann en Aller-Retour Lëtzebuerg – Marseille an een Lëtzebuerg-Montpellier. Am vergaangene Joer hat wéinst organisatoresche Grënn bei der SNCF zwee Aller a Richtung Marseille a Montpellier ginn, mee et gouf ëmmer nëmmen ee Retour vun dëse Garen. Ze notéieren datt den TGV 9896 statt Owes um 17.35 Auer, dann eréischt um 23.49 Auer ukënnt.

D‘Chantiere vun 2020

Wéi all Joer wäert d‘CFL och 2020 déi betribsaarm Zäitraim notzen, fir ëmfangräich Aarbechten un den Infrastrukture virzehuelen. Dës Aarbechten déngen der Moderniséierung an der Instandhaltung vum Schinnennetz. 2020 kënnt op folgende Strecken zu Spärungen:

Iwwer Ouschteren (4-19. Abrëll 2020): Linn 10 um Ofschnëtt Ettelbréck – Ëlwen; Linn 30 um Streckenofschnëtt Wecker – Tréier. Päischtvakanz (1-7. Juni 2020): Linn 60 um Streckenofschnëtt Esch Uelzecht – Rodange. Summervakanz: (11-26. Juli 2020) Linn 50 Streckenofschnëtt Lëtzebuerg – Arel; (15. August bis 9. September 2020) Linn 10 Streckenofschnëtt Ettelbréck – Dikrech; (22. August bis 9. September 2020) Linn 10 Streckenofschnëtt Lëtzebuerg – Ettelbréck; (10-13. September 2020) Linn 10 Streckenofschnëtt Lëtzebuerg – Ëlwen. Allerhellgen (31. Oktober bis 8 . November 2020): Linn 50 um Streckenofschnëtt Lëtzebuerg – Arel; Linn 60 um Streckenofschnëtt Esch Uelzecht – Rodange.

Natierlech hält d‘CFL seng Clienten ëmmer nees mat punktuellen Hiweiser um Courant.

Matgedeelt vun der CFL, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten CFL, CFL Chantiere, Fuerplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel