Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

21 Méint Prisong fir e Geschäftsmann vu Christchurch
i'm 24 and dating a 45 year old man

21 Méint Prisong fir e Geschäftsmann vu Christchurch

De Brendon Tarrant, dee Mëtt Mee zu Christchurch an zwou

online dating killed my self esteem
i'm 24 and dating a 45 year old man

dating in bangalore marathahalli

D’Tower Bridge ass eent vun den Top-Sehenswierdegkeeten an der britescher

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach
i'm 24 and dating a 45 year old man

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach

Mat der Dauerausstellung „The Luxembourg Story“ ass den fréieren Geschichtsmusée

CFL: Op de Schinne gëtt iwwer Päischte geschafft

CFL: Op de Schinne gëtt iwwer Päischte geschafft

Wa keen Zweiwel dorunner besteet, datt d‘CFL beméit ass senge Clienten de beschtméigleche Service unzebidden, esou mussen och um Reseau dréngend noutwenneg Aarbechte gemaach ginn. A géint eng Modern Eisebunn kann och keen eppes hunn.

Iwwer Päischte geet et mat der Moderniséierung weider, wat hei an do zu Problemer ka féieren. An der Woch vun der Päischtvakanz (19. bis 27. Mee), sinn dann och nees Chantieren op dräi Strecken ageplangt ginn. Betraff sinn d‘Linnen: 10 (Lëtzebuerg – Ëlwen – Gouvy) 30 (Lëtzebuerg – Waasserbëlleg – Tréier) an 60 (Lëtzebuerg – Esch-Uelzecht – Péiteng).

Fir datt awer jiddereen och dohinner kënnt wou hien hiwëllt, sinn entspriechend Moossnamen ergraff ginn. Wou den Zuch net fiert, gi Busser agesat. De ganzen Detail heizou gëtt et op CFL.lu. Oder op der APP. Mir ginn iech dann hei awer e kuerzen Iwwerbléck:

Linn 10 Lëtzebuerg – Ëlwen – Gouvy:

Vum Dënschdeg 22. Mee bis Freiden den 25. Mee, gëtt et tëscht de Garen Ettelbréck an Ëlwen e Schinnenersatzverkéier (Bus) vu 09:15 bis 15:30 Auer. Tëscht Lëtzebuerg an Dummeldeng zirkuléiere Samschdes an Sonndes keng Zich.

Linn 30 Lëtzebuerg – Waasserbëlleg – Tréier:

Den 19. an 20. Mee ginn all „Regional-Express“ Zich iwwer Alzeng – Syr ëmgeleet. Busser zirkuléieren tëscht de Garë Lëtzebuerg a Sandweiler. D‘Verbindung tëscht Lëtzebuerg an Cents-Hamm gëtt vum städtesche Bus Linn 29 assuréiert.

Linn 60 Lëtzebuerg – Esch-Uelzecht – Péiteng:

Hei ass d‘Streck vum Dënschdeg 22. bis de Samschdeg 26. Mee tëscht Esch-Uelzecht a Rodange gespaart. Den Transport vun de Passagéier gëtt vu Busser iwwerholl.

Ähnlech Sujeten CFL, Chantieren, Päischten, Schinnenersatzverkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel