Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenyatta Leader vun onduerchsichtege Walen am Kenia
Neiegkeeten

Kenyatta Leader vun onduerchsichtege Walen am Kenia

Obwuel d‘Resultater nach provisoresch sinn, huet um Mëttwoch d‘Oppositioun am

Editorial: Wann de Josh Madden sech fir den Trump hält
Neiegkeeten

Editorial: Wann de Josh Madden sech fir den Trump hält

Datt den amerikanesche President sech fir dat Gréisst vun der

Spärung vum Tunnel Markusbierg wéinst Testzeenarien (25.10.2020)
Neiegkeeten

Spärung vum Tunnel Markusbierg wéinst Testzeenarien (25.10.2020)

D’Stroossebauverwaltung an de CGDIS, a Kollaboratioun mat der ITM an

CFL: Et sinn bis ewell manner Zich ausgefall wéi nach 2017

CFL: Et sinn bis ewell manner Zich ausgefall wéi nach 2017

Den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) huet e Mëttwoch op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Max Hahn an André Bauler (DP) geäntwert, déi sech op d‘Pünktlechkeet vun den CFL-Zich bezunn huet. Aus senger Äntwert geet ervir, datt et „besser ginn ass“ och wann eng Streck nach zolidd Problemer huet.

A senger Äntwert stellt de François Bausch fest, datt säit Ufank Joer 3,2% vun den Zich annuléiert goufen, wat eng Verbesserung géintiwwer dem gläichen Zäitraum 2017 ass. Hie bedauert hei allerdéngs, datt op der Linn 90 (Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz) d‘Situatioun „ongemittlech“ ass. Hei läit den Ausfall an de Spëtzestonne bei 11,1% (Mueres) an 11,2% (Owes).

Den Impakt vum franséischen Eisebunnerstreik sech a Moosse gehalen huet. Allerdéngs suergt dës Linn 90 säit elo gutt 18 Méint fir zimlecht Kappzerbrieches. Hei „verschwënnt“ reegelméisseg ee vun zéng Zich, an oft ginn och Haltestellen „iwwersprongen“. Bei enger Auslaaschtung vun 100 %, wann et dann emol gutt leeft, sollt e mengen, datt eng zäitno Léisung misst fonnt ginn.

Net an de Statistiken

Interessant d‘Bemierkung, datt déi Zich déi annuléiert ginn, sech net an de Statistiken erëmfanne loossen, déi sech de Verspéidungen unhuelen. Net verkéiert u sech, well en Zuch deen net fiert, kann och kee Retard hunn. Dat bedeit dann awer, datt nieft den Annulatiounen, och d‘Retarde fir Problemer suergen. Schold dorunner sinn ënnerschiddlech Ëmstänn, déi openaner treffen.

D‘Organisatioun vum Schinneverkéier ronderëm d‘Gar Lëtzebuerg (eist Schinnenetz ass Stärefërmeg ugeluecht N.v.d.R.) mat sengem grenziwwerschreidende Verkéier an d‘Proximitéit zum Wuereverkéier, mécht dat ganzt net méi einfach. Mat ronn 1.000 Zich den Dag, ass an de Spëtzestonnen eise Reseau vir bäi an hanne widder. Dat mannst wat do geschitt, féiert zu Problemer.

Den Infrastrukturminister erënnert dann och nach drun, datt e sëllechen Aarbechten um Reseau realiséiert ginn (vun deenen der eng Partie ofgeschloss sinn) mat deenen de Reseau nei gestalt soll ginn, fir d‘Gar Lëtzebuerg ze entlaaschten. Eng Modernisatioun, fir déi sech d‘Regierung ëmmerhin 3,8 Milliarden Euro an de pluriannuelle Budget (2013/2023) agesat huet.

Ähnlech Sujeten André Bauler, CFL, François Bausch, Max Hahn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel