Search

You may also like

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn

Gëschter hunn d‘Salariéeën hir Personaldelegéiert an d‘Vertrieder fir Salariatskummer gewielt,

D‘Blanche vu Battin… der Traditioun verflicht
Neiegkeeten

D‘Blanche vu Battin… der Traditioun verflicht

Battin, déi fréier Escher Brauerei, ass 2005 vun der Brasserie

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!
Neiegkeeten

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!

Wien kennt schonn net déi legendär Beachparty am Préizerdaul oder

CFL multimodal: Bettel a Bausch bei de Containeren

CFL multimodal: Bettel a Bausch bei de Containeren

CFL multimodal an CFL cargo zu Diddeleng-Beetebuerg sinn am Beräich vun der Logistik, souwéi dem nationalen an internationalen Transport vu Wueren iwwert d’Schinnen- an/oder d’Stroossennetz en essentiellen Acteur. Och wärend an nom Lockdown konnten divers Länner iwwert dëse Site mat Material beliwwert ginn. Aus dësem Grond wollten och de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an de Vize-Premier François Bausch sech de Service mol méi genee ukucken.

Nodeems d’Ministeren de Site presentéiert kruten, hu si d’Membere vum Verwaltungsrot, der Direktioun an déi Responsabel vun der Logistik kennegeléiert. Uschléissend stoung en Tour mam Bus laanscht déi verschidden Terminals um Programm. Besonnesch un der Situatioun wärend an nom Lockdown war de Xavier Bettel interesséiert an huet allen Acteur fir hiren immensen Engagement an dëse Krisenzäite Merci gesot.

Nieft enger Demonstratioun vum Belueden, duerften d’Éieregäscht de Centre Routiers Sécurisé (CRS), deen eigentlech just de Chauffeure vu Camionen vun Eurohub Sud virbehalen ass, besichen. Bei de faarwege Lëtzebuerger Containeren vun Noah’s Train gouf d’Visitt mat enger Gruppefoto ofgeschloss.

Eng exzellent Verbindung och ouni Küst

Un d’Situatioun, datt Lëtzebuerg keng Küst huet, konnt CFL multimodal an d’Schwëstergesellschaft sech exzellent upassen. De Groussherzogtum an d’Groussregioun ginn iwwert d’Strooss an d’Gleiser mam Rescht vun Europa verbonnen. Duerch déi professionell Kombinatioun aus Infrastruktur, Servicer, Technologie, Equipement a Sécherheet gëtt eng exzellent Verbindung zu wichtegen Häfen an ekonomeschen Zentren an Europa gebueden.

Esou huet een ënnert anerem Accès op de franséischen, italieneschen, tierkesche, spueneschen, däitschen, osteuropäeschen, briteschen a skandinavesche Maart oder och Zougang zu Häfen wéi Antwerpen, Zeebrugge, Kiel, Barcelona an Triest. Mam Hafen zu Mäertert besteet och eng Verbindung iwwert d’Musel op de Rhäin.

CFL multimodal huet 12 Filialen a 6 Länner verdeelt. Zesumme mat CFL cargo gëtt eng breet Offer un Transport- a Logistikservicer, déi un de jeeweilege Client ugepasst sinn, gebueden: Vum kombinéierten oder konventionellen Transport iwwert d’Schinnen an/oder d’Strooss, hin zur Maintenance vun de Waggonen oder och zur Tëschelagerung.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) éischt Rei: Anne Weiland, Aurore Lorber, Barbara Chevalier, Jeannot Waringo, Xavier Bettel, Marc Wengler, François Bausch – 2 Rei: Luc Feller, Daniel Feyder, Paul Kronenberger, Delphine L’Haridon, Jeannot Poeker, Félicie Weycker, Fraenz Benoy, Laurence Zenner, Dany Frank © Staatsministère

Related topics Beluedung, CFL Cargo, CFL Multimodal, Containeren, Francois Bausch, Logistik, Material, Premier, Tëschelagerung, Xavier Bettel
Next post Previous post