CFL: Nei Fuerpläng fir 2019
Wéi all Joer ännert sech de Fuerplang vun den CFL-Zich ab dem zweete Weekend vum Dezember, sou wéi dat och bei allen aneren europäeschen Eisebunnsentreprisen de Fall ass. An dësem Joer ass den Zäitplang vergaangene Sonndeg um Mëtternuecht a Kraaft getrueden.
Am Allgemenge beschränken sech d’Ännerunge vum CFL-Zäitplang fir 2019 op ganz wéineg Upassungen. Fir individuell Informatioune vun de Fuerpläng pro Linn recommandéiert de Grupp CFL senge Clienten, op de Site www.cfl.lu oder op déi mobil App vun der CFL ze goen. Donieft kann een och per Telefon um Nummer 2489-2489 (CFL CallCenter) genau Informatioune kréien.